Et ass festzestellen, dass eis Regierung anscheinend bis mindestens de 4te Mee déi ganz Situatioun esou weider lafen wöllt loossen wéi et elo ass. Dat heescht mat aner Wièder, dass och eis Betriber bis do hinner mussen zou bleiwen. Ass dat net de Fall an nëmmen d’Schoulen bleiwen zou, brécht de ganzen System zesummen. Well dass de System wéi elo déi läscht 14 Deeg funktionéiert, mussen d’Elteren doheem bleiwen. Eppes dat se awer net können, wann d’Betriber erëm ufänken ze schaffen. Noutwendegerweis mussen dann d’Betriber dann och nach bis mindestens de 4te Mee zou sinn.
Et gesäit awer elo schonn esou aus wéi wann dat mam Patronat net esou einfach ze maache wier. Et fänkt sech un Widderstand ze forméieren.Dat kënnt fir ons Regierung geféierlech Konsequenzen kréien.
Ausserdeem kann de Staat jo net bis op den Zanknimmerleinsdag den Aarbechter an de Beamten d’Paien bezouhlen an d’Betriber futti goe loossen. Dat Ganzt entwéckelt sech ëmmer méi zu enger Saakgaass aus där mer nëmme méi ganz schwéier wäerten erauskommen.
Iwwerall si Betriber an Selbststänneger unzetreffen déi elo schonn net méi wëssen wéi et soll weider goen. Natierlech traut keen sech esou richteg aus der Deckung, well e soss muss fäerten bei der Geldverdeelung net berécksiichtegt ze ginn.
Wéi dat funktionéiert hu mir jo selwer musse feststellen. Also halen déi meescht nach de Mond, well wann se an där heiten Situatioun kee Geld kréien, sinn se direkt um Enn.
Bei de Geschäftsleit a klengen Handwierker gesäit een am beschten un där Aktioun déi elo zu Diddeleng gestart gouf, wou d’Läit derzou opgeruff goufen Bongen vu Geschäfter ze kafen, déi se dann no der Kris könnten aléisen. Dat wier fir de Geschäftsleit iwwer des Kris ewechzehöllefen.
Et kann een sech virstellen dass eng Stad wéi Diddeleng, déi sech nach net vun hiren Ëmbauaarbechten vun de läschten 10 Joer erkritt huet, elo ganz schéin um Schlauch steet.
Elo bröcht de Verkaf, ausser an de Lièwensmëttelgeschäfter, komplett zesummen.
Am ganze Land bannt sech eng onvirstellbar Katastroph un. Eng Katastroph déi em esou vill méi grouss wäert sinn wéi d’Corona Kris selwer.
Ausserdeem ass festzestellen, dass d’Meenungsfräiheet an nëmmen zwou Wochen komplett opgehuewe gouf.Jiddereen deen elo seet déi ganz Saach wier an d’Welt gesat ginn muss an nächster Zäit mat Konsequenzen rechnen. Esou goufen elo 250 Studenten zu Tréier engem Test ënnerzunn wou dann de gréissten Deel sot dass si der Meenung wären dass de Virus geziicht gouf. Direkt drop gouf vum Tester gefuerdert, dass esou Meenungsäusserungen op dat schäerfst misste bekämpft ginn. Et ass also iwwerall, bis an déi héchste Platzen vun der Politik ze mierken, dass virun allem déi fräi Meenungsäusserung soll bekämpft ginn. Den direkte Wee also an Diktatur, ewell ganz offe propagéiert gëtt, an dat komescherweis net vu riètsextremen Parteien, nee vun deene ganz demokrateschen Parteien, déi de Moment iwwerall um Rudder sinn.
Ausserdeem gëtt ënnert der Deckung vum Virus lous awer sécher d’boer Geld ofgeschaaft, alles mat deem Hiwäis- dass een sech duerch Boergeld kéint infizéieren. Do sinn also nach Läit déi vum Virus profitéieren an dat elo duerchsetzen, wat si elo schonn jorelaang wollten.
Wéi een aus dësen zwee Beispiller gesäit, ginn duerch dëse Virus elobemol Saachen méiglech, un déi bis elo kee geduecht hätt dass esou Saachen an nëmmen e puer Deeg ouni Widderstand kéinten iwwert d’Bün goen.
De Kampf géint d’Meenungsfräiheet gëtt mat schwéiere Geschötzer gefeiert. Esou gouf e Film um 3te Preis iwwert den Covid 19 gewisen. Et war eng Sendung vun Leesch Kosmos. Dëse Film sollt beleehen, dass de Virus vun Flièdermais iwwerdroen ginn ass, evt nach vun engem Schuppendéier. Wann een sech bedenkt, dass esou e Film mindestens mat allem drëm an drunn mindestens 6 Méint brauch bis en färdech ass, gesäit een dass dëse Film scho laang virum Ausbroch vum Virus hiergestallt gouf. De Film huet awer komescherweis déi Problemer mat der Wourecht behandelt, déi elo de Moment iwwerall optrièden, esou wéi wann de Film elo an 3 oder 4 Deeg gemaach gi wär.
Do hunn also Läit scho virgesuergt, déi genee woussten wat géif kommen.An nees eng Kèier war iwwerall vun der WHO rièts.
Di Sendung war super gemaach an et huet ee gesinn, dass si mat vill Opwand produzéiert gi war. Dat war näischt, dat emol séier esou zesummegeneelt gouf. Dat war eppes dat derzou gemaach gi war d’Läit vun der Wourecht ze iwwerzeegen.Hei sollten Läit déi nach Zweiwel un deem hunn dat offiziell verbreet gëtt erëm op de richtege Pad bruecht ginn.Et huet een also virausgesinn, dass vill Läit hir Ligen net géife gleewen, an huet also schonn emol e Schutzschirm produzéiert, wou dann all déi déi dat net géife gleewen, als Idioten duergestallt ginn.
Direkt duerno koum de Monitor, natierlech nees mam Haaptthema vum Covid 19.
An nees eng Kéier gouf breet Front géint déi sougenannten Verschwièrungstheoretiker gemaach.An erëm eng Kéier goufen all déi, déi zweiwelen- an den Eck vun de Riètsextremisten gedréckt. Mat aller Muecht gouf iwwregens géint den Uschäin vum Opbau vun enger Diktatur ënnert dem Virwand vum Virus gekämpft.
Eppes wouraus ee gesinn konnt, dass och an Däitschland ganz vill Läit dat gesinn op ons zoukommen, dat och meng Angscht ass. De Clou bei deem Ganzen war, dass elobemol déi Läit, déi sech Suergen em ons Fräiheeten an ons Demokratie maachen, als Riètsextremisten duergestallt goufen. Dat heescht, dei Läit déi bis elo bekämpft goufen well se eis Demokratie wollten zerstéieren, ginn elobemol wéinst hirer demokratescher Astellung verdäiwelt. Et ass scho komesch, wéi séier aus Faschisten an Nazien, Demokrate gemaach kënne ginn, wann een dat grad brauch. Et ass och komesch wéi séier haut aus Demokratiekiller, Demokratieretter ginn, déi dann awer genee esou geféierlech sinn wéi virdrun – Demokratiekiller, Et ass komesch wéi elo a kierzter Zäit aus deem, dat bis elo virun onsem System gedroe gouf wéi e Schutzschëld, nämlech eis Demokratie. Läit déi Angscht em déi Demokratie hunn, gin praktesch als Riètsextremer an Nazien duergestallt.
Ons Welt wéi mer se bis elo kannt hunn, ass komplett aus de Fuge geroden, an déi, déi ons bis elo als déi gréissten Demokratiefeinden duergestallt goufen, sinn elo déi déi Demokratie rette wëllen. An déi, déi bis elo déi Riètsextrem als Feinde vun dëser Demokratie héichstiliséiert hunn, wëllen elobemol eng Diktatur ariichten.
Wièn soll dann do nach den Iwwerbléck behalen.
Da gëtt an där selwechter Sendung awer och nach drop higewisen, dass ons Demokratie duerch déi Moossnamen déi elo ergraff goufen eventuell a Gefor könnt sinn. An Däitschland hätt elo virun allem de Gesondheetsminister eng Muecht ugeheeft déi ganz bedenklech wier.
Ausserdeem géifen Bestëmmungen, déi elo ugewannt géifen, einfach kee Sënn maachen a wieren dobäi och nach kontraproduktiv..
Wuer si mir an nëmmen zwou Wochen hikomm? An nees eng Kéier huet keen eppes gemierkt, an déi, déi et gemierkt hunn an eppes soen, ginn haut als ons Feinden duergestallt.Mënschen déi fir d’Rettung vun onsem System antrièden, ginn iwwer Nuecht zu onse Feinden héichstiliséiert an et gëtt opgeruff des Mënschen ze bestrofen. Wee wäit ass Diktatur ënnert der Deckung vum Covid 19 Drama scho virgeréckelt, ouni dass iergend een eppes gemierkt huet?
An duerch déi Kontaktbeschränkungen ass et jo net méi méiglech dass gréisser Gruppéierungen zesummekommen a fir hir Uleien protestéieren ginn. Dat alles ass elo mam Hiweis op ons Gesondheet net méi erlaabt. An an deem Schièd kann ee ganz gemittlech eng Diktatur installéieren a kee Mënsch mierkt eppes. De Kapp voller Virus, ass keng Zäit méi do iwwert aner politesch Entwécklungen déi ganz gemittlech am Hannergrond oflafen, nozedenken.
An déi, déi bis elo als Demokratieretter a Wièchter opgetruede sinn, ginn elo zu hirem Doudegrièwer.An dat alles ouni dass déi meescht eppes dervunner matkréien. An esou Zäiten muss ee jo solidaresch sinn.Dat heescht mat anere Wieder och, dass mer mussen solidaresch mat deene Läit sinn, déi eis Demokratie elo mat riese Schrëtt am Gaang sinn ofzebauen a lous a lous en diktatoreschen System an d’Platz setzen.
Fräi Meenungsäusserung a Rièdefräiheet ass elobemol net méi eng vun onsen Haptséilen vun onsem System, mee vill méi dat wat elo muss verbuede ginn. Eppes wat jo och ganz staark am Intressen vun onse Gréngen ass, déi an der Teschenzait gemierkt hunn wéi schwéier et fir si géif ginn , hir Fantastereien an d’Wierklechkeet ëmzesetzen.