13ten Dag

Am Letzb. Wort gi verschidde Saachen thematiséiert, wou ee gesäit wou den Zuch an der Zukunft soll hiféieren. Esou gëtt vun der Chamber geschwat wou een elo mol all déi „vulnerabel Läit“ zu hirer eegener Sécherheet anteportas setzt. Di „ vulnerabel Läit sinn all déi iwwer 65 Joer. Domadder kritt een all déi Läit déi nach am ale System verwuerzelt sinn, aus der Schosslinn.

Do gi Läit,déi elo Jorelaang den Haaptmatch z. B. als Sekretär vun der Chamber gemaach huet, elobemol a Pensioun geschéckt. Als neien Sekretär gett  e Mann vu baussen erageholl, dee vun näischt eng Ahnung huet. Gläich drop gëtt gesot wéi de Sekretär mam Parlamentspresident zesummeschafft, do geet da rièts, dass déi zwee wéi e Biom géife funktionéieren. Well elo deen neie Sekretär jo vun näischt eng Ahnung huet, funktioneiért Saach dann esou dass de President seet an den neie Sekretär hannendrun hoppelt. Eng Problematik déi ee jo am ganze Parlament ka verfollegen, wou ëmmer méi Läit erakommen, déi keng Ahnung dervun hunn wat se do ze maachen hunn. Eng gutt Geleeënheet des Läit an déi gewollte Richtung ze kéieren. Wann een déi nei Regierungspolitik gesäit, ass et absolut noutwendeg Läit ze hunn déi net wëssen vu wat se schwätzen. Mat esou enge Läit gëtt ee séier färdech a kann dann duerchbrénge wat ee wëllt ouni dass Oppositioun ze fäerten ass. 

Schliisslech wëllen des nei Kandidaten jo net vun Ufank un den Titel vum Revolutionär oder Populist, oder esouguer villäicht Nazi ugepecht ze kréien. A scho kann ee maache wat ee wéilt.

An Zäiten wéi dësen, onbedéngt neidesch, wéilt ee net an d´Noperschaft vun engem Diktator geréckelt ginn.

Trotz allem sinn déi Tendenzen iwwerall ze gesinn.Et gëtt zwar andauernd op ons Demokratie higewisen, wann een allerdengs d´Realitéit kuckt gesäit een, dass elo an 13 Deeg dovunner näischt méi iwwreg ass.Et gëtt elo schonn dru geschafft fir d´Läit drop virzebereeden, dass den Ausnamezoustand esouguer iwwert déi dréi Méint nach eng Kéier fir dréi Méint verlängert gëtt. Alles natierlech nëmmen fir dee béise Virus ze bekämpfen.

An emmererem gëtt drop higewisen wéi fantastesch hei am Land dach alles funktionéiert.An dat stemmt. Elo ass z.b. d´Aarbechtszäit an 14 Beruffer ouni all Problem vu 40 op 60 Stonnen erhéicht ginn. Dat alles ouni eng kritesch Fro. D´Nora Back vum OGBL huet zwar gesot et hätt e wéineg Bauchwéi bei där Moossnam gehat, mee dat war et dann awer och schonn. A mam Bauchwéi vum Nora Back kann een an der Regierung duerchaus gutt lièwen.

Et gesäit een wéi lous a lous Wänn ufänken anzestierzen déi virun e puer Deeg nach als Festungswäll duergestallt goufen, an elobemol nëmme méi Kaartenhaiser sinn.

Un des Saachen sollen d´Läit sech einfach gewinnen, alles ënnert dem Numm vun der Solidaritéit. Mir sti jo schliisslech an enger ganz schlëmmer Situatioun.

 Op des Aart a Weis kann een d´Läit lous a lous un déi néi Zäit gewinnen déi elo agebrach ass.

