17ten Dag

Et ass festzestellen dass och an Däitschland mat getürkten Zouhlen operéiert gëtt. Do si gëschter Doudeszuelen genannt ginn, wou se praktesch zouginn hunn, och Persounen mat agerechent ze hunn, wou se net woussten op se mat Coronavirus infizéiert waren. Et ass also iwwerall dee gläichen Phänomen festzestellen.

Eppes dat een nach feststelle kann, dat ass dass elo och ëmmer méi Superdemokraten zu riètsextremen Denkweisen eriwwer schwenken. 

Do seet z.b. de supergréngen Landesvater Kretschmer, dass hièn et als absolut richteg fönnt, dass d´Bierger zu Denunziante géife ginn. Wann een eng Tablett Schockela géif klauen, wier dat net schlëmm, wann een sech awer net un déi vun der Regierung verhaangen Moossnamen géint de Coronavirus géif halen, wier dat e Verbrièchen, dat deementsprièchend misst behandelt ginn. 

Och hei geséit een dass mer ëmmer méi an Direktioun Diktatur ofrëtschen. 

Am Lëtzebuerger Wort ginn da Läit déi dru gleewen dass dee Virus ausgesat gouf, an de Beräich vun de Riètsextreme gesat. Et ass also déi gläich Tendenz feststellbar déi d’Madamm Weyer an hirer Usproch op RTL verfollegt huet. Iwwregens gläich zesetzen mat deem wat de gréngen Kretschmer vun sech ginn huet. Et gesäit een dass hei eng grenziwwergräifend Eenheetlechkeet tëscht de Politiker vun alle Faarwen virzefannen ass. Ausser vum Le Pen, dat och déi Pist verfollegt dass de Virus ausgesat ass an dass mer alleguerte belunn ginn.

Mee et ass ganz kloer, wann een och där Meenung ass, gehéiert een zu de Nazien Faschisten a soss Gesendel, dat de Regierungen einfach net gleewe wëllt. Et wäert net méi laang daueren bis esou Läit bestrooft ginn. Natierlech alles am Sënn vun onser Volleksgesondheet.

Dat sinn alles Virgoensweisen, déi engem aus dem Nazisystem bekannt sinn.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert