31ten Dag

Am Lëtzebuerger Wort gëtt haut extrem vill Wäert op déi Tatsaach geluecht, dass ee vun de franséischen Patienten gesond ginn ass an nees zeréck a Frankräich geflu gëtt.

Vun deenen honnerten Lëtzebuerger déi de Virus iwwerstanen hunn ,lièst ee kee Wuert. Et ass ganz ersiichtlech dass dat vun der Regierung net gewollt ass.Soss könnt een déi deeglech Zuelen sécher net oprecht erhalen, an de Virus wär net méi esou bedreelech. 

Des Bedreelechkeet brauch een awer fir d´Populatioun bei der Staang ze halen a gläichzäiteg ze erklären firwat een d´Wirtschaft komplett widder d´Mauer fiert.

Dat ass jo eppes wat duerch d´Politik vun der Regierung jo eréischt herno no an no wäert zu Dag trièden, spéitstens dann, wann d´Läit aus hirer erzwongener Vakanz erëm wëllen op hir Aarbechtsplaz zeréckgoen an dann ganz erstaunt musse feststellen dass hire Partron dëse ganzen Desaster leider méi schlecht iwwerstanen huet wéi si selwer. Dann ass et eriwwer mat der Freed an et gëtt en deiere Congé. Da wäert aus dem Aarbechter a Beamten ganz séier en Aarbechtslose ginn.An eng nei Aarbecht ass wäit a breet net méi a Siicht, well d´Firmaen maachen reiheweis faiit. Bei de Caféen an de Restauranten wäerten et op d´mannst 20% sinn déi dësen Lock Down net wäerten iwwerstoen. 

Och bei de klengen anere Betriber wäerten der ganz vill dëse Konschtgrëff net iwwerstoen. De Nodeel hunn herno net nëmmen d´Patronen vun dëse Betriber, mee och d´Banken wou der vill op hire Kreditter wäerte sötze bleiwen, D´Aarbechter an d´Beamten- déi keng Aarbechtsplaz méi hunn. 

De Staat , deen dat ganz ugekéiert huet, an elo keng Steieren méi erakritt, zu gläicher Zäit awer d´Aarbechtslosegeld muss bezuelen. Zouliwwerer déi e Client verléieren, d´Fabricken déi fir all des Client net méi brauchen ze produzéieren well keen Ofsaz méi do ass. Et geséit een wat fir e Rateschwanz hannert deene ganzen Entscheedungen vun de Regierungen wäert hannendru kommen.Dofir muss een dat Ganzt, genee wéi d´Coronakris esou laang wéi méiglech an d´Längt zeien fir d´Ausmoossen vun deem Ganzen esou laang wéi nëmme méiglech kleng kënnen ze rièden.

Mee et ass just en Ënnergang op Raten. D´Wourecht wäert kommen an da sinn Läit schlecht drun wann se zu deem musse stoen wat se haut esou vehement vertrièden.

Ech ka mer virstellen dass vill vun dëse Läit net méi roueg schlofen.Dat déckt Enn steet virun der Dir.

Esou gouf dann och am Nomettech ënnert engem opgereegten Gebraddels mat villen onnëtzen Ëmschreiwungen an zimmlech onvirbereet, vun eisem Premier, de weidere Verlaf vun de Moossnamen erausposaunt. Et huet een him un sénger einfacher Aussproch a sengen Verschwätzer unhéieren, dass et op där Konferenz, déi se zu Senneng haten net ganz einfach zougaangen ass. Wann een en esou héieren huet war do zimmlechen Damp am Kessel.Séng Aussoen waren och zimmlech banal. Esou sot hièn, dass d´Schantercher uechtert dem Land erëm könnten ufänken mat schaffen.En huet dann ernimmt, dass och d´Aarbechter do erëm könnte schaffen,awer nëmmen wann si d´Virschrëften vun der Regierung géifen anhalen. Heirobber gouf dee meeschte Wäert geluecht an ëmmer erëm gouf drop higewisen dass des Sécherheetsmoossnamen onbedéngt agehale misste ginn, well soss d´Gefor géif bestoen, dass dat Ganzt erëm réckgängeg misst gemaach ginn.Et war also Drockmëttel- op dat am meeschte Gewiicht geluecht gouf. Mat anere Wièder, wann der net maacht wat mir gären hätten gitt der erëm fir mindestens e Mount agespaart. Et ass also éischter eng Züchtegungsmoossnam wéi eng Sécherheetsmoossnam. Natierlech ëmmer aus dem Bléckwénkel wéi een et kuckt. 

D´Baumäert sollen och erëm opmaachen,awer nëmmen wann d´Clienten mat Schutzmasken an mat 2 Meter Ofstand derduerch flanéieren. Et gëtt e ganz grousse Wäert op dëse Sécherheetsofstand gehalen.Et soll nëmmen een deem aneren net ze no kommen, dofir gëtt och gläich op weideres en totaalt Versammelungsverbout verhaangen. Dëst huet natierlech net de Sënn Zesummerottungen vun Betraffenen ze verhënneren , mee huet nëmmen d´Gesondheet vun dësen Äerdebierger am Sënn, dat versteet sech jo vum selwen.

Da gouf och dauernd op der Disziplin ronderëm gehackt, Disziplin wär weiderhin dat éischte Gebot, nëmmen mat enger eisener Disziplin könnte mer dat Ganzt do schaffen. Dofir konnten och elo Bistroen an Restauranten nach net opgemaach ginn. Dofir wär d´Situatioun nach net stabil genuch. Dat ass och liicht ze verstoen, well bei deenen Stammdeschriéden do gi jo esoumuncher Saachen hannerfrot an do könnt et jo sinn, dass do deen een oder deen aneren sech esou seng Gedanken iwwert dat Ganzt gemaach hätt, wann dat och eppes ass wat hei zu Lëtzebuerg éier onwarscheinlech ass, awer Vorsicht ist die Mutter der Porzelankiste. Man weiss ja nie.

Och d´Kanner däerfen elo erëm an d´Schuel goen, awer ereischt vum 4te Mee un. An dann och nëmmen mat engem Mindestofstand vun 2 Meter. Mam Ofschreiwen ass et dann eriwwer.D´Klassen mussen elo och opgedeelt ginn. Aus enger Klass vun 30 Kanner mussen elo zwou Klassen vu 15 Kanner gemaach ginn. Dat wäert allerdéngs problematesch mat de Schoulmeeschteren an de Professere ginn, do muss d´Zuel sech jo dann mindestens verduebelen. Ech sinn zwar dovunner iwwerzeegt, dass onsen iwweraus erfindereschen Educatiounsminister do scho wäert eng Léisung parat huet.

No onsem Premier huet dann och eis Gesondheetsministesch hire Moschtert derzou ginn. De Kredo war esou zimmlech dee selwechten wéi virdrun beim Premier, wann d´Aussproch vun deem Ganzen och méi flësseg a méi professionell geklongen huet. Et ass nees eng Keier zum Virschäin komm, dass des Läit komplett ferngesteiert ginn an dat vu Berodungsfirmen,Wëssenschaftler, Virologen asw. Do ass also nëmme ganz wéineg Eegeninitiativ ze fannen. Et gëtt villméi alles regierungsfrièmen Beroder iwwerlooss, da kann een och herno d´Verantwortung op des feelerhaft Berodung ofwälzen. Selwer huet ee jo, wéi och selwer zouginn, kee blasse Schimmer vu wat ee schwätzt. Et ass dann och ëmmer gutt wann e puer Läit derbäi sinn, déi soen, si géife wëssen vu wat si schwätzen.Opschonn aus villen Fernseeinterviewen och déi meescht vun hinnen hirem Wëssen op Hypotheesen berouen. Mee wann e gutt derfir bezuelt gëtt kann een jo schonn emol dat eent oder dat anert vun sech ginn.

An dann ass do jo och ëmmer nach d´Fro, wièn dann haut nach iwwerhaapt eppes weess.

Dat Ganzt ass also e wéineg onprofessionell ,deelweis zidderech a voller Verschwätzer, zemol vu Säiten vum Premier eriwwer bruecht ginn, an du wousste mer et.

Mir bleiwen och weiderhin Gefaangener vun onser Regierung, och wann der e puer erëm kënne schaffe goen, wat si ganz sécher éischter ongär maachen, well bezuelten congé trotzdeem méi schéin ass. 

Weiderhin wësse mer dass et heescht de Mond ze halen an de Kap ze bécken, well soss de Martini erëm hannert der Dir ervir geholl gëtt. A mir wëssen jo grad aus der leschter Erfarung- wat fir eng Muecht des Läit hunn.Da musse mer ons nach knapp e Mount gedöllechen bis déi nächst Lockerung virgesinn ass. De Premier huet gemengt, hièn géif wëssen- dass dat virun allem der Horesca Branche héchstwarscheinlech vill Problemer wäert beschehren. 

Hièn ass och mat senge Gedanken ganz fest bei dëse Läit, mee dat ass eben esou, do kann een näischt maachen. Ech sinn iwwerzeegt, dass do och all déi Betraffen aus der Horesca him Bäifall wäerten spenden.

Mee et ass eben esou, muncher mussen eben méi bludden wéi anerer, da léieren si et och, dass an Zukunft en anere Wand bléist.Et muss een jo net ëmmer direkt de Mond esouwäit oprappen.

Ech sinn dunn an d´Stuff gaangen fir mech vun esouvill Neiegkeeten ze erhuelen. 

Ech maachen de Fernsee un, wat gesinn ech, bei eisem Noper an Däitschland verkönnecht d´Frau Merkel dat selwecht wéi dat- dat elo ons Läit vun sech ginn hunn, wann och no Merkelmanéier e beschen méi professionell. Trotzdeem ass et dofir dat selwecht bliwwen.Et war scho bal wéi eng Kopie vun deem dat ech elo vun onse Regierungsläit héieren hunn. Esouguer den Datum huet iwwerteneen gestömmt. Och dat mat de Schoulen gëtt an Däitschland d´selwecht geléist wéi hei bei ons. Et geséit aus wéi wann déi schonn nees eng Kéier bei eise Läit geknäipt hätten. 

An och si hunn Angscht virun enger Ustièchung bei Groussversammelungen a verbidden déi dofir genee esou wéi hir Lëtzebuerger Kompatrioten. Just mat de Grenzen , do hunn se nach esou hir Problemer. 

Well dat mat deenen verseuchten Noperen net esou einfach ass, huet den Horst den Delai vun der Öffnung direkt emol nach eng Keier em 20 Deeg no hanne gesat, direkt mat där Warnung, dat Ganzt eventuell villäicht nach emol em 20 Deeg ze verlängeren. 

Et wëllt een de Spillraum deen d´EU engem gelooss huet schliisslech voll ausnotzen.Villäicht ergëtt sech jo an där Teschenzäit dass een d´Kontrolle jo erëm ganz kann aféieren, eng Dramvirstellung vum Horst, dat elo schonn säit Joren.

Mee soss gesäit et aus wéi wann Däitschland alt nees eng Kéier sech Lëtzebuerg als Virbild geholl hätt fir eng anstänneg Exit Strategie duerchzeféieren. Et ass schonn net schlecht wann een esou kompetent Noperen huet. Elo gesinn si endlech wat si un ons hunn.

An deem ganzen Tohawo ass de Jang mat sengem Kannerchouer um Findel ukomm a gëtt bal ganz vergièss. Oder war ee frou dass do net esouvill Tamtam gemaach gouf ,well een an de leschten Deeg gemierkt hat dass den Zäitpunkt fir dëse mënschlechen Akt villäicht net ganz dee richtege war. Dat ass dem Jang awer egal, aus de Weesekanner sinn an der Teschenzäit iwwregens onbegleeten jonk Mënsche ginn, do huet ee jo och kee Feeler gesot, si ware jo wierklech nëmme vun sech selwer begleet.Et ass zwar net ganz richteg, si waren vun hirem Handy begleet, mee wièn ass dat haut net. Dat ass jo an der Teschenzäit scho bal eng Staatsdroend Noutwendegkeet wann een déi läscht Versucher gesäit fir de Virus anzedämmen. Wièn kann an esou enger Situatioun nach nee zu där genialer Erfindung soen.

Dofir liicht verständlech, dass och des Kanner stolz mat hirem Handy an d´Kamera wénken.

Iwwerdeems mécht een sech am Leitartikel vum Letzb. Wort esou séng Gedanken iwwert dat wat dëse ganzen Lock Down mat onse Bierger wäert maachen. Do ass een och där Meenung dass dat Ganzt méi wéi problematesch wier. Et mécht een sech Gedanken doriwwer wat déi Angscht mat de Mënsche maache kann. 

Do sinn der elo villäicht déi wëllen aus lauter Angscht guer net méi schaffe goen. Oder anerer wëllen hir Kanner einfach net méi an d´Schoul goe loossen. Et mengt een, dass et héich Zäit géif gin „ die Rolle rückwärts“ ze maachen“

Zu gläicher Zäit zollen si awer och eiser Gesondheetsministesch Bäifall. Si wär zwar eng politesch Newcomerin, géif awer elo der LSAP duerch hir Lièwenserfarung an hir Aarbechtskraaft de Réck stäerken.Mat anere Wièder, do ass en Amateur um Wierk. 

Et huet een iwwerhaapt den Androck, dass an der ganzer Regierungsequipe zimmlech vill Amateuren um Wierk sinn, déi frou sinn, wann anerer d´Kouhlen aus dem Feier houlen. Do si ganz Deeler vun der Regierung déi komplett op Tauchstatioun gaange sinn, och déi -déi soss duerch grouss Plakataktiounen laanscht d´ganz Autobunnen gewisen hunn wéi wichteg si dach sinn.Déi virtläscht awer duerch hir Déiereschutz Moossnamen ewéineg ënnert d´Rièder kommt sinn.

Anerer déi soss grouss iwwert ons Energiepolitik polemiséiert hunn- tauche scho séit engem Mount guer net méi op. Si hunn sech elo mat aneren Politiker aus der EU zesummegedoen fir dat nach ze retten wat de Virus vun hirer Politik iwwrechgelooss huet. Den Hannergrond vun dëser Aktioun ass, dass si wëlle weisen dass si nach do sinn an dass hiert Uleies ganz bestëmmt esou wichteg ass- wéi déi Ennergangszenarien déi elo iwwerall all Dag ons Medien fëllen wann et em d´Zukunft vun onser Geschäftswelt geet.Si wëllen einfach net verstoen dass et elo méi wichteg ass ze kucken dass mer an de nächste Joren nach eppes ze ièssen hunn , wéi sech em de Great Barrierriff ze këmmeren- dee jo nëmmen bal 3000 Kilometer laang ass. 

Och déi ganz Fuerschungexpeditiounen déi bis elo vum Geld vun den Steierzueler bezuelt goufen wäerten elo e staarken Abroch erlièwen. All dat kann een net einfach esou hi houlen, do muss een natierlech op EU Ebene eppes ënnerhuelen dass dee praktesch onbegrenzten Geldfloss och an Zukunft nach spruddelt, Virus hinn, Virus hir.

Et gi schliisslech och nach aner Themen déi mindestens esou wichteg sinn wéi dësen däämleche Virus. Ausserdeem ass esou eng Aktioun och erëm d´Méiglechkeet sech mat enger, wann och ganz klenger Foto, erëm zeréck an d´Gedächtness vun deene vergièssleche Lëtzebuerger ze bréngen. Et kann een ëmmerhin weisen dass een nach do ass, wann och bedeitend méi kleng wéi virdrun. Dat Ganzt ass iwwregens och vun onsem Wirtschaftsminister Franz Fayot ennerschriwe ginn. Och den Här Gramegna steet mat op der Ennerzeechnungslöscht.

Mee et kommen och nach besser Zäiten, wann een dann nach do ass. Awer et ass wéi beim Virus, „ die Hoffnung stirbt zuletzt“.

An Italien ass een dergéint amgaang ze versichen- déi Finanzéierungsschwieregkeeten- déi een ewell séit längerer Zäit huet an déi elo an dat Onermoosslecht gesteigert ginn, duerch e puer Aktiounen méi op d´Schëlleren vun deenen aneren EU Memberen ze verdeelen. Et ass elo de Moment, dofir ass et net fir elo iwwert eng Oplockerung vun de Covid Moossnamen nozedenken. Dat gëtt schliisslech nach gebraucht fir den Drock op déi déi den Eescht vun der Situatioun net wëllen agesinn, e wéineg ze erhéigen.

Endlech ass een um richtege Wee an et wäert net méi laang daueren bis och déi läscht gemierkt hunn dass Italien onst Geld brauch..An dat Ganzt wannechgelift ouni lästeg Kontrollen. Et brauch ee jo schliisslech keen- deen dono kuckt wat een mat deem Geld vun deenen aneren esou mécht.Eng ganz verständlech Astellung, déi een ganz gutt ka verstoen. Schliisslech wëllt een net a griichesch Verhältnesser ofrëtschen.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert