An der Belsch ass de Virus och amgaangen schlëmm zouzeschloen. Virun allem an den Seniorenheemer ass d´Situatioun ganz schlëmm. Hei, wou se all Dag Masken an Händschen missten hunn, feelt et anscheinend iwwerall un dësem Material.Nodeem eng Ladung vun 3 Millioune Maske geliwwert gouf huet de Minister, deem dat Ganzt ënnersteet festgestallt, dass déi Masken den CE Stempel net haten. Als Konsequenz huet hièn d´Ladung net ugeholl, an an den Altersheimer gëtt freedeg weider gestuerwen. Et ass scho komesch dass privat Lait derzou opgefuerdert ginn esou Masken an Eegeregie ze bitzen, déi dann zu dausenden iwwerall verdeelt an agesat ginn.
Ech ka mer schlecht virstellen dass des Masken en CE Stempel hunn. Et soll awer elo geschwënn Rettung aus der Belsch selwer kommen. Zu Charleroi soll elo eng Firma d´Produktioun vun esou Masken schonn an den éischten Deeg vum Mee an Ugrëff houlen.Dee Moment brauch een déi dréi Milliounen geliwwert Masken jo dann souwisou net.
Och a Syrien huet de Virus elo zougeschloen. Et ass elo intressant ze kucken op et dem Virus geléngt- wat elo 9 Joer laang de Politiker net gelongen ass, nämlech -dass d´Angscht virum Virus méi grouss ass wéi d´Angscht viru Kugelen a Granaten.Eng intressant Entwécklung déi een onbedéngt muss verfollegen.
An Amerika könnt den Alleskënner Trump duerch de Virus ëmmer méi ënner Drock. Elo gesi Milliounen Amerikaner wat torpedéieren vum Obama sénger Gesondheetsreform duerch den Trump fir den eenzelen bedeit.Millioune Läit sinn elo dem Virus komplett ausgeliwwert, hu keng Aarbecht méi- a kee Gesondheetssystem dat se am Kampf géint de Virus könnt finanziell ënnerstëtzen. Des Läit alleguerten stinn elo virum kompletten Näischt.