22ten Dag

An Eisträich wëllt ee vun de strikten Mesuren wat de Coronavirus ugeet Ofstand huelen.Et géif een drun denken fir kleng Geschäfter, Restauranten a Caféen erëm opzemaachen. Allerdéngs géif eng Maskepflicht an Hänschepflicht bleiwen.

Eisträich ass dann elo dat éischt Land dat lous a lous agesäit dass et esou net kann viru goen.

D´Warnungen déi gëschter um Servus TV ausgesprach goufen hunn also Friichte gedroen. Loosse  mer elo mol kucken wéi hei zu Lëtzebuerg reagéiert gëtt.

Et huet net laang gedauert, nodeem vun Eisträich d´Noriicht koum dass d´Moossnamen géife gelackert ginn, koum bemol och hei aus Lëtzebuerg d´Noriicht dass d´Infizéiertenzouhlen schlagaarteg erofgaange wieren. Et sollen elo nëmme méi 33 Infizéierter festgestallt gi sinn.Et ass scho komesch, wéi déi Zouhlen sech elo bemol esou séier kënnen änneren.An och hei béi ons gëtt elo vun engem Exit aus deem ganzen Dilemma geschwat.An et gesäit elo aus, wéi wann een an den nächsten Deeg dem eisträischen Bäispill wëllt folgen.

Wat nach opfällt, dat ass ,dat all Biller déi aus Spidäler gewise ginn nëmme méi eidel Better weisen.Och vun deem bis virgëschter verbreeten Pessimismus dass dat schlëmmst nach géif kommen, héiert een elo bemol kee Wuert méi.

Et gesäit ganz esou aus, wéi wann hei e puer Läit an de läschte Stonnen ferm gerëselt gi wären an sech elo bemol bewosst gi wären wat si amgaang sinn unzeriichten.Et huet sech jo an den zwee leschten Deeg erëmgeschwat dass de Schuet deen d´Ofwirmoossnamen uriichten, em e villt méi grouss wier , wéi de Virus selwer. D´Kand gouf souzesoen mam Bad ausgeschott.Do ass Läit nogelauschtert ginn déi mam Virus hir Zöppchen wollte kachen.

Just béi onsem Noper Däitschland wiert sech d´Angela an den Horst standhaft och nëmmen vun engem Exit ze schwätzen. Als Beweis dass si nach ëmmer un hirer Liggestrategie festhalen, geséit een dorunner dass de Seehofer ab haut d´Arees an Däitschland nach eng Kéier méi erschwéiert.D´Kontrollen un de Grenzen sollen nach eng Kéier verschäerft ginn. Elo soll jiddereen deen an Däitschland areest fir 14 Deeg a Quarantän. Et gëtt hei also un der Strategie vun der Angscht festgehalen, mat deem Argument Eisträich wier mat sengen Moossnamen jo och eng Woch virun Däitschland gewièscht.Wéi een aus der Vergaangenheet weess, ass d´Angela zimmlech resistent géint néi Iwwerleeungen. De Seehofer ass doranner jo och net ze iwwertreffen. Loosse mer emol kucken wouhin se hiert Land a ganz Europa nach wäerte féieren.

An Italien, Spuenien an a Frankräich  huet sech d´Situatioun och wéi vu Geeschterhand verbessert. Hei och vill manner Infizéierter, an et léisst een liicht Hoffnung erblécken.

Et gesäit aus wéi wann an der ganzer EU ganz plëtzlech en Ëmdenken agesat hätt. Loosse  mer emol kucken, wéi et an der neier Woch weider geet.

Am Laf vum Dag gëtt a Frankräich awer direkt erëm d´Handbrems gezunn. Virun allem zu Paräis hätten sech der vill net un d´Virschrëfte gehalen. Do gouf dann elo e Sportsverbuet ausgesprach.

E puer där Läit hätte mer och hei zu Lëtzebuerg, muss onse Verdeedegungsminister de Francois feststellen.Hiè wëllt sech och emol nees eng Keier bemierkbar maachen.D´Polizei géif all Dag teschend 30 a 40 Protekoller ausstellen. Ausserdeem erënnert hièn drun, dass och nach ëmmer 75 Zaldoten all Dag un der Coronafront am Asaatz wären.

De Fränz ass och der Meenung, dass mer elo endlech de Spigel virgehale kritt hätten. E mengt do ganz bestëmmt virun allem seng gréng Partei.Well béi där ganzer Saach huet keen de Spigel esou virgehale kritt, wéi seng Partei.Et huet sech elo a kierzter Zäit erausgestallt dass, wann et esou geet , wéi di Gréng sech dat an hiren schéinsten Dreem virstellen, eis Gesellschaft einfach zesummebrécht.Elo endlech ass keen Tanktourismus do. Et ass awer just elo wou de Staat d´Geld vum Tanktourismus am néideschsten géif brauchen.Da können d´Läit zwar virnäischt mam Bus a mam Zuch fueren, wat awer kee Mënsch méi intresséiert. Well d´Bussen an d´Zich zu Virusschleideren mutéiert sinn an déi eenzeg secher Fortbeweegung mam eegenen Auto ze maachen ass.Dann ass och festgestallt ginn, wéi néideg en eegenen Auto ass, well en déi eenzeg Verbindung zur Aussewelt ass. An onbedéngt néideg, wöllt een seng Versuergung oprecht erhalen.

Et kann ee jo schliisslech net 5 oder 10 Kilometer zu Fouss an d´Geschäft akafe goen. Och de Vëlo ass fir esou e Fall net grad dat richtegt Fortbeweegungsmëttel.

Och könt elo ganz séier zum Virschäin, wéi wichteg eng funktionéierend Wirtschaft- a Landwirtschaft ass. A wéi séier e Land zesummebrécht wann des Zweiger net méi funktionéieren. Ganz Dramwelten sinn amgaang zesummenzebrièchen, well elo ginn si mat der Realitéit konfrontéiert.An et weist sech all Dag ëmmer méi wouhin déi gréng Dramwelten eis bréngen, sollten si eng Kéier Wierklechkeet ginn.

De Fränz mengt dann och, mir missten Léieren fir d´Zukunft aus deem Ganzen zéien.Déi Gréng huet en bei dëser Opfuerderung ganz sécher vergièss.

E mengt och, dass mer onbedéngt missten oppassen dass béi där ganzer Pandemie onse Rechtsstaat net ënnert d´Rièder dierft kommen.Et ass gutt dass en dat seet, et si just hièn an seng Kolleegen, déi sech dat am meeschte mussen virun Aen halen, well et huet een heiansdo d´Opfaassung wéi wann just si dat géife vergièssen. Schliisslech sötze mir Bierger net um Rudder, mee si als Ministeren a Parlamentarier. Also loosse mer hoffen dass seng Wièder op fruuchtbare Buedem falen.

Wann ee gesäit wéi verschidde Läit agéieren muss een dorunner zweiwelen.De Fränz mengt och dass den Egoismus eng staark Däll kritt hätt. Jo ganz bestëmmt, a ganz sécher den Egoismus vun där grénger Partei muss eng extra staark Téitsch kritt hunn. Hoffentlech mierken se dat och an hirer onheemlecher Arroganz. Wann ech esou dem Fränz seng Aussoen ukucken ass dat allerdéngs net ganz sécher. Well hiè mengt ëmmer, all déi aner missten sech un der eegener Noss houlen, just net déi Gréng. Wéi ee weess sinn des Läit erfahrungsresisdent.

An et kann gutt sinn, dass si herno als déi grouss Gewönner wëllen optrièden,opschonns elo a kierzter Zäit hiert ganzt Konstrukt an sech zesummegebrach ass.

Well och dem Ursula séi Green Deal dierft elo vun der Bildfläch verschwonne sinn. D´Billarden gi schliisslech elo fir d´Rettung vun der europäescher Industrie an de Länner gebraucht an net méi fir gréng Fantastereien ze finanzéieren.Ech géif soen, béi dëser Kris si virun allem déi gréng Parteien nees op de Buedem vun der Realitéit zeréck bruecht ginn.

Et heescht just oppassen dass bei deem ganzen Dilemma net och ons Demokratie Schöffbroch erleid.D´Kräften déi dëst wëllen ëmsetzen sinn iwwerall ze mierken an ze spieren.

Iwwerall sinn Tendenzen spierbar déi „ die Gunst der Stunde“ wölle notzen an ënnert dem Virwand vun der Bekämpfung vum Virus en totalen Iwwerwaachungsstaat op d´Been wölle stellen.Nach méi Iwwerwaachung wéi mer bis elo schonn hunn.D´Zäiten fir esou eppes op d´Been ze stellen waren ni besser wéi elo. Jiddereen ziddert vun Angscht a mierkt meeschtens guer net wat do hannert de Kulisse gespillt gëtt.

Wat nach ze mierken ass, dat ass -dat all Staat dee versicht eng eege Richtung bei deem ganzen anzeschloen, direkt als geféierlech an onverantwortlech higestallt gëtt. Tendenz vun där enger Meenung déi nëmme méi däerf zièlen ass iwwerall festzestellen.Et gesäit wierklech aus wéi wa mer an eng global Diktatur géifen ofrëtschen.

Eppes dat nach feststellbar ass, dat ass wéi séier elo erëm ASBL´en a Fondatiounen aus dem Buedem wuessen, déi versichen d´Angscht vun de Läit an hir eegen Täschen ëmzeleeden. Eppes dat jo , wéi een iwwerall gesäit och beschtens schéngt ze klappen, soss könnten des Organisatiounen sech déi gewalteg Propagandacampagnen jo guer net leeschten.

D´Zuelen vun haut : 41 Doudeger,( wou den Duerchschnëttsalter nach ëmmer bei 86 Joer läit), an 2843 Infizéierter.

Et gouf festgestallt, dass de Mënsch seng Gewunnechten eréischt no 60 Deeg géif änneren. Mat anere Wièder, mir mussen op d´manst nach 40 Deeg am Ausnaamenzoustand lièwen bis déi Läit, déi hannendru stièchen unhoule können, dass dat wat si sech virgestallt hunn, bei der Gesellschaft och antrëtt. Des Ausso huet ganz kloer gewisen wat wierklech mat der Angschtkompagne soll erreecht ginn.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert