An engem Interview vum Claude Schroeder vum CGDIS kënnt haut de Mueren zu Dag dass si während der Covid Kris 20% manner Asetz mat den Ambulanze gefuer sinn wéi an de normalen Zäiten ouni Covid.
Schonn iwwerraschend bei esou enger immenser Pandemie déi de Bestand vum ganze Land bedreet, ginn d´Asätz vun den Ambulanzen net an d´Luucht, mee villméi erof. Do stellen sech dach esou muncher Froen.
An där Froen stellen sech an der Teschenzäit och d´Oppositiounsparteien. Et wëllt een natierlech nach net an de Frontalugreff goen,well ee weess dass dat de Moment nach schlecht bei der Populatioun ukënnt. Mee déi éischt kritesch Froen fänken un Form unzehuelen.
Esou ass de Moment virun allem den Aarbechtsminister ënner Beschoss geroden. An dat wéinst sengen onglécklechen a umoossenden Aussoen onsen Independanten géintiwwer.
Just déi Läit déi ,wéi mir selwer, hiert ganz Geld an hire ganzen Asaatz iwwer Joren a Joerzéngten dofir agesat hunn dass et hei am Land ronderëmleeft. Mat Innovatiounsgeescht grousses fir dat Land hei geleescht hunn, elo behandelt ginn wéi wann si mol net wäert wären dass hir prekär Situatioun vun onser Regierung wéinegstens esou gewierdegt gëtt wéi dat bei all Aarbechter oder Beamte gemaach gëtt.
Et gëtt drop higewisen, dass just des Läit elo säit Joren mam Slogan „ Trau dech“ derzou opgefuerdert goufen de Schrëtt an d´Selbststännegkeet ze woen.
Ech hunn zwar deemools scho gesot dass dat keng Opfuerderung war, méi vill méi eng Warnung, nom Moto trau dech, da wäerts de schonn gesinn wat der blitt.
Wéi een elo gesäit ass dat nach ëmmer richteg. Hei am Land ass een net frou mat Läit déi eegen Initiativen ergräifen, do ass ëmmer d´Gefor dass een déi net esou liicht kann gidéieren, wéi een dat vum Normalbierger hir kennt.
Ech hunn dat selwer um eegene Leif missten erlièwen wéi ech vun engem héige Beamten gesot krut. „Entweder dir maacht wat mir iech soen, oder dir krit hei kee Geld. A wann dir hei kee Geld kritt maacht dir an dësem Land guerneischt.
Mir haten eis Firma 20 Joer an ech sinn ouni Faillite a Pensioun gaangen. Dat ass eppes wat vill Läit net esou richteg verkraaften- well se gewinnt sinn dass déi meescht hirem finanziellen a psychologeschen Drock ënnerleien an dann no hirer Päif danzen.
Dat zum Thema“ Trau dech“.
Et ass och intressant dass haut déi Partei fir ons Demokratie an ons perséinlech Fräiheet antrëtt, déi elo joerzéngtelaang an den Donstkrees vum Riètsextremismus gesat gouf.
Haut ass et genee déi Partei déi virun enger totaler Iwwerwaachung warnt, déi ons duerch d´Ustrengungen fir de Virus an de Greff ze kréien, könnt blèien.
Wéi recht de Mann dach huet, et ass nämlech och meng Angscht dass ons hei ënnert der Deckung vun der Krisebekämpfung eng App op d´Ouer soll gedréckt ginn, déi dann an der Zukunft soll agesat ginn fir all eis Sozialkontakter op dat genaustent kënnen ze kontrolléieren.Eng ganz bedenklech Tendenz.
Et muss een sech wierklech froen wat hei verschidde Läit ënnert der Deckung vum Virus mat eiser Fräiheet wëlles hunn. Dat huet net méi vill mat Krankheetsverhönnerung ze dinn.
Herno ass de Virus Geschicht an déi total Iwwerwaachung steet.A wéi mer dat jo aus der Vergaangenheet wëssen gëtt si dann och gebraucht . Si mer net schonn genuch iwwerwaacht? Wat fäerten do verschidde Läit, dass mir alleguerten esou staark iwwerwaacht musse ginn?
Dat ass et jo emol net an der DDR ginn. An den Aen vum Staat schénge mir alleguerten zu Terroristen eragewuess ze sinn. De Wonsch vum Staat fir ons mat engem onduerchdrénglechen Iwwerwaachungsnetz ze iwwerzéien ass iwwerall an- an alle Länner ze mierken, dat huet alles näischt méi mat der Virusbekämpfung ze dinn.
