D´Press beschwéiert sech doriwwer, dass eis Regierung et géif praktesch onméiglech maachen fir un Informatiounen ze kommen.D´Press kéint nëmmen op déi Informatiounen zeréckgräifen, déi d´Regierung hinnen géif zur Verfügung stellen. Dat wier enger Demokratie net wierdeg a misst ophéieren. Och hei also diktatoresch Moossnamen.Et ass kloer, dass hei eppes soll verstoppt gin. An da schwätzt e Bausch dovunner, dass mer missten oppassen dass ons Demokratie net ënnert d´Rièder géif kommen. Nodeem heiten, en Hohn. Déi Leit veraarschen d´Populatioun no Stréch a Fuedem a wëllen dat duerch eng Pressezensur verstoppen.Mir sinn also wierklech um Wee an Diktatur. Ech hat also Recht mat ménge Viraussoen.Hei gëtt mat falschen Zuelen a falschen Aussoe geschafft, soss bräicht jo keng Pressezensur gemaach ze ginn. Wann een näischt ze verstoppen huet, brauch een net zu esou Moossnamen ze gräifen.
Mir sinn also drun vun onser demokratescher Regierung e Maulkuerf verpasst ze kréien.
Iwwerdeems bleift un onse Grenzen d´Situatioun weider brisant.A plaatz dass d´Grenzkontrollen géife gelackert ginn, ginn si weiderhin vun onse franséischen an däitschen Noper verschäerft.
An Däitschland muss elo jiddereen deen an d´Land era wëllt fir 14 Deeg a Quarantäne.
A Frankräich brauch elo jiddereen e „Laissez Passer“, deen zu Paräis muss ugefrot ginn. Ausserdeem muss een fir all Faart eng Fiche ausgefëllt hunn, wou den Zweck an d´Ziel, wéi Dauer vun sénger Rees agedroen ass.
D´Hürden déi iwwerall vun onse Noperen opgebaut ginn, hu scho laang näischt méi mat der Coronakris ze doen.Hei gëtt elo dat ëmgesat, dat verschidde Kreesser, a béide Länner, scho méi laang fuerderen, nämlech erëm Grenzkontrollen, wéi virun 35 Joer.
Devise ass ganz kloer, „Vorwärts Kameraden, wir müssen zurück“.Fir ons d´Land könnt dat Ganzt zur Zerräissprouf ginn. Wéi esou dacks an onser Geschicht spillen ons Noperen hir Trömp géint ons aus a weisen ons, dass mer ouni hir Aarbechtskräften an ouni offe Grenzen, net lièwensfäheg sinn. Alt nees eng Kéier kritt Lëtzebuerg gewisen, wéi wackeleg an ugräifbar säi Geschäftsmodell a Wierklechkeet ass. A wéi wichteg et fir ons ass, dass mir eng funktionéierend EU hunn. Et kann ee roueg soen, iwwerlièwenswichteg. Wou mer och musse gesinn, wat aus ons gëtt, wann d´EU des Kris net soll iwwerstoen.
A wéi 1919 wäerte mer onsen Noperen all méiglech Zougeständnesser musse maachen, wa mer eenegermoossen ganz wëllen aus dëser Kris erauskommen.
Mee wann een d´Warnruffer vun iwwerall héiert, kann et gutt sinn, dass mam Enn vun der Kris och d´Enn vun der EU komm ass. Villes deit drop hin, dass d´EU des Kris net iwwersteet.
An der Teschenzäit sinn net nëmmen d´Grenzen zwöschen onse Nopeschlänner erëm zou, mee och vill Lëtzebuerger, déi an anere Länner vun der EU an ausserhalb der EU waren, kommen net méi heem.Si sinn drop ugewisen, dass ons Regierung sech drëm këmmert, dass si nees zeréck no Lëtzebuerg kommen.
Wéi an onse Nopeschlänner, esou gëtt och hei zu Lëtzebuerg de Modell duerchduecht. Wéi Dokteren sech musse verhalen wann d´medezinesch Geräter net fir all Patienten duerginn.Wéi am Ausland gëtt sech och hei bei ons d´Fro gestallt, wièn dann elo lièwe soll oder nach Hëllef kritt.a wièn stierwe gelooss gëtt.
Mir sinn also duerch de Virus zu enger Selektiounsgesellschaft ginn.Eppes dat en sech virun dréi Wochen nach net emol ze denke getraut hätt.Déi Denkweis ass elo an nëmmen dréi Wochen zur Normalitéit ginn, a kee Mënsch reegt sech iwwer esou Aussoen méi op. Esou séier sinn ons fièlsefest, demokratesch Usiichten iwwert de Koup ze geheien.
Do schwätzt dann en Asselborn groussspuereg vun engem Land mat Häerz. Et gesäit een ëmmer méi dass all dat Geschwaffel vu eise Politiker wierklech nëmme Geschwaffel ass, a bei där klengsten Onreegelméissegkeet ganz séier iwwer Bord geworf gëtt, an dann ganz séier diktatoresch Tendenzen zum Virschäin kommen.
Dat gesäit een jo am beschten beim Versuch dem ganze Land e Maulkuerf ze verpassen, an d´Leit derzou opgefuerdert ginn- anerer ze denunzéieren, dat dann och mat grousser Begeeschterung vun onse Matbierger befollegt gëtt.
Iwwerall tauchen elo abemol ganz iwwerraschend Nazimethoden op, Nazimethoden déi bis elo esou vehement un de Pranger gestallt goufen an ëmmer nëmmen de Riètsextremen zougeschriwwe goufen. Elo abemol gräifen dach esou demokratesch Parteien ganz séier no de Mëttelen vun der Denonciatioun, der Repressioun an der Ënnerdréckung.
Natierlech alles nëmmen am Numm vum Virus. Ech ka mer an der Teschenzäit virstellen dass der vill guer net rosen iwwert dee Virus sinn an sech wënschen dass en nach laang genuch bestoe bleift, dass een ganz gemittlech séng ,am Grond, faschistesch Politik an der normaler Politik ka verankeren. Et ass elo de Moment, an dee – kann een sech net entgoe loossen.
Uechtert der Welt ass iwwregens ze mierken dass a verschiddene Länner Tatsaach gesi gou,f dass mat dëser Method vun der Krisebekämpfung net ka viru gefuer ginn, wëllt een net seng ganz Wirtschaft op Joerzéngten eraus ruinéieren.
Dofir fänke vill Länner lous a lous un de Réckwärtsgang anzeleeden. Just hei zu Lëtzebuerg wëllt een anscheinend bis elo näischt vun esou Moossnamen wëssen.
Esouguer an Italien an a Spuenien schwätzt een dervunner, verschidde Moossnamen zeréck ze fueren. Och bei onsem Noper Däitschland gëtt des Diskussioun vehement gefouert, wann och déi berühmte Bundeskanzlerin ,wéi ëmmer stuer un hirer Entscheedung wëllt festhalen.
Iwwerall gi Wëssenschaftler a Virologen op d´Barrikaden a kritiséieren déi onugepassten Methoden mat deenen een de Virus bekämpfe well. Dat alles mat der Ënnerstëtzung vu Läit déi net wëssen wat se do am Gaang sinn ze maachen.D´Fernseesender a Youtube ass voll vun esou Diskussiounen, just vu Lëtzebuerg héiert ee guer näischt.
Ons Regierung huet wierklech alles stöll geluecht. Hei ass Demokratie schonn zum Auslafmodell erkläert ginn , a kee Mënsch huet eppes dergéint.Et gesäit een dass de Lëtzebuerger Modell funktionéiert.
Dat kuerzt Opflackeren vun onsem Journalisteverband huet just bewisen dass mer lous awer sécher schonn an der Diktatur ukomm sinn, natierlech ouni dass den Normalletzebuerger dovunner eppes gemierkt huet.
Iwwerall sinn och elo ons Demokratiewièchter domadder beschäftegt ons ze verkafen, dass een de Virus nëmme mat modernster Iwwerwaachungstechnologie ka bekämpfen.
Dofir soll elo déi total Iwwerwaachung, ënnert der Deckung vum Virus, salonsfäheg gemaach ginn.Fir den Ufank leeft dat alles ënnert dem Motto vun der Fräiwellechkeet, mee dat sinn Saachen déi kennt ee jo aus der Vergaangenheet.
Déi Fräiwellechkeet kann een da ganz séier an e Muss ëmwandelen wann een et fir opportun hält.
An nees eng Kéier jubelen ons technikbegeeschtert Mattmënschen iwwert esouvill technesch Machbares. Wann et em de Kampf géint de Virus geet ass alles erlaabt an een deen dat net wëllt agesinn, kann een esou lous a lous als Volksschädling betitelen a schonn emol drun denken dëse Quirdenker iergendwéi aus dem Wee ze schafen.
Ganz sécher schafe mer elo vill Independanten aus de Féiss, well déi wäerten déi Kris mat deenen hallefhäerzegen Behëllefen vun onser Regierung net iwwerstoen.
Aus eegener Erfahrung weess ech, wat et heescht Independant ze sinn. Esou eng Situatioun wéi elo hätt ons a kierzter Zäit an de Ruin gedriwwen. Wäre mir nach am Business, géife mir des Kris net iwwerstoen.
Et ass scho komesch dass vir déi schaffend Populatioun alles ënnerholl gëtt dass si gutt duerch des Kris kommen, an zu gläicher Zäit déi Läit futti goe gelooss ginn ,déi dëse Läit herno hir Aarbecht erëm sollen zeréckginn.
Wou ass do d´Iwwerleeung, a wou ass d´Gerechtegkeet vun där- déi heite Regierung jo esou gäre schwätzt. Déi Läit déi de Réckgrad vum Land duerstellen ginn einfach futti goe gelooss.
Just d´Wièlerschaft gëtt mat Wueltaten zougedeckt, déi aner kënne jo futti goen, op di 35000 si mer dach net ugewisen.
Ech fäerte ganz no där intelligenter Krisebekämpfung wäert et ons ganz séier bewosst gin wivill mer all des Läit gebraucht hunn. Well des Kéier ass net een deen d´Handduch muss werfen, mee dausenden.Ech si mer net sécher op onst winzegt Land dëst iwwersteet.
Hir beschte Läit ginn vun onser Regierung op schänterlechst Aart a Weis am Stéch gelooss. Déi Läit déi herno d´Kar erëm sollen aus dem Dreck zéien ginn einfach masseweis kaal gemaach.
Eng wierklech wäitkuckend Politik, eng Politik déi brutal Konsequenzen fir ons d´ Land wäert hunn.
Et ass intressant ze gesinn wéi an der Press all Moossnamen déi mat der Regierung ze dinn hunn, an den Himmel gelueft ginn. Et gëtt een net méi färdech mat Merci soen.
Dat wat awer op der anerer Sail duerch d´Moossnamen vun der Regierung ugeriicht gëtt an nach wäert ginn, gëtt kee Wuert geschwat.
Da gëtt och emmer erem ernimmt, wéi gutt des Moossnamen onser Natur dinn. Dese Läit ass et anscheinend komplett egal dass mer elo eng komplett propper Natur kréien, dass herno just kee méi do ass fir des Natur ze genéissen, well se sech aus lauter Verzweiwlung ëmbruecht hunn.
Awer dëse Läit hiert Denken war jo nach ëmmer staark ageschränkt.Wann een Stréi am Kapp huet, ass dat eben esou.
Wat nach opfällt bei deem Ganzen dat ass ,dass eis Infizéierte Zuel all Dag ëmmer méi an d´Luucht geet.
Komescherweis sinn all Dag esouvill Läit déi nees gesond sinn, déi ginn awer nach ëmmer zu den Infizéierten derbäi gerechent.Normalerweis missten déi jo vun den Infizéirtenzouhlen ofgerechent ginn, déi sinn jo net meí infizéiert. Nee, déi ginn ëmmer nach dobäi gerechent, nëmmen fir dass d´Zuelen héich genuch sinn fir de Läit eng falsch Wierklechkeet firzegauckelen an déi Infizéiert kënschtlech héichzehahlen.
Dat alles fir déi brachial Virschrëften, déi onst Land an den Ofgrond féieren-ze rechtfäerdegen.
Schonn erëm eng Kéier de Beweis, dass hei mat getürkten Zuelen geschafft gëtt fir déi momentan Situatioun esou laang wie nëmme méiglech oprecht ze halen.
D´Panik gëtt also, genee wéi an Däitschland, kënstlech oprecht erhalen mam Hannergrond, d´Populatioun bereet ze maachen Aktiounen ze rechtfäerdegen, déi eis Fräiheet staark an der Zukunft wäerten aschränken.
Am Hannergrond gëtt den totalen Iwwerwaachungsstaat opgebaut a keen mierkt eppes.
Et ass och ze mierken dass onsen Wunnengsbauminister Kox virdrun warnt, dass elo de Wunnengsmaart komplett géif zesummebrièchen. D´Fro déi een sech muss stellen , dat ass duerch wat dass dat ass. Dat ass ganz eleng duerch d´Schold vun onser Regierung, déi elo scho praktesch e ganze Mount d´Aarbechten op de Bauplazen komplett ënnersot huet.
Och hei ass ze gesinn dass permanent versicht gëtt d´Auswierkungen vun deem ganzen Desaster aneren an d´Schong ze drécken.