A wa kee méi iwwert de Virus schwätzt,sinn des nei Saachen op der Plaaz a wäerten wéi esoudacks zum normale Lièwen derzou gehéieren, well an der Teschenzait jiddereen sech dru gewinnt huet. Et kennt een dat jo hei am Land vun anere Beispiller, wou Provisoiren Joerzéngten iwwerdauert hunn a bis haut am Gebrauch sinn.

Wat nach ganz däitlech ze gesinn ass, dat ass dat hei zu Lëtzebuerg sech anscheinend guer keng Gedanken doriwwer gemaach ginn, wéini déi ganz Saach op en Enn soll sinn a wéi dat ganzt erëm soll un dréie kommen. An onse Nopeschlänner ginn sech schonn e puer Deeg nodeem d´Ausgangsspären dekretéiert gi sinn Gedanke gemaach, wéi een erëm soll aus deem ganzen Dilemma erauskommen. Hei zu Lëtzebuerg ass dat guer net gefrot, dat huet ee gesinn wéi de Spriècher vun RTL de Gramegna gefrot huet wéi si sech dat da géife virstellen. Déi beim Gramegna üblech Verschleierungsstrategie war d´Äntwert, d´Sendung war eriwwer an en hat nach ëmmer net zu där Fro Stellung geholl.

Et gesäit esou aus wéi wann se hei zu Lëtzebuerg géifen drun denken dat Ganzt op den St. Nëmmerchesdag ze verdagen. Wéi wann ee géif kucken esou vill wéi méiglech mam Ausnahmenzoustand Politik ze maachen. De Virdeel ass jo, wann een de Läit de Kontakt zouenee verbitt, könt keng Oppositioun op. Esou dass een ganz gemittlech mam Ausnahmezoustand ka regéieren an herno déi Saachen, déi an dëser Zäit vum Stapel gelooss goufen,  ganz lous an déi allgemeng Politik kann iwwerhuelen.

Et gesäit sech ganz esou un, wéi wann dat Strategie wier déi hei hannendru géif stoen.

De Finanzminister huet och zouginn dass eng ganz Partie vu Betriber des Kris net géifen iwwerstoen.Mee dat wär eben esou. Et gesäit aus wéi wann hei systematesch géif drop higeschafft ginn, dass kleng Betriber d´Handduch missten geheien.

Wat nach erëm ze mierken ass, dat ass, dass nach ëmmer esou gemaach gëtt wéi wann d´EU e Pabeiertiger wär, a bei där ganzer Saach iwwerhaapt näischt ze soen hätt. Ech froe mech just wéi et da méiglech ass, dass ee gesäit dass dat alles zentral koordinéiert ass. Et muss een sech dann onausweichlech d´Fro stellen vu wou aus des Koordinatioun da könt, wann net vun der EU.

Da fällt bei ons op, dass déi Läit déi nees gesond sinn, den 13ten Dag mat 40 ganz kleng ass, virun allem well ech am Sënn hunn, dass virun e puer Deeg ganz aner Zuele genannt goufen déi em villes méi héich louchen. Hei also dat selwecht wéi bei den Infizeiertenzuelen. 

Wou Lëtzebuerg iwwregens mat Ofstand dat Land wier dat prozentual gesinn, déi meeschten Infizéiert vun der ganzer Welt huet. Op 65.Millioune gerechent hätte mir dann de Moment méi wie 160.000 Infizéierter a léichen domadder wäit iwwer Italien. Dat ass zwar eppes wou anscheinend kee Mënsch hei am Land sech Gedanke mécht. 

Vun onser Regierung gi mer awer nach ëmmer als Premiumstaat presentéiert, do kann jo iergendeppes net mat richtegen Denger zougoen. Dass bei ons getrickst gëtt dass d´Wänn wackelen, dat ass jo an de läschten Deeg ganz kloer zu Dag getrueden. Trotzdeem misste jo och Läit an der Regierung oder wéinstens vun der Oppositioun des Zifferen a Fro stellen, awer näischt passéiert. Wat gëtt hei gespillt?

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert