29ten Dag

Et ass Ouschterméindeg.Normalerweis wäre mir haut op der Eiméischen. Leider ass si ënnert de Virus komm.Et ass dofir en Dag fir nozedenken an ze recherchéieren.

Nodeem wat gëschter Owend beim Wegscheider op Servus TV erauskoum, muss een ëmmer méi nodenklech ginn.Och do gëtt festgestallt , dass mat Falschinformatiounen nëmmen esou ronderëm sech geworf gëtt. Dass Läit, déi sech net der offizieller Sprochurdnung ënneruerdnen, et all Dag méi schwéier gemaach kréien, hir Meenung an hir Sendungen ze bréngen.

Do geet vu Läit rièts, déi reegelrecht fäerdeg gemaach ginn, well se un deenen offiziellen Verlautbarungen hir Zweiwel hunn.Och Wëssenschaftler , déi aner Tatsaachen erausfonnt hunn wéi déi vun der Regierung verlautbart,kommen ënnert d´Rièder.

Esou ass dee Virolog, deen zu Heinsberg, do wou de Virus vir d´éischt an Däitschland festgestallt ginn ass,seng Nofuerschungen an seng virologesch Tester iwwer eng länger Zäit duerchgefouert huet, staark ugegraff.Hièn huet festgestallt, dass villes sech komplett aneschtes ofgespillt huet wéi dat vun offizieller Säit veröffentlech gouf.

Esou huet hien z.B. en Haus ënnersicht an deem sämtlech Awunner de Virus haten.Hièn konnt net eng eenzeg Spuer vum Virus am Haus fannen, obschonn d´Läit dauernd aus an a gaangen sinn. sech op d´Still gesat hunn, um Hausdesch gièss hunn oder am Bett geschlof hunn.Och d´Hauskaz gouf vun him getest -ouni eng Spuer vum Virus ze entdecken.

De Mann huet séng Erfahrungen an enger Talkshow bekannt gemaach a gouf gläich den aneren Dag op dat schlëmmst attackéiert a bedreet.

Et gëtt eng Atmosphär geschaafen an där ëmmer manner Läit sech trauen de Mond opzemaachen an eng aner Meenung vertrièden wéi d´Meenung vun der Regierung.

Esou gouf elo eng Affekotin verklot, well se dozou opgeruff huet sech zu enger Kundgebung géint d´Ligepropaganda op d´Strooss ze woen, fir géint des diktatoresch Tendenzen opmierksam ze maachen.

Direkt gouf d´Fra wéinst dësem Opruff ugeklot a muss elo mat engem Prozess rechnen.An dat nëmmen well d´Fra hir biergerlech Rechter wollt duerchsetzen.Et ass ze mierken, dass biergerlech Rechter näischt méi gëllen.Dass dat esou guer vun der normaler Populatioun esou guer nach als ganz normal empfonnt gëtt. Dass si déi totalitär an diktatoresch Tendenzen esouguer nach duerch Denunziantentum förderen.

Anscheinend ass den Normalverbraucher net fäeg ze mierken- wat hièn mat sengem Behoulen uriicht. Dass hièn duerch dest Verhalen de Wee an en totalitären Staat reegelrecht fördert.

Et ass iwwregens eng Tendenz déi an sämtlechen EU Länner an och doriwwer eraus feststellbar ass.Vun enger demokratescher Grondastellung, déi bis virun 4 Wochen nach esou houfreg bei all Geleeënheet presentéiert gouf a wéi e Schutzschëld virun sech hir gedroen gouf, ass no dësem kuerzen Zäitraum vu 4 Wochen näischt méi iwwreg bliwwen.

Verschidden Institutiounen a Veräiner ruffen jo esou guer derzou op, op Läit opzepassen déi eng aner Meenung hunn wéi déi offiziell. Des Läit dann den Autoritéiten ze mellen, esou dass des könne bestrooft ginn.

Dat sinn Zoustänn ,déi huet een aus der DDR ,dem Naziregimm an aus der UDSSR kannt. Et huet een allerdéngs net dru geduecht dass esou Tendenzen och an onsen esou opgekläerten Gesellschaften méiglech könne sinn.

Déi Läit déi hannert deem ganzen stièchen, hunn allerdéngs säit laanger Zäit mat dësen Tendenzen an der Populatioun gerechent an des Läit an hire Plang mat agebaut.

E Plang deen iwwregens schonn 2012 färdesch an de bundesrepublikaneschen Tiräng geschlummert huet.2012 ass dëse Plang an däitschen Amtstufen opgetaucht a fir Plangspiller gebraucht ginn, mam Hannergrond vun enger Pandemiebekämpfung.

Et ass e wéineg befrièmlech dass dëse Plang deen  Zenario erëm gëtt dee mir elo bei ons virfannen.Anscheinend woussten d´Auteuren vun deem geheimen Pabeier, dass et sech bei dem Virus em en Coronavirus géif dréien.Och woussten si deemools schonn dass de Virus aus China géif kommen.Do wär hièn vun Fliedermais an aneren Wölldéieren op de Mënsch iwwergesprongen. Duerno hätten Touristen en an d´EU ageschleeft.

 Esou guer gouf an dësem Plangspill festgehalen wéi onse Gesondheetssystem op dat ganzt géif reagéieren.Komescherweis huet dat Plangspill sech zu honnert Prozent mat der heiteger Situatioun gedeckt .Et ass intressant, wéi wäitsiichteg verschidde Beamten an onse Verwaltungen könne sinn. 

Dem Virus muss een dankbar sinn dass en sech esou präzis un dat hält wat des Beamten virun méi wéi 10 Joer als Plangspill ausgeduecht haten.Et kennt een bal mengen et wär en Beamtevirus.Well och de Lockdown Zenario haten se deemools schonn mat duerchgespillt.

Et ass iwwerraschend wéi genee sech dëst Plangspill vun deemools mat deem heitegen Zenario iwwerdeckt. Och Geneeëgkeet vum Virus an sengem Funktionement léist een erstaunt zeréck.Mat wat fir enger Prezisioun de Virus all de Virgaben vun deene Beamten gefollegt huet, ass scho méi wei begréissenswäert. Et muss ee soen, et ass schonn e gudde Virus.

Gott séi dank hu mer esou wäitsiichteg Läit ënnert ons, déi esou Pandemien mat hire Folgen ganz genee esou viraussoe können.

Gutt dass mer e Virus hunn deen sech ganz genee dorunner hält.

Et gëtt elo dovunner geschwat, no den Ouschteren de Läit erëm e wéineg méi Fräiheet ze ginn.Et gëtt awer gläich ageschränkt dass dat nëmmen e Gest vum gudde Welle wär, wann een géif gesinn- dass d´Vollek sech net géif behuelen, wär dat ganz séier erëm eriwwer.De Virus géif do absolut kee Spaass verstoen.

Et könnt een sech bei deene ganzen Saachen fir ,wéi a Kannerzäiten.Wann s du dat elo net esou méchs wéi ech dat gären hätt, huelen ech dir deng Spillsaach nees ewech an du däerfs kee Fernsee kucken.Haut ass et net méi de Papp oder d´Mamm déi dat seet, haut ass et onse Premier an seng Gesondheetsministesch. Si hunn elo d´Roll vun Papp a Mamm iwwerholl an mir hunn d´Roll vum klenge Kand kritt. Ech muss soen, et villt een sech ganz wouhl an där Roll. D´Gefiller aus der Kannerzäit kommen nees erop. Et ass just ,dass haut Papp a Mamm méi jonk sinn wéi d´Kand. Un sech könnt et ëmgedréint sinn , dass ech de Papp vun deenen zwee Kanner könnt sinn.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert