Ech denke elo grad, elo ass den éischte Mount- an onsen Ausnamezoustand schonn bal eriwwer . Wéi séier een sech dach un dat Ganzt gewinnt. Elo nach ee Mount a mir mengen dat wier nach ëmmer esou gewièscht.
Lous a lous gewinnt de Mënsch sech un den neie System an et ass dach och näischt Schlechtes dobäi. Mir gewinne ons drun- virum Geschäft an der Schlaang ze stoen. Nëmmen drepseweis an d´Geschäft eragelooss ze ginn, deen aneren net méi unzepacken, et könnt ee jo infizéiert sinn. Ëmmer schéin Ofstand vun deem aneren ze halen, an deem net méi, wéi Verschiddener dat gemaach hunn, sexuell ze belästegen.
Et späizt een och kengem méi beim Schwätzen an d´Gesiicht, well ee jo e Sécherheetsofstand vun 2 Meter muss anhalen.
Wéi ee gesäit, huet dee Virus vill Virdeeler déi mer elo eréischt richteg kenne léieren.
Well mer net méi esou däerfe beieneen goen, gëtt och vill manner Streit ënnert gudde Bekannten. Kläppereien houlen och drastesch of. Mat engem Sécherheetsofstand vun zwee Meter huet dat jo kee Wäert méi.
Och gin elo net méi esou vill Polizisten ugegraff, well do zièlt jo och de Sécherheetsofstand, a wann een deen iwwerschret- muss ee bestrooft ginn. Dat kascht dann direkt emol 145 Euro, an esou e Luxus kann net jiddereen sech leeschten.
Wéi ee gesäit, huet dee Virus ganz vill Virdeeler. An och déi Opfer déi e fuerdert sinn net ganz fir neischt, well schliisslech brauch een deenen elo keng Pensioun a keng staatlech Ënnerstëtzung méi ze bezuelen.
Wéi ee geséit huet dat Ganzt net nëmmen eng negativ Säit, a wéinstens e puer kënnen vun him profitéieren. Ausserdeem huet de Virus elomol ganz kloer gewisen wou onst Gesondheetssystem esou seng gravéierend Lücken huet. Et könnt elo méiglech sinn, wann mer ons dat herno nach leeschte können, dass mer elo onst Klinikspersonal méi uechten an och besser bezuelen.
An dat Ganzt huet och elo gewisen dass mer erëm méi Doktere brauchen, an dass mer net méi mat där merkelschen Spuerpolitik kënne weider fueren, mir hu jo elo ganz kloer gesinn wuer déi hiféiert.Ech denken, de Virus huet ons d´Aen grouss opgemaach. Elo gesi mer erëm besser, an dat schonn ouni Brëll.
Wéi scho gesot, esou e Virus ass dach eppes Feines, et muss ee just wëssen wéi een en asetzt, mee dat léiert ee séier, a wann een all déi Virdeeler geséit déi hièn ons bitt, gleewen ech net dass een dat alles an der Zukunft negligéiert.
Wéi esou e klengt Monster een dach beglécke kann, et muss een e just op der richteger Platz asetzen. Kollateralschiéd ginn et natierlech ëmmer. Dat war nach an all Krich esou, an de Macron huet et jo gesot. Mir sinn am Krich.Mee am Krich ass dat jo och esou, et sinn där déi gewannen an där déi verléieren.
Ech hunn elo grad am Radio vun onser Inneministesch héieren, déi muss et jo wëssen, dass bis elo keng Aggressivitéit Fraen géintiwwer an de Famillen festzestellen wier.
Dat komescht bei der ganzer Saach ass awer, dass mer elo nach all Dag mat Horrorbotschaften vu Gewaltorgien an de Stéit um Radio héieren hunn.
Wat stömmt dann elo?
Oder si mer och do vu bestëmmte Säiten mëssbraucht ginn fir hir Politik duerchzesetzen.
Et tauchen awer all Dag ëmmer méi komesch Saachen op wou ee gesäit, dass do verschidde Läit hir Zëppchen ganz gemittlech op Käschten vum Virus kachen. Wann se elo net méi op de Stroossen mat hire Plakaten kënnen géint al wäiss Männer virgoen, gëtt dat alt op déi Aart gemaach wat a Coronazaiten allgéigewäerteg ass, medial Beléierung. Tania Bofferdeng war bestëmmt falsch ënnerriicht ginn, oder soll hatt keng Feministin sinn. Et ka jo sinn, well hatt elo gesinn huet dass ze vill Feminismus och vill Verantwortung bedeit.
Wat och nach opfält, dat ass dass een hei zu Lëtzebuerg ganz spuersam mat den Informatiounen ëmgeet- wat déi Läit ugeet -déi geheelt sinn vum Virus.
Nodeem ons Gesondheetsministesch viru mindestens enger Woch abemol Zuelen vun iwwer 100 ganz plëtzlech innerhalb e puer Stonnen op 500 gehéicht huet, stinn mer elo no enger Woch an internationalen Studien nach ëmmer op 500.
An der Lëtzebuerger Press gëtt an der Teschenzait scho guer net méi iwwer des Banalitéit geschwat. Et könnt jo sinn, dass abemol géifen verschidde Läit op déi idiotesch Iddi kommen emol nozerechnen an dann misste feststellen dass do verschidde Saachen net ganz stömmen. Iwwerdeems d´Zuelen vun den Infizéierten ëmmer meí an d´Luucht ginn falen déi Geheelten,déi jo normalerweis net méi däerften zu den Infizéierten bäigerechent ginn, guer net an d´Gewiicht. Obschonn dat jo an der Teschenzait wäit iwwer 1000 misste sinn.
Esou wéi et ausgesäit, stéieren des Tatsaachen awer d´Politik vun der Regierung an et schwätzt een dann einfach net méi doriwwer. Mam Vertrauen op d´Borneiertheet vum Vollek , deem ee jo , wéi dëst sech jo elo säit bal engem Mount weisst, esou zimmlech alles verkafe kann, a wou e puer Iwwerdreiwungen nach net emol gemierkt ginn, geschweige dann- dass dat onser gläichgeschallte Press géif opfalen.
Dann huet een sech elo entschloss mam Virus ze schwätzen, et wëllt een hièn besser verstoen. Dofir brauch een natierlech Läit déi wëssen wat fir eng Sproch dee Virus schwätzt.
Do gräift een natierlech op Wëssenschaftler a Professeren zeréck. Dëst ass natierlech alles komplett selbstlos, des Läit wëllen nëmmen erauskréien wéi hiè funktionéiert.
Dat kann natierlech daueren, esou eppes geet net vun haut op muer. Do muss allerhand Wëssen a Material agesat ginn- dat iergendwéi jo och muss bezuelt ginn. Et rechent een elo mol mat enger Zomm vun 2,6 Milliounen Euro, an dat fir en Zäitraum vun engem Joer. Et könnt awer och sinn- dass dëst mat der Zäit net ganz géif duergoen. Well een déi Studie no esouvill Asaatz net einfach kann zu den Akte leeen, könnt et sinn dass dat herno och villäicht e wéineg méi deier géiw ginn. Dat ass wéi mat engem Bau, wann e bis ugefaangen ass, muss e färdesch gebaut ginn, och wann en herno méi wéi dat duebelt kascht.
Dat ass eben esou, heiansdo könnt et anescht wéi ee mengt. Dat ka jo schliisslech jidderengem passéieren, et kennt een dat jo schliisslech vum Bauen hir. Herno gëtt et ëmmer méi deier wéi een am Ufank gerechent huet.
Ech war dann am Nomettech op de Maart akafen.Ech sinn dann emol direkt vum Burg séngem Vendeur an de Senkel gestallt ginn well ech grad e Mann gekräizt hat deen och do akaaft huet. Ech gouf dann direkt am herreschen Toun drop higewisen dass ech 2 Meter Ofstand misst halen an dat- opschonn de Mann zwee Meter vu mär ewech stoung.
Ech hunn de Jong dann emol opgekläert- dass ech net onbedéngt misst bei him akafen. E war natierlech net ganz begeeschtert an huet gemengt, e misst mer nach e puer Rotschléi ginn. Ech hu dann gemengt, wann en de Mond net géif halen, hätt en e gudde Client verluer, an dat fir ëmmer. Dat huet en dunn awer bekéiert.
Wéi deen aneren Mann verschwonne war huet en sech entschëllegt a gemengt, e misst ganz genee oppassen wat hiè géif soen, well iwwerall wieren der -déi géifen oppassen op si och dat géife maachen wat hinne géif virgeschriwwe ginn.Den Denunziantestaat dréit also schonn seng Friichten.
Et ass ze mierken dass mer amgaange sinn lauter Sheriffen ze kréien, déi ons bei deem klengsten Feeler, deen mer maachen, drop hiweisen dass mer ons esou oder esou ze verhalen hunn. Dee klengsten Ugestallten wiisst elo bemol an d´Roll vum Virgesetzten erun. Mir sinn amgaangen déi éischt Friichten vun enger diktatorescher Gesellschaft kennenzeléieren.
Eng Entwécklung déi an der Zukunft nach wäert zouhoulen- esou wéi d´Saachen sech entwéckelen.Et sinn Entwécklungen déi eis weisen wéi eis Zukunft wäert ausgesinn.
Alles Entwécklungen, déi ganz sécher vun der Politik esou gewollt sinn, och wann si dauernd de Géigendeel behaapten.