Wann een héiert wat an Däitschland lass ass ginn engem d´Gruschelen aus. Do gi Läit an Anstalten agespaart well se sech beim Verfassungsgeriicht iwwer Coronavirschreften wollte beschwéieren.
Grénger mengen, elo géif een d´Wirtschaft einfach widder d´Wand fuere loossen an dann eng ganz nei Ökologesch Wirtschaft erëm nei opbauen. Si mer elo also an enger grénger Diktatur gelannt?
Komescherweis huet een géint esou Usiichten guer näischt anzewenden, Affekotinnen déi sech awer fir d´Grondrechter vun de Bierger asetzen gin an d´Psychiatrie ageliwwert Et ass just e Problem. Et sinn net déi Gréng déi um Rudder sinn, mee villméi CDU an d´Sozialisten. Wéi kann et méiglech sinn dass just des demokratesch Parteien elo an nëmmen 14 Deeg déi ganz Demokratie, op déi se no baussen esou stolz waren, sang und klanglos d´Bach agoe loossen.
An Däitschland versichen jo alt nach verschidde Bierger dergéint virzegoen, ginn awer direkt op dat schlemmstend vun der demokratescher Polizei schikanéiert oder esouguer festgeholl an agespaart.
An Däitschland ass een an der Teschenzäit praktesch en Terrorist wann een op d´Grondgesetz hiweist a gëtt vun der Polizei verfollegt.
Hei zu Lëtzebuerg ass vun esou eppes nach weider näischt ze héieren oder ze gesinn , wann och Dreeungen vu verschidde Politiker net méi ze iwwerhéiere sinn.Wou si mer a nëmmen 14 Deeg gelannt?
Bei ons gëtt an der Teschenzäit op d´Robert Koch Institut gelauschtert, dat zu 100% eng Bundesanstalt ass, also nëmmen dat vun sech gëtt, wat di däitsch Regierung wëllt.Mat aller Muecht gëtt versicht- jiddereen deen un den Aussoen vun der Regierung zweiwelt- kal ze stellen, dat esougutt an Däitschland wéi hei bei ons, wann hei och net an deem Ausmooss wéi bei onse Noperen.
Et ass festzestellen dass do e fein ausgeklügelten Plang hannendrun steet, dee schonn säit laangem an den Tiräng louch an nëmmen drop gewaart huet aktivéiert ze ginn.( Deemools wusst ech nach neischt vun engem Lockstepp 2010, neischt vun engem Event 201)
Allem Uschäin no soll eng EUwäit Tyrannei vun bis elo ni bekannten Ausmooss ageriicht ginn.Eng Tyrannei, wéi se bis elo nëmmen an Nazistaaten oder am Kommunismus kenne geleiert gouf.
Mat deenen allgéigewäertegen Iwwerwaachungsmesuren déi d´Staaten haut zur Verfügung hunn, waren des fréier totalitär Systemer géintiwwer haut nëmmen e Schièt vun deem wat eis haut bevirsteeht.( Och vun engem Schwab hat ech bis dohin nach neischt héieren)
Et ass iwwregens och festzestellen dass vun all deem dat mer elo säit engem Mount ze héiere kréien, nämlech den Héichpunkt vun der Pandemie, an der kompletter Iwwerlaaschtung vun eisem Gesondheetssystem bis elo absolut näischt ze mierken ass.
Do passt dann och derzou dass ons Dokteschvertriédung , net méi spéit wéi haut ,sech bei der Ministesch beschwéiert dass hir Praxen komplett eidel wieren.
D´Fro déi sech stellt ass natierlech wéi esou eppes ka méiglech sinn, wa mer mëtten an där schlëmmsten Pandemie stièchen, déi d´Welt bis elo matgemaach huet. Oder hu mir erëm eng Kéier de gudden Deel vum Virus kritt?
Lous a lous muss een sech d´Fro stellen, wat hei wierklech gespillt gëtt an op wat dat Ganzt a Wierklechkeet soll erauslafen?
Gëtt de Virus nëmme gebraucht fir verschidden Saachen duerchzesetzen bei deenen een keng Oppositioun brauch.
Wann een d´Virfäll an Däitschland gesäit muss een sech déi Fro do eeschtlech stellen.Bei ons sinn déi Gréng schliisslech mat an der Regierung, zesummen mat de Sozialisten an den Demokraten.Do kënnt et jo méiglech sinn dat dat dätscht Beispill iwwergesprongen ass.Des Läit ware jo schonn fir esoumuncher Iwwerraschung gutt.
De Mueren huet iwwregens och e Mann d´Fro gestallt, firwat mir net gewuer ginn wivill Läit hei zu Lëtzebuerg schonn erëm gesond sinn. Hièn huet dat selwecht gemengt wéi ech. Et géif ëmmer nëmmen dobäi kommen mee et géif ni gekuckt ginn wivill der erëm gesond wären, déi däerften dann jo net méi zu den Infizéierten beigerechent ginn. Also wären déi ganz Rechnungen déi mer all Dag serveiert kréien komplett falsch.
Et sinn also och nach aner Läit do déi sech Gedanken iwwert dëse komesche Phänomeen maachen. Et ass jo festzestellen, dass mer elo schonn 14 Deeg bei 500 stoe bliwwe sinn.
Et ass iwwerraschend wéi zéi dee Virus dach ass wann et drëm geet aus de Rechnungen ze verschwannen.Wann en sech bis festgesat huet ,wëllt en net méi wäichen.Dat ass zwar bestëmmt ,wéi och all déi aner Rechefeeler, nëmme parhasar geschitt an huet näischt ze bedeiten. Schlecht ass jo haut bekanntlech dee Schlechtes denkt.
Also loust mer net ze vill nodenken a Froe stellen, dat könnt an esou engen Zäiten wéi déi heiten ganz séier als Staatsfeindlech ugekuckt ginn.
Wat iwwerall ze mierken ass, dat kann een an den Talkshowen op alle Senderen an am Youtube mierken,dass elobemol sech Gedanke gemaach ginn, dass praktesch näischt vun deenen Hiobsbotschaften, déi vun verschiddene Wëssenschaftler a Virologen an aner Önnergangsfanatiker verbreet ginn sinn, agetratt ass. Genee de Géigendeel ass geschitt. Amplaz dass d´Klinicken iwwerlaf sinn, kämpfen se elo mat eidelen Better.
D´Personal leeft am Leerlauf doruechter, all Moment bereet dee groussen Stuerm, deen vun alle Önnergangsappostelen virausgesot gouf, ze meeschteren, mee et wëllt einfach kee kommen.
An Däitschland sinn elo plazeweis 10.000 Better net beluecht.
Och den éischte Mann vun der Weltärztevereinigung Montgomery huet gëschter klenglaut mussen zouginn dass een sech verrechent hat. Esou eppes ass jo och net weider schlëmm, dat kann jo jidderengem passéieren.
Dass dodurger awer 1 000.000 Mënschen an d´Ongléck gestierzt goufen,an awer Milliounen an den nächsten Deeg hir Aarbecht wäerte verléieren, déi eenzel Staaten an de Ruin gestierzt goufen, dovunner schwätzt een net gären.
Bei ons ass dat net aneschtes wéi an Eisträich. Och do huet ee gemierkt dass dat Ganzt eng opgeblosen Panikmaacherei war , mat deem Hannergrond- dass do verschidde Läit hir Zëppchen konnte kachen.Och do dat selwecht Bild wie an Däitschland a bei ons. Eidel Spidolsbetter a Läit déi mat Schmirzen op dee fierchterlechen Ausbroch waarden deen all Dag ugekennecht gëtt an deen anscheinend einfach net komme wëllt.
An an Eisträich genee wéi an Däitschland an och bei ons ass festzestellen ,dass mat falschen Zuelen hantéiert ginn ass. Et huet een sech op Computermodeller verlooss, wéi een elo ganz klenglaut muss zouginn, dass do sech ganz sécher Rechefeeler erageschmuggelt haten. Esou eppes wär ganz séier geschitt, do bräicht nëmmen eng Zuel falsch ze sinn, da géif hannen eppes ganz aneschtes erauskommen. Dat wësse mer alleguerten, dat war schonn esou wéi mer nach mat der Hand a mam Kapp gerechent hunn.Elobemol ass dat awer eng Entschëllegung fir Panikmaacherei an Inkompetenz.
Dann ass och nach a verschidden Äusserungen vun dätschen Gréngen Spëtzepolitiker ze mierken, dass déi absichtlech dat Ganzt nach ugeheizt hunn mam Hannergrond ,dass si gemengt hunn- elo géif endlech déi verdäiwelt Wirtschaft zesummebrièchen- an si könnten dann op den Trümmer e gréngen Wirtschaftsimperium opbauen.( Och do woust een nach naischt vum Här Schwab sengem „Great Reset“)
Et konnt een esou Aussoen am Internet nolièsen. Si waren zwar nëmmen e puer Stonnen am Netz bis déi Intelligenzbestie se erëm erausgeholl huet a gemengt huet, dat wär net esou gemengt gewièscht, hièn hätt sech do e wéineg an der Formuléierung vergraff.
Dat mécht näischt, de Schued war ugeriicht.Wéi esou dacks an de leschten Deeg.
Och hei zu Lëtzebuerg menge verschidde Läit erëm Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn. Esou lueft eng landbekannten Verkaafsbasis fir Bioprodukter sech an hire Geschäftsmodell als , wéi sech elo bewisen hätt, absolut krisefest.
Iwwerdeems de Konsum an deenen anere Geschäfter staark agebrach wär, wäre bei hinne staark an d´Luucht gaangen.Si géifen op allefalls des Kris mat engem decke Plus verloossen. Et ass jo schéin wann et och nach e puer Geschätslait ginn déi net musse kräischen.
An all de Geschäfter déi bis elo Faarwe a Miwwelen verkaf hunn, kënnen elo schlecht op Bioprodukter ëmbauen.
Wann elo allerdéngs d´Verdéngschter an der Vollech vun der Kris wäerten abrièchen, wäert den Undrang an deene Geschäfter mat de staark erhéichte Präisser och wouhl net méi esou imposant sinn. Dat wäerte mer an puer Méint mierken, wann d´Firmaen reieweis hir Diere mussen zoumaachen well se finanziell um Enn sinn. A wann dann als Folleg vun der Kris an dem Iwwerreagéieren vu verschidde Kreesser e puer dausend Läit ouni Aarbecht do stoen, wäerte mer nach eng Kéier iwwer dat Ganzt do schwätzen.
Wéi aus der Zeitung ze lièsen ass -brécht d´Eurowirtschaft schonn em 10% an.
An dat- wat de grénge dätschen Spëtzepolitiker sech esou sënnlechst gewënscht huet- wäert elo antrièden. D´Wirtschaft ass amgaang voll widder d´Wand ze fueren. Dat wat dobäi wäert erauskommen wäert allerdéngs net dat sinn wat dësen Här gemengt huet, villméi wäerten elo vill Dreem, déi nëmme mat Milliarden an esouguer Billarden ze bewierkstellege gewièscht wären, der Vergaangenheet ugehéieren.Elo gëtt dat d´Geld wat do fir Fantastereien mat onsécherem Ausgang hätt missten opgewand ginn gebraucht fir d´Wirtschaft iwwerhaapt um Lièwen ze halen.
D´Folleg ass, dass elo schonn a politesche Kreesser dru gezweiwelt gëtt op een déi restriktiv Tankpolitik net besser hätt opzeginn, schliisslech brauch de Staat elo Geld an ka näischt méi verschleideren.
Fir des Partei könnt et ,net nëmme bei ons, an der Zukunft ganz dënn ginn. Wéi wöll ech de Läit erklären dass elo ëmmer méi Geld fir Ëmweltprojekter mussen geopfert ginn, wougéint d´Vollek Problemer kritt iwwert d´Ronnen ze kommen.
Ech ka mer schlecht virstellen dass dann nach eng Mehrheet sech fir Ëmweltproblemer wäert intresséieren, geschweig se dann nach wëllt finanzéieren.
Et ass iwwregens, virun allem bei méi jonken Politiker/innen festzestellen, dass hir Sproch sech emmer méi am faschistesche Beräich usammelt.
Do geet op dätsche Senderen ganz ongenéiert vun „die Alten wegsperren“ rièts a kee Mënsch stéiert sech mee un esou brutalen Aussoen. Dat gött ewell einfach esou higeholl wéi wann dat déi normaalste Formuléierung vun der Welt wier.Wat ass mat ons an nëmmen engem Mount geschitt, wéi wäit si mir an dëser kuerzer Zäit vun der Mënschlechkeet ewechgeréckelt.
Et ass dach haut schonn esouwäit dass sech en normale Mënsch net méi kann trauen an e Seniorenheem ze goen, well en do muss fäerten, bei deem klengsten Mëssel senger Fräiheet, déi an esou engem Etablissement souwisou schonn angeengt ass, beraubt ze ginn, agespaart ze ginn wéi an engem Zoo, wou d´Läit dech dann nach bei d´Fënster könne kucke kommen.
Dat alles mat der Entschëllegung, mir wëllen des aarme Läit dach nëmme schützen.
Hei ginn al Läit zu Doud geschützt.A jiddereen fënnt dat anscheinend normal. Och hei kann een nëmme soen, wéi wäit si mir komm?Haut gëtt een mat 65 Joer als vulnerabel Persoun betitelt a gehéiert dann zum ofschreiwbaren Inventar. Fort mat him, wat maache mer dann nach mat dësem Alen. A jiddereen fënnt dat ganz normal.
Zu gläicher Zäit gëtt eis awer vun der Reklam a vun eise Medien matgedeelt ,wéi de Mënsch sech könnt bis an den heegen Alter fit halen, oder zièlt dat nëmmen wann een deenen Alen do eppes kann undréien, dat Jonker ni géife kafen, well se d´Geld net dofir hunn?