Haut de mueren koum e Bericht op RTL wou festgestallt gouf, dass elo den öffentleche Verkéier, genee wéi de Car Sharing an de Co voiturage komplett zesummegebrach ass.
Dogéint wär d´Nofro no Autoen amgaang staark an d´Luucht ze goen.D´Automobilbranche géif sech schonn op d´Zäit no der Kris virbereeden, wou d´Nofro no Autoen erëm staark géif an d´Luucht goen. Well déi mannst nach wollten- mat de Virusschleideren aus dem öffentlechen Transport ,dem Co voiturage an dem Car Sharing eppes ze dinn wéilten hunn.
Virun allem, well se elo och gesinn hunn- wéi wichteg et ass- iwwert en eegent Gefier ze verfügen, wann een seng Akeef muss maachen.
Hues de dat net, muss de mam öffentlechen Transport fueren an setzt dech domadder der Gefor aus infizéiert ze ginn.
Den eegnen Auto ass dat eenzegt Verkéiersmëttel dat dech virun enger Infizéierung schützt.
Also och hei ass sech en Ëmdenken amgaangen unzebaanen.
Och d´Elektromobilitéit trëtt lous a lous an den Hannergrond. Et wäert dann och elo net méi laang daueren bis vu Bréissel aus, d´ Ëmweltnormen wäerten zeréckgeholl ginn. Natierlech alles well een jo elo muss kucken dass ons Wirtschaft net nach duerch esou Efältechkeeten nach méi Problemer kritt wéi se elo schonn virauszegesinn ginn.
Um 12 Auer 15 koum dunn eppes iwwert den RTL dat weist wéi wéit dass mer komm sinn.
Hei huet eng Madamm vun enger Organisatioun ganz kloer gesot, dass praktesch nëmme méi déi Meenung gëllt, déi vun der Regierung op hirer Websäit verbreet gëtt.
Och nach an aneren öffentleche Medien könt een sech weider informéieren. An dat wat hei mediatiséiert géif, wär absolut ze gleewen.
Een deen eng aner Meenung vertrëtt, huet geféierlechen Terrain betrueden a kann ganz séier als Terrorist ugesi ginn. D´Fra huet esouguer ganz explizitt zur Denonciatioun opgeruff, sollt do ee sinn, deen eng aner Meenung géif vertrièden. Et gouf drop higewisen, dass Läit géife verzièlen, hannert deem ganzen Coronavirus géifen d´Pharmakonzerner stièchen.
Esou Aussoen wäre ganz geféierlech a missten hinne matgedeelt ginn.Si géifen dann déi néideg Mëttelen an de Wee leeden.
Et ass ganz bedenklech wat hei ofleeft, mir sinn also am Schièt vum Coronavirus vun der fréier Meenungsäusserung ofgeréckelt an et gëtt an der Teschenzait geféierlech- seng Meenung ze äusseren.
Dat ass eng Diktatur an huet net méi vill mat onser Demokratie ze dinn. Déi Demokratie déi déi selwecht Läit esou héich halen.
Fir wien trièden des Läit an? Wat soll hei verstoppt ginn?
Dat do ass e Behoulen dat mer bis elo just vun Diktaturen hir kannt hunn. Mir sollen jo awer nach ëmmer eng Demokratie sinn. Hu mir elo bemol keng Rechter méi a musse fäerten de Mond opzemaachen, ausser wa mer d´Regierungsmeenung vun eis ginn.
Ech hunn bis elo ëmmer héieren d´Läit sollte matdenken. Et huet awer net vill wäert matzedenken wann een net méi däerf doriwwer schwätzen.
Wéi wäit sinn des Läit vun der Demokratie ofgeréckelt wann si elo schonn kritescht Nodenken verbidde wëllen.Et muss een Angscht kréien wat ënnert der Deckung vum Virus elobeemol alles méiglech gëtt. Saachen vun deene mer bis elo gemengt hunn esou eppes könnt bei ons guer net virkommen.
Anscheinend ass dat elo awer do a keen huet eppes gemierkt.
Et geséit een dass et heescht genee opzepassen wat do an der Maach ass. Déi virgenannten Vereenegung ass eng Organisatioun déi géint den Terrorismus an eng Radikaliséierung vun ufällege Läit soll virgoen. Ech wuesst net dass kritesch Denken, wat an aner Länner öffentlech um Fernseh gemaach gëtt, bei ons schonn ënner Radikaliséierung klasséiert gëtt.
Wou si mir eigentlech hikomm?
Ech hu mer elo mol um Internet Websäit vun dëser Organisatioun ugekuckt. Dat ass eng privat ASBL déi fir Recht an Uerdnung wöll antrieden. Déi sech als Kämpfer fir Demokratie duerstellt, a Wierklechkeet awer derzou oprifft eis Demokratie an déi fräi Meenungsäusserung duerch Bespötzelung an Denonciatioun ze zerstéieren.
Ech hunn hir Sait um Facebook gekuckt… Komescherweis gëtt do vun Toleranz anere Meenungen géintiwwer geschriwwen.
Et geet vun Empathie rièts, vu Solidaritéit a Mënscherechter. Ech hunn ëmmer geduecht ,déi frei Meenungsäusserung gehéiert och zu de Mënscherechter.
Och dass een sech do informéiert wou een u Renseignementer könnt. Ech géif soen ech bräicht keng Nohëllefsstonnen vun enger Persoun déi anscheinend net weess vu wat se schwätzt. Ausser wann se ons de Wee an Diktatur wëllt schmackhaft maachen.Do brauche mer keng Läit méi déi nodenken, do kréie mer geduecht.
Et ass schonn iwwerraschend wat fir eng Plänzercher ënnert deem Coronavirus erfirwuessen.
Wann een d´Säit vun der Organisatioun kuckt, gesäit een, dass si elo richteg vum Virus profitéiere wëllt, fir sech am Land bekannt ze maachen. Et wier emol gutt ze wëssen ,wièn wierklech hannert dëser ganzer Affäir verstoppt ass.
Dat do ass op alle Fall keng Asbl. déi onser Regierung notzt, éier de Géigendeel, well wann esou Läit vun onser Regierung ënnerstëtzt ginn, muss een sech eeschtlech Suergen em ons Demokratie maachen.