19ten Dag

Bilanz bis zum owend vum 2.4.2020 sinn 2487 Infizéierter – 168 Fäll méi wéi den Dag virdrun.

Zuel vun den Doudegen klëmmt op 30. Am ganzen si bis elo 20.092 Tester gemaach ginn.

 80% vun eise Betriber sinn zou. Hei bei ons wieren staark Réckgäng bei de Covid  Infizéierungen festzestellen. 

Wat elo no 3 Wochen Corona festzestellen ass, dat ass- dat deen enormen Ustéich un Infizéierter- dee vun onsen Dokteren, Professeren a Wëssenschaftler virausgesot gi waren,bis elo net stattfonnt huet. Hei ass et éischter e lineart Klammen ze mierken. Gesäit een dass elo bestëmmt dréi mol méi getest gëtt wéi an der éischter Woch, muss ee soen dass hei den Ustéich sech staark a Grenzen hält.

Et ass bis elo näischt vun deenen Horrorzeenarien ze mierken déi ons bestëmmte Spezialisten virausgesot hunn.

Et ass awer domat ze rechnen dass no dëser Aktioun och e staarken Réckgang vun onse Betriber wäerten ze verzeechne sinn. Et ass och domadder ze rechnen dass d’Selbstmordzifferen an nächster Zäit staark wäerten zouhoulen. Wat gutt ass, dat ass, dat een déi net  ënnert de Mortalitéitstaux vu Covid 19 brauch ze verzeechnen.Domadder kann een dat dann e wéineg ënnert de berüümten Teppech kieren.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert