10ten Dag

Nei Mesuren vun der Regierung.

9 Milliarden Euro ginn fir d´Ënnerstëtzung fir d´Wirtschaft agesat.D´Zuelen sinn: 15.000 Betriber mat méi wéi 100.000 Salariée. 20.000 Froen fir Congé familial ginn erward.Fir déi kleng Firmaen gin et direkt 5000 Euro.

Et gouf nach eng Kéier drop higewisen dass d´Läit sech sollen un d´Reegelen halen. Dreeungen wéi mer se bis elo héieren hunn, blouwen haut aus.

Aussoen vum Paulette Lenert:

143 Hospitalisatiounen.Keng zousätzlech Stierffäll.Si fänken lous a lous un vun hirem strikte Kurs ofzegoen. Hu verschidden Aktiounen vun de läschten Deeg relativéiert. Dat heescht -dass scho kräftege Widderstand geleescht ginn ass. De Widderstand géint verschidde Moossnahmen ass also schonn amgaang. 

Et gouf  och extra ernimmt , dass duerch déi héich Testzuelen déi een hei géif maachen och méi Infizéierter géife festgestallt  ginn.  Et ass drop higewise ginn dass ons Regierung sech strikt un Virgaben vun der EU hält. Et fänkt een schonn un an Deckung ze goen.

Et ginn sech also schonn iwwerall Froe no der Rechtméissegkeet vun all dëse Moossnamen gestallt.

Mir hätten eng héich Zuel un Infizéierter well bei ons anescht géif gerechent ginn wéi am Ausland. Et stellt sech  eraus dass hei Läit mat dobäigerechent ginn wou guer keng Covid Erkrankung festgestallt gouf.Et gëtt also getrickst.

Et ass also och schonn drop opmierksam gemaach ginn dass mir- dat Land mat deenen héchsten infizéierten Zuelen vun der ganzer Welt sinn.

No den Aussoen vum X. Bettel a P. Lenert geet erfir dass se schons kräftegen Drock kritt hunn, dass d´Mehrwertsteier net un d´Betriber zeréckbezuelt géif ginn.

Dat soll elo, no hiren Aussoen, ganz séier goen. Wéi dat funktionéiert dat wësse mir jo aus Erfahrung.

Mir hätten elo 1333 Infizéierter.

Et ass ausser mir also och schonn anere Läit opgefall dass do verschidde Saachen net mat richtegen Dénger zouginn. Elo ass et well mir einfach am meeschten Tester maachen. Anscheinend dann déi meescht vun der ganzer Welt. Et geet elo och net méi iwwer vulnerabelt Vollek, mee iwwer ufälleg Persounen rièts.

Gramegna: D´Kris gëtt ewell Wirtschaftskris genannt.

Konkurrenzregelen vun der EU Kommissioun ginn net méi applizéiert.Vill Gebraddels, mee bis zum Moment net vill Handfestes. De Chaumage partielle beleeft sech fir zwee Méint op 1,7 Milliarden. Déi de Staat iwwerhëlt.

Bei Nofroen vu Journalisten stellt sech ganz séier eraus dass se mat de Milliarden nëmmen esou ronderëm sech werfen. Do gëtt groussspuereg vun engem Pack vun 9 Milliarde geschwat deen si der Wirtschaft géifen zur Verfügung stellen. De Journalist huet dunn gemengt, dass do jo awer ganz vill Garantien dobäi wären, wou si d´Geld gour net bräichten auszeginn.Ausserdeem géif jo de Gros vum Geld nëmme virgestreckt a géif herno erëm zeréckbezuelt ginn.Aner Steieren géifen einfach nëmme verréckelt ginn a missten no enger Frist jo awer beglach ginn.

Zimmlech klenglaut huet de Gramegna dann zouginn dass dat ganzt eng Loftnummer ass, an dass si am ganzen nëmmen 1,7 Milliarden de Läit wierklech virstrecken, déi net méi brauchen zeréck bezoult ze ginn.

Et gesäit een also dass dat ganzt op falschen Zuelen opgebaut ass.Am ganzen kann ee soen dat de Gramegna vill geschwat a relativ wéineg gesot huet. Et mierkt een dass et drëm geet de Läit Sand an d´Aen ze streeën.

Et ass duerno e Bericht iwwert Provencale komm. 

Hei huet ee gesinn wat dobaussen an der Wirtschaft lass ass. Dat ass haarstreubend. De Patron huet drop higewisen dass all dat doten op ee Schlag dekretéiert gi wär an dat, ohne Rücksicht auf Verluste. Esou hätten si nach Bestellungen vun de Clienten ausgeliwwert, déi fir samschdes,sonndes,méindes an dënschdes waren,wéi den Uerder kommt ass dass alles direkt misst zou gemaach ginn. Déi ganz Läit konnten dat, dat si elo fir deier Geld akaaft hunn op den Tipp geheien well et an der Zweschenzait verduerwe wier. Elo géife bei hinnen 100nerten vun Uriff eragoen wou d´Läit net méi bezoule konnten.

 Villes vun deem dat si op Lager leie gehat hätten, hätten si an der Teschenzait mussen op den Tipp geheien. Et huet een déi grouss Lagerhal gesinn, déi normalerweis voll mat Wuere steet, si war komplett eidel. 

De Mann huet virausgesot dass dat doten d´Land an eng Wirtschaftskris wäert stierzen un där mer nach op d´mannst zwanzeg Joer ze kämpfen hätten.

Et sollten nach aner Berichter mat Geschäftsleit kommen, déi awer net gesent goufen. Et huet een zwar Geschäfter gesinn mat Rolllueden déi erof waren, mee et ass  keen Interview komm.

Et ass ze mierken dass iwwerall getrickst gëtt fir d´Regierung an all hire Mesuren, speziell am medizinesche Beräich wonnerschéin do stoen ze loossen . Emmernees ginn d´Rettungskräften ervirgestrach a presentéiert , alles mat deem Hannergrond d´Wierklechkeet an der Wirtschaft esou vill wéi méiglech ze verstoppen. Ech fäerte ganz dat doten gëtt en haart Erwächen. Et ass alles drop ausgeriicht den Normalverbraucher, dee vun näischt eng Ahnung huet, op d´Regierungssäit ze zéien. Dann nach den Normalverbraucher géint d´Firmen an d´Patron opzewigelen.Nëmmen dass d´Regierung glänze kann.

Et ass ausserdeem ze mierken dass sech iwwerall ufänkt Widderstand ze weisen, och wa versicht gëtt dat mat bedeitungsvolle Wierder an den Hannergrond ze drécken.

Den Dag vun der Ofrechnung wäert op alle Fall kommen, an ech fäerte ganz, dann ass d´Bilanz vun onser Regierung net méi esou glänzend. Et ass och schonn ze mierken dass verschidde Läit dësen Dag elo schonn fäerten.

Hei ass a voller Panik eppes dekretéiert ginn, wou een sech de Folge vun deem ganzen gour net bewosst war.Hei ass op ee Schlag eng gutt funktionéierent Wirtschaft einfach esou op null gefuer ginn ouni sech bewosst ze sinn wat esou e Schrëtt heescht.

E Mann deen een elo jorelaang net héieren huet, deen seng Ministeren gewäerde gelooss huet ass elo bemol als de groussen Zampano opgetrueden, huet d´ganz Muecht un sech gerappt a praktesch Diktatur ausgeruff ouni sech bewosst ze sinn wat dat fir hièn an dat ganzt Land bedeit. „Das Erwachen wird schrecklich sein“, an dat net eleng fir hièn.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert