Ons Regierung huet sech duerchgerongen eise Fräiberuffler mat 2.500 Euro ënnert d´Äerm ze gräifen.
Zur gläicher Zäit gouf awer direkt gesot, dass nëmmen déi sollen ënnerstëtzt ginn déi all Mount den zweefachen Mindestloun kotiséieren.
Dat heescht a Wierklechkeet, dass nëmmen déi mannst des Geld wäerte kréien, well et geet keen dohinner an kotiséiert den zweefachen Mindestloun, wann en esou just de Mindestloun um Enn vum Mount fir sech kann aus dem Betrib erauszéien.
Ech wär z.B. do komplett duerch de Raster gefall, well ech konnt mer emol ni de normalen Mindestloun aus dem Geschäft erauszéien. Ech hunn einfach guer näischt verdéngt an hunn zum Deel vun der Pai vu menger Fra musse lièwen.
Also alles erëm eng Kéier Augenwischerei, vu Läit déi null Virstellung hunn vun deem wat dobaussen wierklech ofleeft.A keng Virstellung vun deem wat se mat hirer Politik dem Land an sénge Bierger undinn.
An da gëtt dat grouss an onsen Zeitungen gefeiert als eng Erliichterung an der Kris.
All des Feelentscheedungen, Ligen a Fake News wäerten onst Land deier ze stoe kommen.
Mee aner Konsequenzen, wéi dat- dass déi, déi dat verbrach hunn an der nächster Regierung net méi wäerten derbäi sinn – huet dat ganzt net.
D´Läit dobaussen wäerten allerdéngs méi laang vun dësem Versoen hunn.
An dësem ganzen Desaster mellt sech och Greenpeace zu Wuert a fuerdert dass de Klimaschutz mat deenen gläiche Millioune géif ënnerstëtzt ginn, wéi dat elo fir déi vun der Wirtschaftskris betraffen Wirtschaften géif passéieren.
Dorunner gesäit een, dass des Läit wierklech déi schlëmmsten Ideologe sinn an ouni Récksiicht auf Verluste hire Wahnsinn wëllen duerchsetzen. Et gehéiert schonn allerhand Onverfrurenheet derzou an esou enger Situatioun ,wou d´Wirtschaften mat Billarden mussen ënnerstëtzt ginn fir iwwerhaapt dat Ganzt kënnen eenegermoossen ze iwwerstoen, an nach mindestens 20 Joer un deem ganzen wäerten ze knaen hunn, fir do nach Billarden ze fuerderen fir hir Fantastereien ze ënnerstëtzen.
Et ass natierlech schwiereg fir des Läit fir hir grouss Expeditiounen ze finanzéieren wann elo d´Staaten de Finanzkrunn wäerten zoudréien. Déi Billarden déi d´von der Leyen fir de Green Deal virausgesot huet- mussen elo an d´Wirtschaft gepompelt ginn dass si iwwerhaapt iwwerlièwen kann.Fir déi Organisatiounen déi bis elo ganz gutt vum Staatssäckel profitéiert hunn wäerten elo a kierzter Zäit an d´Laberente geroden.
Och onser hallef grénger Regierung gëtt un d´Häerz geluecht elo hir gréng Projekter net ze vernoléissegen.
Des Warnungen wärten ganz sécher bei onse gréngen Ministeren op fruuchtbare Buedem falen, wann ech och drun zweiwelen dass mer an de nächste Joren nach Zäit hunn un des Fantastereien ze denken, geschweichs dann genuch Geld wäerten hunn des ëmzesetzen.
Eppes huet een op alle Fall net verléiert, an datt ass- mam Fanger op anerer ze weisen, wéi déi wollten des Kris bewältegen. Do gëtt vu Schönfärberei geschwat. Eppes dat ee jo onser Regierung net ka virgeheien Et huet een also schonn erëm den Eck plus Ultra fonnt wéi des Kris ze bewältegen ass.
Liicht Zweiwel un deem, sinn allerdéngs ubruecht.
D´Bilanz vum 9ten Abrëll leit bei 3034 Infizéierter, natierlech déi gesond erem eng Kéier derbäi gerechent, a 46 Doudeger. Dat wieren 64 Infizéierter méi wéi gëschter.Getest goufen an der Teschenzäit 26.573 Persounen.