15ten Dag

Als éischt krut ech de mueren d´Wort op den Dësch. Direkt op der zweeter Sait gouf drop opmierksam gemaach wéi et an Zukunft wäert mat den ale Läit funktionéieren. Et gëtt de System vun der Schwäiz gekuckt, mee et wäert net méi laang daueren bis dat och hei zu Letzebuerg zur Normalitéit gehéiere wäert. Do gëtt ganz kloer gesot dass al Läit géintiwwer méi jonker schlecht Karten hunn.Wa muss ausgewièlt ginn krit de jonke Mënsch d´Virrecht. Dat kann esouguer vun einfachem Personal ënnerholl ginn. Et kann een sech virstellen wat dat heescht.Da könt nach eng Kéier dat selwecht dat zu Stroossbuerg gemellt gi war, dass déi al Läit net méi traitéiert ginn, mee villméi mat palliativ Medizin behandelt ginn, dat heescht, si gi roueg gestallt.

Berouegend fir all déi al Läit déi elo nach an Klinicke kommen.

Dann hunn ech an engem aneren Artikel geliès dass an der Belsch genee dat elo agetratt ass,wat ech vun Ufank un virausgesot hunn. Hei sinn déi Gréng elo mat hirer Klimawandel an Welterneierungspolitik hannenerof gefall. All déi Milliounen oder Milliarden déi hätt sollen an hir Klimawandelpolitik sollte gestach ginn, si gestrach ginn.Et wäert elo net laang daueren bis aner Länner deeselwechte Wee goe wäerten. Gréng Fantasien kann een sech elo net méi leeschten.

Mir sinn also zeréck an der Wierklechkeet. Eppes dat virun allem Grénger an Däitschland ganz schwéier fällt anzegesinn ,wéi ech de mötten an engem Beitrag um Fernsee konnt feststellen.

Op aneren Plaazen wéi a Polen gesäit een wéi am Schièt vum Virus déi diktatoresch Tendenzen dann elo erëm voll zum Droe kommen. Eppes dat een iwwregens jo och hei bei ons gesäit, an deem, ach esou demokrateschen Land. Och hei traut an der Teschenzait bal keen sech méi seng Meenung ze soen. Dat alles huet een mat deem Virus kënnen erreechen. No nëmme 14 Deeg schonn eng ganz bedenklech Tendenz.

Ech konnt dann och an engem Leitartikel vum Giresse Rol an der Amam nolièsen dass et genee esou ass wéi ech et gesot hunn, nämlech dass dat Ganzt eng ageplangten Aktioun ass déi vun alle Staaten zesumme beschloss ginn ass, well se déi ganz Opstänn net méi ënner Kontroll kritt hunn. Schonn 2015 ass op enger Konferenz zu München, wou praktesch Sécherheetsexperten vun der ganzer Welt sech versammelt hunn, des Problematik ugeschwat ginn , ënnert dem Motto- d´zesummebrièchend Uerdnung- widderstrièwend Wièchter. Dat Joer drop op der selwechter Konferenz gouf Thema geschafft vun der grenzenloser Kris, de récksiichtslose Raiber an den hëlleflosen Wièchter. Dat Joer drop war dunn d´Enn vun der Wourecht – nom Westen- no der Uerdnung ,Thema vun der Konferenz. Et gesäit een dass dat alles guer net esou iwwerraschend koum. Déi Läit bäi deenen Konferenzen sinn virun allem Militär, Geheimdéngscht,  Polizei asw., alles Läit déi sech mat onser Sécherheet oder Onsécherheet beschäftegen.

Op de lëtzebuerger Autobunnen ass dem Bausch seng 9oKm Grenz erëm opgehuewe ginn. Dat géif elo keng Roll méi spillen.Lous a lous fänkt déi gréng Festung un ze wackelen.

Dofir huet jo gëschter eist aller Carol sech séier zu Wuert gemellt .Hatt haat schonn Angscht, et géif an deem ganzen Krisenenthusiasmus komplett an de Vergièss kommen.

Et huet een elo eben schlecht Kaarten wann een d´Welt wëllt retten, domadder dass een Déiereschutz un éischt Platz setzt an dann d´Muffloen ofschéisse léisst. Esou séier kann et goen.

 Um Internet maachen d´Läit sech iwwregens och scho Suergen em onsen Energieminister, et géif een näischt méi vun him héieren. Dat wäert dann elo awer an den nächsten Deeg geschéien. Et wëllt een jo net komplett vun der Bildfläch verschwannen.

Onst Lenert huet et elo grad um Radio reegelrecht bedauert, dass et elo iwwer Samschdeg a Sonndeg net esouvill Tester géife gemaach ginn, esou dass mer nach ëmmer op deem Schiffer vun 1988 Infizéierter an 22 Doudeger géife stoen, vun deenen eleng der 10 an Altersheimer gestuerwe wären. Dat ass eben esou hei bäi ons. „Sonntags findet der Krieg im Saale statt.“

An der Stad mécht een sech dann elo och schonn lous a lous Suergen dass déi ganz Bauplazen vum Tram ,vum Stadion asw. elo awer dach villäicht e wéineg méi laang Zäit wäerte brauchen. Schliisslech däerf jo elo kee méi mam Bagger fueren. E könt een sech an d´ganz Gesellschaft mam Baggervirus ustièchen. Et gesäit een och dass se héchstwahrscheinlech net wëlles hunn d´Schuelen nees ulafen ze loossen. Et gëtt schonn doriwwer nogeduecht se net méi virun der grousser Wakanz ulafen zeloossen.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert