Am ganzen huet Hysterie um Radio nogelooss.Et sollten e puer Pressekonferenzen sinn, déi awer net komm sinn.
Am Lëtzebuerger Wort stoung en groussen Artikel vun engem Philosoph Slavoj Zizek.
An deem Artikel könt de Mann op de gläiche Schluss wéi ech, dass dat ganzt héichgespillt gëtt an dass mat falschen Zuelen operéiert gëtt.Dass iwwerhaapt keng Grondlag do wier fir déi entspriechend drastesch Moossnamen , wéi se elo iwwerall getraff goufen duerchzezéien.Am selwechten Artikel gëtt de Mann dann dohinner gestalt wéi wann en se net all hätt.Mat alle Mëttelen gëtt versicht déi allgemeng offiziell Meenung erëm duerchzebeetschen, an de Mann praktesch als e philosopheschen Irrläufer duerzestellen.
Da könt eng schockéierent Meldung iwwert de Radio. Well zu Stroossbuerg d´Klinicken den Undrang u Patienten net méi meeschter ginn, hunn se sech do beschloss deenen Patienten vun 80 Joer un net méi ze hëllefen wann se ageliwwert ginn.Si géifen direkt vun der palliativ Medizin iwwerholl ginn. Mat anere Wieder, do ginn al Läit krepéiere gelooss ,et gëtt deenen esouguer nach mat Schlofmedikamenter nogehollef.Et ass een sproochlos wann een dat héiert, an dat gëtt dann um Radio ouni weidere Kommentar bruecht, wéi wann dat dat normals vun der Welt wier.Wéi weit si mir an nëmmen 11 Deeg komm?Hei gi Nazimethoden ugewannt a kee Mënsch fënnt eppes dobäi.
Kuerz drop koum op engem dätsche Sender praktesch déi selwecht Meldung aus Däitschland. Hei gouf dann och nach gläich eng Veruerdnung dobäi bruecht, wou dann derzou opgeruff gouf am Fall vun enger Ofwägung vu Lièwen an Doud, den ale Patient vun 80 Joer stierwen ze loossen an deem net méi ze hëllefen.Innerhalb vun e puer Deeg ass d´Welt komplett verréckt ginn. Och hei keen Opbrellen vun Entrëschtung, nee och hei gouf dat opgeholl wéi wann dat dat normaalst vun der Welt wier. Do kann een nëmme froen, op mir se nach all hunn.
Dunn am Owend hunn ech eng Sendung op Servus TV gekuckt. Hei gouf vu Wëssenschaftler an Dokteren déi gläich Theese vertrueden wéi ech se vertrièden. Och hei gouf gefrot op déi Läit déi dat doten ordonnéiert hätten sech iwwerhaapt bewosst wieren wat se hei géifen uriichten.De Virus hätt sech bis elo als zimmlech harmlos duergestallt.E wier deelweis emol net esou schlëmm wéi eng normal Gripp an och Stierffäll wären net méi héich wéi bei enger normaler Gripp wéi mer se bis elo all Joer haten.Et wär op keng Aart a Weis ze verstoen firwat hei esou eng Panik géif verbreet ginn. Dat schlëmmst dat wier- dass net nëmmen eis ganz Gesellschaft géif futti gemaach ginn, mee och nach eis ganz Wirtschaft géif, ënnert deenen Dommheeten do , komplett zesummebrièchen.
E Finanzexpert huet gemengt dass eise Wirtschaftssystem komplett zesummegebrach wär an elo dat ganz mat den Virus sollt verstoppt ginn.
Allgemeng gouf déi Fro gestallt déi ech jo och stellen, wièn herno d´Verantwortung fir dat ganzt Versoen vun der Politik dréit. Well dat wat aus deem ganze géif entstoen géif a kenger Relatioun zu den Ausmoossen vun den Infizéierunge stoen.
Et muss een sech bei deem ganze bedenken dass an Däitschland d´Moossnamen eréischt säit 4 Deeg ergraff sinn, bei ons awer schonn séit 11 Deeg.Et ass just, esoubal een sech traut bei ons de Mond opzemaachen, gëtt en vun de Medien direkt färdech gemaach a reegelrecht un de Pranger gestallt. Demokratie op Lëtzebuergesch. Vun deene Froen wéi se an Däitschland an an Eistreich gestallt ginn ass a ganz Lëtzebuerg näischt ze mierken. Hei gëtt dat alles ofgehandelt wéi wann dat dat normaalst vun der Welt wier. Am Géigendeel, eis Regierung gëtt vun enger reegelrechter Dankbarkeet gedroen. Opschonn och den Normalverbraucher lous a lous mierke misst dass hei allerhand an déi schief Richtung leeft an dass permanent mat gezenkte Karte gespillt gëtt, ass de Jubel iwwert eis Regierung an aller Mond. Kee stellt sech anscheinend d´Fro wat dann elo no hiren Zwangsurlaub könt. Dat sinn alles Saachen déi de Lëtzebuerger net intresséieren.Mir si wierklech eng ganz armeséilech Gesellschaft.
Iwwregens ass eng Fra vun 85 Joer un de Folgen vum Virus gestuerwen. Et ass ze mierken dass all déi Persounen déi bis elo gestuerwe sinn alleguerten wäit iwwer 80, jo esouguer 90 Joer waren.
Et ass iwwregens dat- dat och een vun deene Wëssenschaftler ugesprach huet.Hièn huet gemengt, soss déi Joren wären esou Leit och gestuerwen, do hätt kee Mënsch dovunner geschwat.Et ass ausserdeem hannerfrot ginn vu wou déi ganz Warnungen virun deem Virus géife kommen.D´Äntwert war dass si alleguerten vun der WHO kéimen. Elo misst een gesinn dass d´WHO keng neutral Organisatioun wier, mee villméi vun der Pharmaindustrie géif gesteiert ginn. Déi selwecht WHO hätt schonn bei der Vullegripp eng net grad rühmlech Roll gespillt, wou de Staaten Milliounen Grippeimpfunge verkaf gi wieren, déi se herno hätt kënnen op den Tipp geheien.Des Läit hunn also all Intressen drun d´Panik duerch Falschinformatiounen ze schieren.
Iwwerdeems gëtt am Letzeb. Wort den Hëllefspak vun onser Regierung fir ons Wirtschaft als en neie Marschalsplang duergestallt.Kee Wuert driwwer dat dat ganz eng Mogelpackung ass, dass vun deenen esou grouss ugekennecht 9 Milliarden a Wierklechkeet nëmmen 1, 7 Milliarde wierklech ausbezuelt ginn.Un där grousser Ligecampagne sinn och ons Medien mossgièflech bedeehlecht. D´Leit gi belunn a bedru an si mierken et emol net.