Et tauchen ëmmer méi Iwwerleeungen op, déi déi momentan Kris mat der Finanzkris vun 2007/08 gläichsetzen. Wou esouguer schonn dervu geschwat gëtt dass des Kris nach bei weitem méi schlëmm kënnt ginn wéi d´Kris vun 2008.
Ausserdeem gëtt momentan mat de Billarden nëmmen esou ronderëm sech geheit, wou een sech d´Fro muss stellen wou all des Billarden sollen hierkommen. Ee muss dat jo herno bezouhlen, an dat si ganz sécher net déi, déi haut mat de Billarden nëmmen esou ronderëm sech geheien. Déi eenzeg déi do a Fro kommen sinn nees eng Kéier, déi schonn déi leschte Kéier zur Oder gelooss goufen.
Méi wéi sécher wäert alt nees eng Kéier versicht ginn déi Billarden, déi vu Privatleit ugespuert oder investéiert goufen, ofzeschäffen. Natierlech nees emol wéi déi läschte Kéier ouni dass een eppes dergéint maache kann. D´Geld ass dann nees erem einfach net méi do, oder besser gesot, an der Täsch vun aneren.
Et ass och ze mierken dass onst Parlament soll duergestallt ginn,wéi wann et ganz normal géif funktionéieren, nees eng Kéier soll de Läit Sand an d´Ae gestreet ginn.
Och hunn déi üblech Organisatiounen de Wee scho fonnt fir hir Keess erëm e wéineg opzebesseren. Scho lafen d´Heescheprogrammer op vollen Touren. Et wëllt een jo schliisslech och vun där esouvill gepriesener Solidaritéit profitéieren. Nom Moto „Schmiede das Eisen solange es heiss ist“.Do gëtt dann och ervirgehuewen dass een de Betraffenen zu Idlip mat Iessensausgab géif ënnerstëtzen. Och Beootmungsapparat wieren do hi geliwwert ginn.
Wann et em d´Gefor fir ons Demokratie geet, geet et virun allem em Ungarn, emmer erem gëtt mam Fanger op den Orban gewisen an dobäi, dat béi ons an an onse Nopeschlänner ofleeft, einfach vergiess. Et gëtt zwar drop opmierksam gemaach dass esou Krisen eng gutt Geleeënheet sinn ondemokratesch Aktiounen ze lancéieren an déi och kënnen elo méi einfach duerchzesetzen, awer ëmmer mam Bléck op den Orban, obschonn bei ons déi selwecht Tendenzen iwwerall festzestelle sinn.
Mat der Angscht vun de Läit waren nach säit éiwegen Zäiten Mëttelen duerchzesetzen déi an normalen Zäiten ni duerchsetzbar gewièscht wären.
Elo abemol ginn des Moossnamen ouni all Problem iwwert Bün, jo, si ginn esouguer nach vun der Populatioun gefuerdert.Eng besser Geleeënheet, ganz lous aus enger Demokratie eng verstoppten Diktatur opzeriichten, gëtt et net.
Esou gëtt et an der Teschenzäit Wëssenschaftler an Dokteren déi virschloen déi gefährdet Bevölkerungsdeeler vu 65 Joer un a Quarantän ze setzen, an dofir déi aner schaffen ze loossen.
Et sinn Tendenzen déi ewell iwwerall op den Radio a Fernseesender ouni all Problemer diskutéiert ginn.Ënnert dem Virwand, ons Gesondheet ze schützen ,solle mir also alleguerten agespaart ginn. E kaum virstellbaart Virgoen, mee ech fäerte ganz, dass ënnert dem Drock vun der Wirtschaft mir déi sinn, déi herno d´Opferlamm spille kënnen.
Mir ginn jo souwisou net méi gebraucht a kaschten nëmme nach Geld. Et wär also en duerchaus novollzéibare Grond ons einfach an eng dauernd Quarantaine ze setzen.
Et gesäit een dass do verschidde Läit mat deenen krommsten Ideeen siche Punkten ze kréien. Wéi een an dëser ganzer Situatioun gesäit ,sinn esou diktatoresch Ausrutscher duerchaus a Betruecht ze zéien, dass si vun onse Politiker abemol ëmgesat ginn.Schliisslech huet een sech an eng Situatioun manövréiert aus där een nëmme méi schwéier eraus könnt.
Do géing dach esou eng Léisung sech förmlech ubidden.
E Politolog warnt ausdrécklech virun esou engen Tendenzen a mengt et misst een sech dogéint zur Wier setzen. Et freet sech just wéi een sech virun esou eppes kann zur Wier setzen. Mir däerfen ons net méi mat anere Läit treffen, ons Telefonen an eisen Internet gëtt iwwerwaacht, mir däerfen néirens méi hifueren an dat alles mat deem Hannergrond dass mer ons misste schützen. Mir ginn zu Doud geschützt. Genee esou wéi se et elo mat deenen maachen déi an den Seniorenheemer agespaart sinn. Des si jo an der Teschenzäit zu reegelrechten Prisonge ginn, a kee Mënsch seet eppes, fënnt dat alles an der Teschenzäit als ganz normal.
Dat ass alles eng laang virbereeten Strategie déi do duerchgezu gëtt.
Et sollen elo esouguer Dronen agesat ginn fir d´Läit ze iwwerwaachen, op se sech esou verhalen wéi et virgeschriwwen ass. Si maache Biller wou déi betreffend Läit dann erëmerkannt kënne ginn an deementspriechend kënne bestrooft ginn.Alles ënnert der Deckung vun der Krisebekämpfung. Mir sinn also scho laang an der totaler Diktatur ukomm , mir woussten et just nach net. Do gesäit een dass ënnert der Deckung vun der Krisebekämpfung eng total Iwwerwaachung op d´Been gestallt gëtt.An déi Firmen, déi deen Dreck produzéieren maache Geschäfter wéi nach ni, bidden esouguer Regierungen un- hir Dronen vir neischt zur Verfügung ze stellen. An England huet d´Polizei mat esou Dronen scho Spadséiergänger a Bëscher opgespiert déi sech net un d´Reegele gehalen hunn, an déi duerno vun der Polizei verfollegt goufen.
Dat selwecht, awer just mat den Handyen sinn se schonn am Gaang ze maachen. Ons Noperen kruten gëschter eng Informatioun op hiren Handy op där alles stoung wuer se sech an deene leschten zwee Joer beweegt hunn. Mat wat fir engem Auto se gefuer sinn, wéi wäit se gefuer sinn, stoung do, op de Kilometer genee. Wou se erausgeklomme sinn, wéi wäit se zu Fouss gaange sinn, wièn se op deem Wee getraff hunn, wéini si erëm zeréck komm sinn. A wat fir Geschäfter se akafe waren, wéi laang dass si an dëse Geschäfter waren, wéini si erëm, mat wat fir engem Auto si erëm fortgefuer sinn, wuer se tanke waren asw.
Also total Iwwerwaachung scho säit Joren, ouni dass een eppes dovunner wousst. Alles méiglech duerch dee berüümte Smartphone mat deem d´Läit esou gären Selfie maachen an déi dann nach an den Internet setzen, mat alle méiglechen Kommentaren dobäi.
An eis Frënn vun Appel a Googel a Facebook späicheren alles ganz genee of a ginn dat dann un Polizei a Geheimdéngschter weider. Säit laangem also gi mer schonn vun all dëse Firmen komplett iwwerwaacht, haut brauch dat kee Geheimdéngscht méi ze maachen, si kënne jo zu all Moment op des gespäichert Daten zeréckgräifen. Natierlech hunn si mat deem ganzen guer näischt ze dinn.