21ten Dag

Un der lëtzebuergescher Virusfront ass et roueg. Et ass Sonndeg, do fënnt jo bäi ons bekanntlech « Der Krieg im Saale statt »

Bei onsem Noper an indirektem Noper ass dat allerdéngs eppes aneschtes.An Däitschland ginn sech ëmmer méi Froe gestallt.Z.b.op deen Shut Down do déi richteg Politik ass, a wat des Politik dat ganzt Land wäert kaschten.

Bedeitend Wëssenschaftler, Ökonomen, Professeren a Virologen sinn der Meenung dass hei dem Land en onermoossleche Schued géif ugedoen ginn, dat guer net néideg gewièscht wier.

Ausserdeem géif mat alle Mëttelen versicht ginn, si drun ze hënneren dass si hier Meenung géife soen. Et wier ze mierken dass eng aner Meenung wéi d´Regierungsmeenung guer net méi gären gehéiert géif ginn. Dat könt engem dach  irgendwéi bekannt vir.

Da misst een och feststellen, dass mat falschen Zuelen géif hantéiert gin, déi haaptsächlech vum Robert Koch Institut géife verbreet ginn. Elo misst ee wëssen dass de Robert Koch Institut eng Regierungsinstitutioun wier. Zum Beweis gouf den Aganksberäich vun dësem Institut gewisen, wou de Bundesadler op enger Messingsplack ze gesi war.

Ausserdeem gouf festgestallt, och ënnert dem Beweis vum Dokument, dass d´Medien vun der Regierung opgefuerdert goufen Angscht a Panik ze verbreeden.Duerch esou Beweiser gesäit ee ganz däitlech wat hei amgaang ass.

Wat erëm ganz komesch ass, dat ass, dass dat iwwerall an der EU no deem selwechte Schema ofleeft.

Am Owend koum um Servus TV e Bericht vum Wegscheider, deen sech och, mat hoergenau deene gläichen Phänomener, an Eistreich auserneen gesat huet. Och hei déi selwecht Bestrièwungen — keng aner Meenung opkommen ze loossen wéi d´Regierungsmeenung. Och hei muss ee feststellen dass mat Zuelen hantéiert gött, déi néirens kënnen noverfollecht ginn, mee wou festzestellen ass, dass se falsch sinn- well se net iwwerteneen stömmen.Ausserdeem gouf festgestallt dass een sech Zuelen bei den Italiener géif ausléinen, wou jiddereen deen um Lafenden wier, géif wëssen dass se gefälscht wären.

Et ass also eng ganz kloer Strategie a sämtlechen EU Länner festzestellen an iwwerall gëtt hiert derzäitegt Handelen als alternativlos dohigestallt.Wéi am Ufank vun der Kris muss ee feststellen dass hei iwwerall no engem Plang verfuer gëtt an iwwerall muss ee feststellen, dass staark diktatoresch Tendenzen ze mierke sinn. Et steet also fest dass dat Ganzt no engem feste Plang ofleeft, dee vun iergendwou zentral gesteiert gëtt.Wat ass hei wierklech amgaang?

Eent steet op alle Fall fest, de Virus an d´Angscht, an déi ganz wahnsinneg Moossnamen ginn nees eng Kéier gebraucht fir eppes aneschtes , vill méi Wichteges ze verdecken an déi néideg Zäit ze kréien fir dëst an aller Rou hannert der Wand vum Virus kënnen duerchzezéien. An et gesäit ganz esou aus wéi wann et d´Erriichtung vun enger Diktatur wär. Iwwregends- jo och en Trend virun deem den Asselborn gewarnt huet.Dofir och déi strikt Ausgangsspär an alle Länner. Et soll onbedéngt verhënnert ginn, dass sech Läit treffen an dann Géigemoossnamen konnten aleeden. Alles dat soll duerch d´Ausgangsspär an déi komplett Iwwerwaachung vum Telefon an Internetverbindung verhënnert ginn. Do ass eng ganz grouss Saach um lafen an ech fäerte ganz, wann et färdech ass hu mer eng EU wäit Diktatur op de Been stoen.Eng Diktatur vun demokrateschen Parteien op d´Been gestallt, déi keen aneren Auswee méi woussten, wéi eng Diktatur ze erriichten.

An et ass jo elo schonn ze mierken dass e ganze Koup vun deene Moossnahmen déi ergraff goufen och an Zukunft, wa scho laang kee méi vum Virus schwätzt eis wäerten erhale bleiwen.

An herno an onser normaler Gesetzgebung wäerten hir Platz fannen.

Esou setzt ee Saachen duerch, déi ouni Virus ni duerchsetzbar gewièscht wären.

An et geséit een jo elo schon, wéi d´Läit sech lous a lous un déi Aschränkungen   gewinnen an si sang a klanglos iwwerhuelen, an sech nach net emol bewosst sinn wat eigentlech hei amgaangen ass, sech opzebauen.  Angscht a Panik, déi vun eise Medien verbreet gin an déi vum Staat gesteiert sinn.

Et ass nëmmen ze mierken, dass hei zu Lëtzebuerg vu kritesche Stömmen praktesch näischt ze héíeren ass, net wéi an Däitschland,  Frankräich,  Eistreich asw.

An esou engem kruziale Moment hält een fest zur Regierung. Hei si Läit, déi ganz bestëmmt wëssen wat ze maachen ass.

Op dat wierklech esou ass gesi mer erréischt an e puer Méint an dann ass et ze spéit.

E Kommentar schreiwen

Är Email Adress gëtt net publizéiert. Pflichtfelder si mat engem * markéiert.