Eise Gramegna gëtt jo zesummen mam Bettel net färdech d´Ustrengungen vun onsem Staat fir ons Wirtschaft héich lièwen ze loossen. Déi eemoleg Auszouhlung vun 5000 Euro Direkthëllef ginn jo als eng Ultimo Ratioun duergestallt. Do heescht et dann, dat dat ons Regierung géif maachen, wär eemoleg an der ganzer EU. Et ass da ganz komesch wann een dat Ganzt dann a genee derselwechter Konzeptioun an Däitschland eremfönt, just mat deem Ënnerscheet dass dätsch Entreprisen vun engem bis zwee Beschäftegter fir dréi Méint 9000 Euro kréien. Betriber vun 1 bis 10 Beschäftegter kréien fir 3 Méint dergeint 15000 Euro. Hei zu Lëtzebuerg kritt e Betrib vun 1 bis 9 Beschäftegter 5000 € am ganzen. Bravo Här Gramegna, mir si wierklech déi bäscht an der EU. Et gesäit een dass mir dee räichste Staat sinn.
14ten Dag
