16ten Dag

Haut de mueren koum e Bericht op RTL wou festgestallt gouf, dass elo den öffentleche Verkéier, genee wéi de Car Sharing an de Co voiturage komplett zesummegebrach ass. Dogéint wär d´Nofro no Autoen amgaang staark an d´Luucht ze goen.D´Automobilbranche géif sech schonn op d´Zäit no der Kris virbereeden, wou d´Nofro no Autoen erëm staark  géif an d´Luucht goen. Well déi mannst nach wollten- mat de Virusschleideren…

15ten Dag

Als éischt krut ech de mueren d´Wort op den Dësch. Direkt op der zweeter Sait gouf drop opmierksam gemaach wéi et an Zukunft wäert mat den ale Läit funktionéieren. Et gëtt de System vun der Schwäiz gekuckt, mee et wäert net méi laang daueren bis dat och hei zu Letzebuerg zur Normalitéit gehéiere wäert. Do gëtt ganz kloer gesot dass al Läit géintiwwer méi jonker schlecht Karten hunn.Wa muss ausgewièlt ginn krit de jonke Mënsch d´Virrecht. Dat…

14ten Dag

Eise Gramegna gëtt jo zesummen mam Bettel net färdech d´Ustrengungen vun onsem Staat fir ons Wirtschaft héich lièwen ze loossen. Déi eemoleg Auszouhlung vun 5000 Euro Direkthëllef ginn jo als eng Ultimo Ratioun duergestallt. Do heescht et dann, dat dat ons Regierung géif maachen, wär eemoleg an der ganzer EU. Et ass da ganz komesch wann een dat Ganzt dann a genee derselwechter Konzeptioun an Däitschland…

13ten Dag

Am Letzb. Wort gi verschidde Saachen thematiséiert, wou ee gesäit wou den Zuch an der Zukunft soll hiféieren. Esou gëtt vun der Chamber geschwat wou een elo mol all déi „vulnerabel Läit“ zu hirer eegener Sécherheet anteportas setzt. Di „ vulnerabel Läit sinn all déi iwwer 65 Joer. Domadder kritt een all déi Läit déi nach am ale System verwuerzelt sinn, aus der Schosslinn. Do gi Läit,déi elo Jorelaang den Haaptmatch…

12ten Dag

Nodeems gëschter d´Meldung iwwert de Radio gaangen ass, dass zu Stroossbuerg aal Leit stièrwe gelooss ginn, koum haut direkt den Dementi. Dat géif net stömmen, bei hinnen géif och weider aal Läit traitéiert ginn. Esou Moossnamen géifen awer an Italien an op aner Plaazen a Frankräich applizéiert ginn. Et ass berouegend dass dat net zou Stroossbuerg gemaach gëtt, et brauch een jo dann net an Italien oder an aner Géigenden vu Frankräich ze fueren.…

11ten Dag

Am ganzen huet Hysterie um Radio nogelooss.Et sollten e puer Pressekonferenzen sinn, déi awer net komm sinn. Am Lëtzebuerger Wort stoung en groussen Artikel vun engem Philosoph Slavoj Zizek. An deem Artikel könt de Mann op de gläiche Schluss wéi ech, dass dat ganzt héichgespillt gëtt an dass mat falschen Zuelen operéiert gëtt.Dass iwwerhaapt keng Grondlag do wier fir déi entspriechend drastesch Moossnamen ,…

10ten Dag

Nei Mesuren vun der Regierung. 9 Milliarden Euro ginn fir d´Ënnerstëtzung fir d´Wirtschaft agesat.D´Zuelen sinn: 15.000 Betriber mat méi wéi 100.000 Salariée. 20.000 Froen fir Congé familial ginn erward.Fir déi kleng Firmaen gin et direkt 5000 Euro. Et gouf nach eng Kéier drop higewisen dass d´Läit sech sollen un d´Reegelen halen. Dreeungen wéi mer se bis elo héieren hunn, blouwen haut aus.…

9ten Dag

Ech hunn elo grad d´Informatioun vum Staatslaboratoire kritt dass hei am Land alljoers teschend 90 an 120 Persounen un der normaler Gripp stierwen. Ausserdeem huet de Mann vum Laboratoire gesot dat dee Virus an Italien e ganz aneren ass wéi deen hei zu Lëtzebuerg. Do sinn also e puer Virestämm doruechter geséit ginn. Et kann een d´Entwécklung an Italien also net…

8ten Dag

Am allgemengen dat selwecht Gelaber wéi déi Deeg virdrun. Just am Owend hu mer „Hart aber Fair gekuckt“.Do waren dann erëm Wëssenschaftler, Politiker an dann och eng Infirmière um Plateau. Dat wat do erauskoum bestätegt dat wat ech gesot hunn.  Et leeft alles no Computermodeller of. De Wëssenschaftler, e Virolog huet mussen zouginn, dass se do vu Saachen géife schwätzen vun…

7ten Dag

D´Saach fänkt sech un lous a lous ofzeflaachen. Panik gëtt weider verbreet, an virun allem gëtt drop geuecht, dass nëmme keng Läit können zesummekommen an sech esou könnten austauschen. Ausser iwwer Internet an Telephon, an déi Mëttelen gi vun hinne kontrolléiert. Et ass jo Ausnamezoustand, an dat ass alles nëmmen zum Gudden vun de Läit. Och nach en anere Phänomen ass ze…