U Stömmen aus der Regierung ass ze mierken dass et esou lous mat der gudder Stömmung de Bierg of geet. Aus engem Interview mam Asselborn huet een erausfonnt,dass dee schonn ugefaangen huet sech vum Entschloss vun deenen aneren Regierungsvertrièder ofzesetzen, iwwerdeems en ëmmer erëm drop higewisen huet- dass dat oder dat net an sengem Beräich géif leien.
Bei Froen un P.Lenert koum elo eraus dass alt erëm mat falschen Zouhlen operéiert ginn ass. Sie huet sech domadder erausgerièt,sie hätt dat falsch interpretéiert.Bei den Zouhlen vun de Geheelten si mer elo innerhalb vun engem Dag vun 80 op 500 gerëtscht. Dat weist drop hin, dass och nach aner Läit de falschen Zouhlen op der Spuer sinn.
Op d´Fro hin firwat esou grouss Feelinformatiounen festzestellen wieren huet sie ganz verschotert gemengt, dass sie et als net opportun gehalen hätt déi richteg Zouhlen erauszeginn.Dat hätt natierlech näischt mat politeschen Hannergedanken ze dinn.
Och muss ee feststellen, dass den Duerchschnëttsalter vun deene Läit- déi de Virus net iwwerlièft hunn, bei 86 Joer läit. Do stellt sech natierlech d´Fro, firwat een eng ganz Wirtschaft iwwer Wochen an eventuell Méint komplett lahm leet- mat deem Grond- et wëllt een d´Läit virum Virus schützen, wann déi Grupp déi ons Wirtschaft dréit, iwwerhaapt net vum Virus betraff ass. Gutt, dat konnt een déi éischt dréi- véier Wochen nach vertrièden. No all deem dat mer elo no deenen dréi Wochen awer wëssen, ass dëst op keng Aart a Weis méi gerechtfäerdegt.
Dëser Meenung sinn och ëmmer méi Läit aus der Wirtschaft.Well et ass ze mierken, dass den Drock vun de Firmaen op ons Regierung ëmmer méi staark gëtt. Do huet e Patron vun enger Baufirma drop higewisen, wat dat Ganzt fir Firmaen wéi hir, géif bedeiten. Ausserdeem wieren herno , wann dat Ganzt erëm géif ulafen, déi Regierungsoplaagen guer net ze bewältegen. Ausserdeem huet de Mann drop higewisen, wièn dann elo déi Käschten géif droen déi duerch des ganz Moossnamen op de Chantieren géifen entstoen. Do wäre Verträg gemaach ginn un déi hièn sech misst halen. Do wären Zomme festgeschriwwe ginn, déi elo mat deenen neien Oplagen bei wäitem géifen iwwerschratt ginn. De Client géif dat net bezouhlen.
En aneren wäisst drop hin, wat dat Ganzt do vir de Horesca Secteur géif bedeiten. Do wäre vill Betriber, déi bräichten herno hir Dieren guer net méi opzemaachen. Och an hirem Betrib wär d´Situatioun net roseg, opschonn si nach konnte schaffen, wann och nëmme mat hallwer Mannschaft.
Et ass iwwerall ze mierken, dass de Schmusekurs lous a lous dem Enn zougeet an dass vill Patronen am Land net méi wëlles hunn de Mond ze halen.
Fir d´Regierung bedeit dat elo, dass de Moment vun der Wourecht ëmmer méi no réckelt.De Bettel gëtt net färdech ze erklären dass hièn kee Milimeter vun deem haitegen Kurs wëllt ofréckelen. Loosse mer emol kucken, wéi laang se dat doten nach duerchhalen.
Och um Radio gëtt ëmmer méi dacks gefrot, wéi laang dat doten nach soll weider goen. Den Asselborn huet gemengt dass wéinstens de ganzen Abrëll nach esou géif weider gefuer ginn an da misst een emol gesinn. Dat heescht mat aner Wièder, dass si domadder rechnen, dass et och nach iwwert den Abrëll erausgeet.
