An engem Interview vum Claude Schroeder vum CGDIS kënnt haut de Mueren zu Dag dass si während der Covid Kris 20% manner Asetz mat den Ambulanze gefuer sinn wéi an de normalen Zäiten ouni Covid. Schonn iwwerraschend bei esou enger immenser Pandemie déi de Bestand vum ganze Land bedreet, ginn d´Asätz vun den Ambulanzen net an d´Luucht, mee villméi erof. Do stellen…
Abrëll 2020
32ten Dag
Wann een héiert wat an Däitschland lass ass ginn engem d´Gruschelen aus. Do gi Läit an Anstalten agespaart well se sech beim Verfassungsgeriicht iwwer Coronavirschreften wollte beschwéieren. Grénger mengen, elo géif een d´Wirtschaft einfach widder d´Wand fuere loossen an dann eng ganz nei Ökologesch Wirtschaft erëm nei opbauen. Si mer elo also an enger grénger Diktatur gelannt? Komescherweis huet een géint esou Usiichten guer näischt anzewenden,…
31ten Dag
Am Lëtzebuerger Wort gëtt haut extrem vill Wäert op déi Tatsaach geluecht, dass ee vun de franséischen Patienten gesond ginn ass an nees zeréck a Frankräich geflu gëtt. Vun deenen honnerten Lëtzebuerger déi de Virus iwwerstanen hunn ,lièst ee kee Wuert. Et ass ganz ersiichtlech dass dat vun der Regierung net gewollt ass.Soss könnt een déi deeglech Zuelen sécher net oprecht erhalen, an de Virus wär net méi esou…
30ten Dag
Ech denke elo grad, elo ass den éischte Mount- an onsen Ausnamezoustand schonn bal eriwwer . Wéi séier een sech dach un dat Ganzt gewinnt. Elo nach ee Mount a mir mengen dat wier nach ëmmer esou gewièscht. Lous a lous gewinnt de Mënsch sech un den neie System an et ass dach och näischt Schlechtes dobäi. Mir gewinne ons drun- virum Geschäft an der Schlaang ze…
29ten Dag
Et ass Ouschterméindeg.Normalerweis wäre mir haut op der Eiméischen. Leider ass si ënnert de Virus komm.Et ass dofir en Dag fir nozedenken an ze recherchéieren. Nodeem wat gëschter Owend beim Wegscheider op Servus TV erauskoum, muss een ëmmer méi nodenklech ginn.Och do gëtt festgestallt , dass mat Falschinformatiounen nëmmen esou ronderëm sech geworf gëtt. Dass Läit, déi sech net der offizieller…
28ten Dag
An der Belsch ass de Virus och amgaangen schlëmm zouzeschloen. Virun allem an den Seniorenheemer ass d´Situatioun ganz schlëmm. Hei, wou se all Dag Masken an Händschen missten hunn, feelt et anscheinend iwwerall un dësem Material.Nodeem eng Ladung vun 3 Millioune Maske geliwwert gouf huet de Minister, deem dat Ganzt ënnersteet festgestallt, dass déi Masken den CE Stempel net haten. Als Konsequenz huet…
27ten Dag
Et tauchen ëmmer méi Iwwerleeungen op, déi déi momentan Kris mat der Finanzkris vun 2007/08 gläichsetzen. Wou esouguer schonn dervu geschwat gëtt dass des Kris nach bei weitem méi schlëmm kënnt ginn wéi d´Kris vun 2008. Ausserdeem gëtt momentan mat de Billarden nëmmen esou ronderëm sech geheit, wou een sech d´Fro muss stellen wou all des Billarden sollen hierkommen. Ee muss dat jo herno bezouhlen, an dat si ganz sécher…
26ten Dag
Betriber am Land waarden drop, dass endlech eng Neiegkeet vun der Regierung kënnt, wéini hir Betriber erëm däerfe schaffen. Vill vun hinnen sti schonn um Rand vum Zesummebroch. Anscheinend ass dat onse Politiker awer zimmlech egal, si loossen sech wéi ëmmer Zäit, hir Pai leeft jo weider. Iwwerdeems gesteet eis Gesondheetsministesch an, dass si vun deem wat si do mécht, net ganz vill Ahnung huet. Si wär…
25ten Dag
Ons Regierung huet sech duerchgerongen eise Fräiberuffler mat 2.500 Euro ënnert d´Äerm ze gräifen. Zur gläicher Zäit gouf awer direkt gesot, dass nëmmen déi sollen ënnerstëtzt ginn déi all Mount den zweefachen Mindestloun kotiséieren. Dat heescht a Wierklechkeet, dass nëmmen déi mannst des Geld wäerte kréien, well et geet keen dohinner an kotiséiert den zweefachen Mindestloun, wann en esou just de Mindestloun um Enn vum Mount fir sech kann…
24ten Dag
D´Press beschwéiert sech doriwwer, dass eis Regierung et géif praktesch onméiglech maachen fir un Informatiounen ze kommen.D´Press kéint nëmmen op déi Informatiounen zeréckgräifen, déi d´Regierung hinnen géif zur Verfügung stellen. Dat wier enger Demokratie net wierdeg a misst ophéieren. Och hei also diktatoresch Moossnamen.Et ass kloer, dass hei eppes soll verstoppt gin. An da schwätzt e Bausch dovunner, dass mer missten oppassen dass ons Demokratie net ënnert d´Rièder géif kommen.…