Betriber am Land waarden drop, dass endlech eng Neiegkeet vun der Regierung kënnt, wéini hir Betriber erëm däerfe schaffen. Vill vun hinnen sti schonn um Rand vum Zesummebroch. Anscheinend ass dat onse Politiker awer zimmlech egal, si loossen sech wéi ëmmer Zäit, hir Pai leeft jo weider.
Iwwerdeems gesteet eis Gesondheetsministesch an, dass si vun deem wat si do mécht, net ganz vill Ahnung huet. Si wär an d´kaalt Waasser geheit ginn, si hätt virdrun ni eppes mam Gesondheetssystem ze dinn gehat. Et wär och ganz schwiereg Entscheedungen ze treffen, wann een net géif wëssen wéi sech dat Ganzt géif weider entwéckelen.Mat aner Wièder, an der Regierung managt een dat Ganzt am Blindflug. Hei sinn gréisstendeels Neilingen um Wierk, déi keng Ahnung hun vun deem- wat se hei wierklech maachen .Och gëtt si zou, dass si Entscheedungen muss treffen wou si net weess op dat richteg ass, dat no baussen awer muss verkafen, wéi wann dat den Eck plus Ultra wier.
Iwwerhaapt muss ee feststellen, dass de gréissten Deel vun onser Regierungsmataarbechter jonk an onerfueren Politiker sinn, déi elo eppes sollen gidéieren wou et em d´Iwwerlièwen vum Land geet, an déi null Erfahrung an null Lièwenserfahrung matbréngen.
Et ass jo normal, dass esou Läit keng Aart a Weis vu politeschem Back Ground hunn, déi een muss hunn fir esou eng Kris, wou esou entscheedend Moossnahmen mussen ergraff ginn, ze geréieren.Hei gëtt einfach dem Ausland nogeäifert, wann déi dat maachen ,da muss dat scho richteg sinn, a schonn läit d´Kand am Dreck. An esou hu mir an esou enger entscheedender Phas an der Geschicht vun onsem Land bal lauter onerfueren Politiker un der Muecht sötzen.
E Paulette Lenert ass do dat beschte Beispill, awer och e Franz Fayot, en Tania Bofferding an e Lex Delles.Et muss een sech virstellen, dass d´Lenert zougëtt, dass si déi Läit op déi se sech verloosse muss emol guer nöt kennt, si géing déi elo eréischt kenne léieren.Da kann een sech virstellen, dass hei e Mënsch komplett am Blindflug regéiert. E Mënsch deen sech muss op Läit verloossen déi een iwwerhaapt net kennt, wou en déi politesch Richtung net kennt, net weess wat fir e Charakter déi eng oder aner Persoun huet. Net weess ,wat fir en Hannergrond bei deem engen oder deem aneren hannert der schéiner Fassad ass.
Hei soll also e Mënsch entscheedend Moossnahmen ergräifen an e weess nach net emol a wat fir engem Ëmfeld hien agéiert. Do misst da schonn ganz vill Gléck matspillen, wann déi getraffen Entscheedungen richteg wären.An esou engem komplexen Ëmfeld bal onméiglech.
Dat selwecht ass dann och bei deem aneren Minister ze fannen. Och hei e Mann deen bis elo der Wirtschaft éier feindlech géintiwwer stoung, an deen , genee wéi d´Lenert, keng Ahnung huet vu wat hiè schwätzt, wann en dann iwwerhaapt eppes seet.
Alles Viraussetzungen déi net grad ermuddegend kléngen an déi schonn virausahne loossen wéi dat ganz Spill do wäert ausgoen.
Wann e Lenert seet, dat dat schwéierst wär, op Hypotheesen hin Entscheedungen ze treffen, da seet datt alles.Hei musse Läit, ouni all Back Ground , déi bis virun 4 Wochen nach ni eppes mat deem Beruffslièwe ze doen haten, an deem se elo um Rudder sinn,op Hypotheesen hin Saachen entscheeden, deenen hir Hannergrënn esou komplex sinn ,dass esouguer verschidde Profien d´Handduch musse werfen.
Bei onsem Wirtschaftsminister ass et dat selwecht. Wou kann e Mann deen der Wirtschaft an sengen Acteuren bis elo zimmlech ofleenent géintiwwer stoung, ëmmer méi op der Säit vun den Bedéngschteten , wéi op der Säit vum Patron, elo a bemol ënner fierchterlechem Drock,déi richteg Entscheedungen treffen déi d´Land virun engem Ënnergang rette soll.Et ass jo och ganz kloer eng Politik ze gesinn, déi all Hièwel a Beweegung setzt, dat schaffend Vollek virun allen Konsequenzen vun der Kris ofzeschotten, an dofir déi- déi dësem schaffende Vollek d´Aarbecht ginn, futti goen ze loossen. Hei sinn also ganz kloer Läit um Wierk, déi éischter hir Wièler am Bléckfeld hunn, wéi d´Wuel vum Land. Well d´Wuel vum Land sinn d´Patroen, well ouni déi sinn och keng Aarbechtsplazen do, déi d´Aarbechter an d´Beamten beschäftege kënnen.Dat ass anscheinend eppes- iwwert dat sech déi mannsten Suerge maachen.
Wat elo de Virus ugeet, an op d´Warnungen virum Virus gëtt haaptsächlech op eng Fuerscherin gesat, déi an Italien am Verdacht stoung, Viren ze ziichten an domadder dann ze handelen.Och gëtt hir virgeworf- Virestämm ze ziichten- déi dann ausgesat solle ginn, fir dass Pharmafirmen herno e Géigemëttel dergéint kënnen ubidden an dann dat grousst Geschäft kënne maachen.Och bei der Vullegripp hat si d´Fangeren schonn am Spill. Ausserdeem ass et och si, déi déi These vertrëtt, de Virus wär net kënstlech hiergestallt ginn, mee e géif vun de Fliedermais hierstamen. Et gouf esouguer e Prozess dowéint an Italien géint si gefouert. Si huet sech duerno no Amerika ofgesat. Déiselwecht Fuerscherin beréit awer elo erëm an Italien déi Regierung déi si virdrun bekämpft huet a Prozesser géint si gefouert huet.Et ass och villäicht d´Erklärung firwat an Italien de Virus esou gewütet huet.
Iwwregens war déi selwecht Fra och vun 2013 bis 2016 am italieneschen Parlament, dat se verlooss huet wéi dee besote Prozess géint si ugekuerbelt gouf an deem si ënner anerem wéinst illegalen Virenhandel ugeklot war.De Krees fänkt sech un ze schléissen.
Et ass also kloer dass do net d´Fliedermais hannendru stinn, déi maache schliisslech keng Geschäfter mat Viren an hiren Géigemëttelen.
An der Wirtschaft riicht déi ganz iwwerzunnen Politik fierchterleche Misär un. Do sin iwwerall am Land Chantieren a Maschinnen blockéiert déi all Dag Milliounen Käschten verursaachen awer kee Frang erabréngen. Vill Firmaen wäerten no dësem Desaster mussen ophalen an a Faillite goen.Zudeem hu vill Betriber nach offe Rechnungen ausstoen déi och net geglach ginn, well jo alles festgeluecht ass an néirends e Mënsch schafft.Nach e weideren Problem dee vill Betriber net iwwerlièwe wäerten.
An der Politik gëtt ewell een deem aneren d´Verantwortung fir den Exit aus der ganzer Situatioun ze erklären. D´Gemengen weisen drop hin dass si näischt kënne maachen esoulaang d´national Politik den Uerder net gëtt dass déi ganz Saach nees soll ulafen.D´Schwarzpéiterpolitik ass also schonn voll um lafen.Lous a lous wäisst sech dass dat Ganzt en onvirstellbaren Duercherneen wäert ginn. Well wann dat Ganzt nees soll ulafen, mussen och all déi Zouliwwerfirmen erëm hir Tätegkeet ophoulen. Ouni all déi Firmen- déi de Baufirmen, de Geschäfter, de Garagen d´Material zouliwweren mussen alleguerte funktionéieren, well soss des Betriber net kënnen schaffen well hinne d´Material feelt. Haut huet jo kee méi, wéi fréier e riesecht Materiallager, mee et gëtt gebraucht a bestallt, e puer Stonnen duerno gëtt et geliwwert. Wann natierlech des ganz Firmaen net däerfe schaffen kennt kee Material zu den Acteuren an dat Ganzt kann net funktionéieren.
Ech sinn net iwwerzeegt, dass ons Regierung mat all hiren Ufänger, dee ganzen Ëmfang vun deem wat se ugeriicht hunn esou wäert gesinn. Dat Ganzt soll jo no an no erëm zum funktionéiere kommen. Esou eppes kann net funktionéieren ouni dass eng ganz Partie Läit ënnert d´Rièder könnt.
De Viruspensum fir haut beleeft sech op 52 Doudesfäll an 3.115 Infizéierter.De Mëttelwäert vun den Doudegen leit elo net méi béi 86 Joer, mee villméi bei 87 Joer.