12ten Dag

Nodeems gëschter d´Meldung iwwert de Radio gaangen ass, dass zu Stroossbuerg aal Leit stièrwe gelooss ginn, koum haut direkt den Dementi. Dat géif net stömmen, bei hinnen géif och weider aal Läit traitéiert ginn. Esou Moossnamen géifen awer an Italien an op aner Plaazen a Frankräich applizéiert ginn. Et ass berouegend dass dat net zou Stroossbuerg gemaach gëtt, et brauch een jo dann net an Italien oder an aner Géigenden vu Frankräich ze fueren. Et kann een dofir jo dann och an Däitschland goen, wou jo no deem selwechte Verfaaren verfuer gëtt. Et muss een sech allerdéngs tommelen, net dass déi och opeemol ufänken ze démentéieren. Haut ass jo alles méiglech.

Hei zu Lëtzebuerg ass allerdéngs alles am Botter. D´Infektiounen fänken un vun iwwer 300 den Dag op eppes méi wéi 120 erofzegoen. D´Moossnamen schéngen jo dann also ze notzen, loosse mer hoffen, dass et net esou ass wéi bei de Milliarden vum Gramegna.Et kann een sech dat zwar hei am Land net virstellen, Fake News komme jo schliisslech net vun hei.

Nach sinn d´Läit voller Begeeschterung fir d´Moossnamen vun onser Regierung, si hu jo schliisslech elo e schéine Congé kritt. Ech froe mech just wéi et elo gëtt wann se erëm wëlle schaffe goen an dann musse feststellen dass hir Firma hire Congé net iwwerstanen huet.

Awer bis dohin kann een de Zousatzcongé esou richteg genéissen.

Et wäert alles schonn net esou schlëmm ginn. Ons Regierung wäert d´Land scho retten.

Elo um 5 Auer huet de Bettel ons déi traureg Nooriicht iwwermëttelt dass elo 15 Läit um Coronavirus gestuerwe wären. Een dervun wär e Patient vu Mulhouse gewièscht. All déi aner wären un anere Krankheete gestuerwen, awer net um Virus, si hätten de Virus zwar gehat, wieren awer net dorunner gestuerwen. Et steet also elo ganz kloer fest dass hei d´Zuelen manipuléiert ginn.Wann keng Läit um Virus stièrwen, ginn si einfach vun de normale Stierffäll derbäi gerechent an da gesot si hätten zwar de Virus gehat. Esou könnt een dann op d´Zuelen déi ee brauch fir d´Panik oprecht ze erhalen.

Den Héichpunkt gëtt all Dag em 14 Deeg verlängert. Haut sinn et schonn erëm 14 Deeg derbäi kommt , esou dass dat ganzt op d´mannst nach zwee Méint dauert.

Bei den Infizéierter sinn haut erëm 120 Fäll derbäi komm, an et wëllt een elo d´ganz Vollek op de Virus kontrolléieren.Déi nächst Woch sollen déi néidesch Tester ukommen. Esou kennt een un DNA vum ganze Vollèk.Dono géif da bestëmmt ginn wéi laang déi Moossnamen nach missten oprecht erhale ginn. Ech fäerten, mir kommen aus dem Ausnamezoustand net méi eraus. Et kann ee schliisslech elo Saachen duerchbréngen déi anescht ni méiglech wären.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert