1ten Dag

Di deeglech Gedanken an Zäiten vum Virus. 

Geeschter Owend si mer an onser aler bekannte Welt schlofe gaangen an sinn de Mueren an enger ganz anerer, onbekannter Welt erwächt.Alles wat bis gëschter um 24.Auer gegollten huet, gelt haut net méi.Et klengt wie e schlechte Witz, mee et ass leider batter Realitéit.Mir, genee wéi déi aner Populatiounen vun onse Nopeschlänner, si vun onse Regierungen, ferngesteiert vu Bréissel,an den Ausnamezoustand versat ginn.Et sollt eng Sécherheetsmoossnam géint de Coronavirus sinn.

Menger Meenung no ass et den Ausbroch vun engem neie Krich. E Krich dee mat engem biologeschem Ugrëff ugefaangen huet.E Virus deen sech a grousser Geschwindegkeet iwwert der ganzer EU ausbreet.( an der Teschenzait iwwert d´ganz Welt)

Als éischt Moossnam ginn elo e puer honnert Millioune Mënschen an der ganzer EU ënner Hausarrest gestalt.Ons Fräiheet gëtt mat engem Schlag vun onsen eenzele Regierungen liquidéiert.Vun engem Moment op deen aneren gelt alles wat bis elo ons d´Liewen ausgemaach huet, net méi.

Mir gi zu Gefaangenen an onsen eegenen Haiser, däerfen nëmme méi eraus fir bei den Dokter ze goen, oder och nach Liewesmëttelen akafen ze goen.D´Reesfräiheet op déi mer elo joerzéngtelaang esouvill gehalen hunn ,ass op ee Schlag obsolet.

Offiziell soll et eng Moossnam zur Dämmung vum Virus sinn.Et kennt awer och sinn dass et den Ufank vum Enn ass.Den Ufank vum Enn vun där Gesellschaft wéi mer se bis elo kannt hunn.

Et ass nach net kloer ze erkennen wat hannert deem ganze stécht, mee ganz sécher ass net dat dat mir virgespillt kréien.Eppes steet allerdéngs elo scho fest, an dat ass dass mer haut de Mueren an enger ganz neier Welt erwächt sinn. Eng Welt wie mir se bis haut net kannt hunn.

Di Well déi elo op ons urullt, wäert ons mat an den Ënnergang rappen. Dee Schuet deen onser Wirtschaft elo zougefüügt gëtt, wäerte mer nach esoubal net réckgängeg maachen.

Et kennt duerchaus sinn dass dëst d´Enn vun der EU bedeit.

D´Enn vun eisem Liewen, wéi mer et bis elo gefeiert hunn, ass et op alle Fall. Ech bezweifelen et ganz staark, dass et eise Regierungen geléngt dat Schëff nach virum Ënnergang ze retten.

Eppes steet op alle Fall elo scho fest, et ass elo keng Zäit méi fir gréng Fantastereien.Well d´Geld gëtt elo net méi gebraucht fir de Weltënnergang ze verhënneren, mee am Géigendeel fir den Ënnergang vun onser ganzer Industrie hei an der EU ze verhënneren.

De Green Deal ass elo Geschicht, zesummen mat all deene Fantastereien déi an de nächste Joerzéngte Billarden opgefriess hätten. Elo gëtt et em d´wierklecht Iwwerliewen, éischtens emol géint de Virus, an géint dat wat déi Moossnamen déi getraff goufen an onse Wirtschaften wäerten uriichten.Ganz ze schweigen vun deem séilesche Schuet deen ons Gesellschaft duerch des Moossnamen wäert fortdroen.