1ten Dag

Di deeglech Gedanken an Zäiten vum Virus.  Geeschter Owend si mer an onser aler bekannte Welt schlofe gaangen an sinn de Mueren an enger ganz anerer, onbekannter Welt erwächt.Alles wat bis gëschter um 24.Auer gegollten huet, gelt haut net méi.Et klengt wie e schlechte Witz, mee et ass leider batter Realitéit.Mir, genee wéi déi aner Populatiounen vun onse Nopeschlänner, si vun…

Dag 2

Den Dag 1 vun der ganzer Aktioun ass nach eenegermoossen normal ofgelaf. Ech war an d´Geschäfter, op Feitz. Do ass alles ganz normal ofgelaf. Et waren net méi Regaler eidel wéi soss. D´Läit hunn sech alleguerten ganz normal beholl, keen Ausdrock vu Panik. Duerno sinn ech nach op Grouss Hetteng a Frankräich gefuer. Keng Kontroll un der Grenz, näischt, Am…

3ten Dag

Mir sinn elo vun 91 op 140 Fäll eropgaangen. De Mëtteg huet de Bettel de Krisemodus ausgeruff. Dat heescht d´Regierung kann elo ouni all Kontroll Moossnamen ergräifen déi fir wichteg gehale ginn.Elo gëtt dat also ëmgesat dat bei der Terrorismusbekämpfung op d´Been gestalt gouf.Och d´Arméi gëtt elo an déi ganz Saach mat abezunn.Mir rëtschen also elo mat hëllef vum Virus an en totalitäre Staat eran.  Eng…

4ten Dag

Et gesäit esou aus wéi wann se géifen drun denken fir och den Internet ze kappen. Et gëtt schonn doriwwer geschwat, dass de Moment fir d´Netz nach keng Problemer do wieren. Trotzdeem wier d´Netz ganz staark belaascht. De nächste Schrëtt ass méi wéi sécher dass den Internet ofgeschalt gëtt. Esou wéi keng sozial Kontakter an der Realitéit méi solle stattfannen, sollen dann och héchstwarscheinlech ënnert der Deckung vum Virus…

5. Dag

Et ass ze mierken ,dass an der Berichterstattung ,bei RTL, mat falschen Zuele geschafft gëtt. Déi éischte Kéier ass et mer gëschter opgefall. Héi si bei deenen neisten Infektiounsfäll 430 Persoune beziffert ginn. 4 Läit hätten de Virus net iwwerlièwt. Wéi sech herno erausgestallt huet, alles Läit deelweis iwwer 90 Joer, déi aner alleguerten weit iwwer 80 Joer. Beemol gouf vun den Infektiounsfäll geschwat…

7ten Dag

D´Saach fänkt sech un lous a lous ofzeflaachen. Panik gëtt weider verbreet, an virun allem gëtt drop geuecht, dass nëmme keng Läit können zesummekommen an sech esou könnten austauschen. Ausser iwwer Internet an Telephon, an déi Mëttelen gi vun hinne kontrolléiert. Et ass jo Ausnamezoustand, an dat ass alles nëmmen zum Gudden vun de Läit. Och nach en anere Phänomen ass ze…

8ten Dag

Am allgemengen dat selwecht Gelaber wéi déi Deeg virdrun. Just am Owend hu mer „Hart aber Fair gekuckt“.Do waren dann erëm Wëssenschaftler, Politiker an dann och eng Infirmière um Plateau. Dat wat do erauskoum bestätegt dat wat ech gesot hunn.  Et leeft alles no Computermodeller of. De Wëssenschaftler, e Virolog huet mussen zouginn, dass se do vu Saachen géife schwätzen vun…

9ten Dag

Ech hunn elo grad d´Informatioun vum Staatslaboratoire kritt dass hei am Land alljoers teschend 90 an 120 Persounen un der normaler Gripp stierwen. Ausserdeem huet de Mann vum Laboratoire gesot dat dee Virus an Italien e ganz aneren ass wéi deen hei zu Lëtzebuerg. Do sinn also e puer Virestämm doruechter geséit ginn. Et kann een d´Entwécklung an Italien also net…

10ten Dag

Nei Mesuren vun der Regierung. 9 Milliarden Euro ginn fir d´Ënnerstëtzung fir d´Wirtschaft agesat.D´Zuelen sinn: 15.000 Betriber mat méi wéi 100.000 Salariée. 20.000 Froen fir Congé familial ginn erward.Fir déi kleng Firmaen gin et direkt 5000 Euro. Et gouf nach eng Kéier drop higewisen dass d´Läit sech sollen un d´Reegelen halen. Dreeungen wéi mer se bis elo héieren hunn, blouwen haut aus.…

11ten Dag

Am ganzen huet Hysterie um Radio nogelooss.Et sollten e puer Pressekonferenzen sinn, déi awer net komm sinn. Am Lëtzebuerger Wort stoung en groussen Artikel vun engem Philosoph Slavoj Zizek. An deem Artikel könt de Mann op de gläiche Schluss wéi ech, dass dat ganzt héichgespillt gëtt an dass mat falschen Zuelen operéiert gëtt.Dass iwwerhaapt keng Grondlag do wier fir déi entspriechend drastesch Moossnamen ,…