Wat dann mat onser Wirtschaft an onsem ganze Staat lass, ass kann een sech jo liicht virstellen.
Fir all Patronen am Land muss dat doten eng Hiobsbotschaft gewièscht sinn. D´Aarbechter an d´Beamten jubelen, well hinnen hir Pai leeft jo weider.
Drop ugeschwat, dass d´Läit nach ëmmer op déi versprache Gelder vum Staat géife waarden, huet de Kersch gemengt, si konnten eben net jidderengem hëllefen, domadder missten d´Läit sech offannen. Dee selwechte System also wéi virun 70 Joer bei der Rekonstruktioun, do hunn d´Läit virdéischt och dat Blot vum Himmel versprach kritt, an herno konnten se bal alles selwer bezouhlen.Wéi d´Saachen sech dach gläichen.
Bei där ganzer Saach huet elo och eis Oberbotzfraa sech zu Wuert gemellt. Si huet misste feststellen, dass elo iwwerall Gesiichtsmasken a Gummishändschen géifen doruechter leien. Esou eppes könnt sie net toleréieren. Wat een awer alles mécht fir sech bemierkbar ze maachen.
Et ass iwwerall ze mierken, dass a verschiddene Länner all Hièwel a Beweegung gesat gëtt fir d´Läit duerch hir Handydaten komplett ze iwwerwaachen. Do kann een dann ganz genee feststellen, wouhin déi eenzel Persounen higinn oder op se doheem bleiwen.Et kann een domadder och kontrolléieren, mat wièm déi Läit sech treffen. Natierlech alles nëmmen fir de Virus ze bekämpfen! Do ass kee Mënsch, deen drun denk,t dëst anzesetzen vir eng komplett Iwwerwaachung op d´Been ze stellen.Och bei eisem dätschen Noper gëtt schonn ganz intensiv iwwer esou Moossnamen nogeduecht, alles natierlech, nëmmen zum Gudden vun de Mënschen. Do ass keen, deen drun denkt mam Covid 19 eng Diktatur anzeféieren an domadder och de kompletten Iwwerwaachungsstaat méiglech ginn ze loossen.
Eppes dat sech ganz genee verfollegen léisst, ass déi Tatsaach, dass elobeemol zwou Parteien, déi am Fong geholl an der lëtzebuergescher Politik praktesch keng Roll méi gespillt hunn , op eischter Platz sinn. Déi Partei, déi bis elo den Toun an der lëtzebuergescher Politik uginn huet, ass praktesch net méi existent. Jo, si ass esouguer zur Laachnummer ginn.Wann een nach een vun hinnen héiert, muss e just nach de Kapp rësselen.
An déi zwou Parteien wäerten elo maachen, dass si d´Ram vun där ganzer Kris an de nächste Walen, déi nëmme méi zwee Joer ewech sinn ,können ofschäffen.
Déi bis elo gemengt hunn si wären déi nächste Walgewönner, stinn elo beemol ganz schlecht do.Et ass dofir och net domadder ze rechnen dass déi zwou Parteien hire kometenhaften Opstig esou séier erëm fale loossen an deenen aneren d´Feld iwwerloossen.
De Virus ass wierklech eng Gabe Gottes.Et hat jo jiddereen domadder gerechent dass d´LSAP béi de nächste Walen net méi existent wier. Elo beemol an nëmmen dréi Wochen, gesäit dat ganz anescht aus.
Déi Gréng , déi bis elo an onser Politik dat éischt Wuert gefouert hunn si komplett vun der Bildfläch verschwonnen, iwwregens genee esou wéi déi, déi all Freides op d´Strooss jäitze gaange sinn a fir hiert Lièwe gekämpft hunn.
Et ass scho komesch, do sinn der elo- déi hir ganz Fräiheet wëlle massiv aschränken a vun all deenen Helden ass keen Toun méi ze héieren, wourun e gesäit, dass dat alles vun deene Grénge gestéiert war.