Wann een dann am Internet engem Bill Gates seng Fuerderungen héiert, muss ee schonn méi wéi nodenklech ginn.Do sinn ewell Läit amgaang déi an all Bierger an der Teschenzäit e potenziellen Schwéierverbriècher gesinn, deen dauernd iwwerwaacht muss ginn.An der Teschenzäit muss d´Fro gestalt ginn, wièn de Bierger virum Staat schützt.
Mat alle Mëttelen gëtt versicht d´Iwwerwaachungsnetz bei all sech biddender Geleeënheet nach méi dicht ze maachen. Et dauert net méi laang a mir erstécke reegelrecht ënnert den Iwwerwachungsmossnahmen- déi de Staat zesummen mat internationalen Firmen iwwert déi ehemools fräi Populatiounen geluecht huet.
Emmer erem erfanne krank Käpp nees nei Méiglechkeeten hir Matbierger an all méiglecher Form auszespionéieren, an ëmmer nees fannen si bei de Regierungen Läit déi hinnen dofir Milliarden hannendru geheien, an no an no bleift vum eemolegen Mënsch nach just en Datepak iwwreg.
Fräiheet wäert an onser noer Zukunft zu engem Frièmwuert ginn. Nach just mir kënnen ons un eng schéin Zäit erënneren an där mer fräi waren. Ons Kanner an ons Kandskanner dergéint wäerten zu Datenzombien mutéieren.
Ass dat wierklech dat dat mer wëllen? Ass dat wierklech wënschenswäert.
Wann een da gesäit wéi oniwwerluecht ons Jugend mat deem ganzen Elektonikwahn do emgeet muss et engem dronke ginn.Wann se mierken wat gespillt gëtt sinn se an der ganzer Iwwerwaachungswelt önnergaangen.
Eppes steet op allefalls elo scho fest, wann des Kris iwwerwonnen ass si mer ganz sécher erëm eng Kéier méi déif an Iwwerwaachungssumpf eragerëtscht an ons Fräiheet ass dann komplett Geschicht.Eppes fir an de Musée, alles ënnert dem Motto“ Es war einmal“.
Dat ass iwwregens och de Motto dee mer an onser Geschäftswelt wäerten erëmfannen, well der vill no dëser Kris hiert Geschäft oder hir Firma net méi brauchen opzemaachen. Well déi mannsten wäerten des erzwongen zwee Méint Stëllstand iwwerlièwen. Dofir brauch ee kee Wëssenschaftler ze sinn fir op des Feststellung ze kommen, do geet normaalt einmaleins schonn duer.
Iwwerdeems krute mer aus Däitschland konforméiert dass d´Grenzkontrolle géife opgehuewe ginn, et gouf just net gesot wéini.Mir sinn dann also nach genee esou wäit wéi virdrun.
Dat ass awer och liicht ze verstoen, wann een et mat esou engem verseuchten Noper ze doen huet, deen derzou nëmmen drop aus ass de Virus an d´Land anzeschleisen, muss een e beschen virsiichteg sinn.
Fir onsen Aarbechtsminister könnt et haut awer och knëppeldéck. Sinn et firdéischt déi ondankbar Independanten mat hirer ganzer Gefolgschaft déi him de Marsch blosen hunn, esou könnt em de Mettech och nach de Barreau dobäi. Och do ass een net zefridden mat deem wat e vun sech ginn huet a mat deem wéi d´Affekoten vun him behandelt ginn.
De Wand fänkt un ze dréien. An e fänkt un verschidde Läit staark an d´Gesiicht ze blosen an et ass eréischt den Ufank.D´Froen déi an den nächsten Deeg a Wochen u bestëmmte Regierungsmemberen wäerte gestallt ginn, hunn et ganz sécher an sech.
An de Gemengen soll elo ugefaange ginn Masken auszedeelen, déi jo vun e Méindeg un Flicht sinn.Dat, dat bis elo duerch d´Vermummungsverbuet verbuede war, gëtt dann elo fir d´ganzt Land zur Flicht.Da misst jo elo och erëm d´Burka erlaabt sinn.Lost mer ons emol iwwerrasche loossen.
An der Teschenzäit hu mer 68 Doudeger ze vermellen. Fir d´Infizéierten Zuelen ze nennen- rentéiert sech net- well déi si souwisou falsch, well nach ëmmer ginn déi déi Krankheet iwwerstanen hunn an nees gesond sinn, zu den Infizéierten derbäi gerechent. Also stömmt déi ganz Rechnung hannen a fir net.
Dat ass iwwregens net eleng e Problem hei zu Lëtzebuerg, an der Tagesschau an op RTL Lëtzebuerg gouf gemellt, dass iwwerall festgestallt gin ass, dass mat falschen Zuelen hantéiert gëtt.
Esou huet z.B. an Däitschland d´Robert Koch Institut bis elo praktesch verbueden dass Covid 19 Doudeger däerften opduzeiert ginn. Dat mat der Begrënnung dass dat vill ze geféierlech wär, dass doduercher de Virus sech könnt ausbreeden.
En Hamburger Patholog huet dann dunn dat awer gemaach an huet musse feststellen dass vun all deenen Doudegen déi bei him ageliwwert goufen, gur keen wierklech um Virus gestuerwe wier. All déi aner ware schonn esou schwéier krank dass se och ouni de Virus gestuerwe wären.
Wéi huet de Mann sech ausgedréckt,“ Die waren praktisch schon tod ehe sie mit Covid 19 in Berührung kamen.“En anere Patholog huet dat selwecht festgestallt. Dorops hin hunn se hir Ergebnisser dem Robert Koch Institut matgedeelt, dat klenglaut ugeuerdent huet dass elo weider Patienten missten opduzeiert ginn.
Datselwecht gouf och elo zu New York festgestallt, do goufen iwwer 3500 Doudeger einfach zu de Pandemieopfer bäigeschloen, opschonn se guer net op Corona getest gi waren.( Quell RTL Radio)
Wéi ee gesäit gëtt iwwerall mat falschen Zuelen hantéiert an des falsch Zuelen ginn nach vun der WHO, déi ënnert dem Kommando vum Bill Gates an der Pharmaindustrie steet, mediewierksam an d´Welt geblosen.Hei ass ouni Zweiwel eppes ganz aneschtes hannendrun wéi e Virus.
Hei schéngt dat hannendrun ze sinn dat de Bill Gates séit laangem gefuerdert huet, nämlech eng Weltregierung déi diktatoresch gefouert soll ginn.
Och ass festzestellen dass de Moment e grousse Krich teschend deenen eenzelen Pharmagruppen vu verschiddene Länner ausgebrach ass, fir sech praktesch d´Patentrecht vun engem Vaccin ze sécheren, deen se herno, wéi de Bill Gates et seet, 7 Milliarde Mënschen kënnen asprëtzen.
Dat ass natierlech esou e klengt Geschäft dass een sech doriwwer guer keng Gedanke brauch ze maachen.
Bis zu deem Moment huet iwwregens d´Robert Koch Institut all Hièwel a Beweegung gesat mat fadenscheinegen Argumenter Obduktiounen u Covid Patienten ze verhënneren. Alles mat där Argumentatioun, dat wier ze geféierlech. Dofir misst een dat op alle Fall ënnerloossen.
A Frankräich gouf da festgestallt dass hei einfach sämtlech Doudeg déi an där Zäit gestuerwe sinn als Covid Patienten deklaréiert goufen, ganz egal op se u Covid gestuerwe sinn oder net. Wéi du gesot gouf ,dat kennt dach net sinn, do missten jo dann emol déi Verstuerwen vum Virjoer vun deem gläichen Zäitraum geholl ginn an déi missten dann emol vun deenen dësjäregen ofgezunn ginn vir en eenegermoossen richtege Bléckwénkel ze kréien, hunn déi Verantwortlech gemengt- dass dat awer vill Aarbecht géing kaschten an net einfach wär.
An der Belsch goufen déi selwecht Tricksereien opgedeckt. Wat geet also hei fir?
A Schweden, déi net matt op der Ausgangsspär matgeridde sinn an dofir schwéier vun den EU Staate bedrängt gouf, och hiren Selbstmordsystem ze iwwerhuele, ass alles weider gelaf ouni all Beschränkungen an do sinn Ustièchungszuelen dofir net méi séier geklommen wéi a Spunien oder Italien, déi hir Wirtschaft widder d´Wand gefuer hunn an alles op Null gedréit hunn, wéi iwwregens jo och hei zu Lëtzebuerg.
Et schéngt sech ëmmer méi ze bestätegen dass et verschidde Virestämm gëtt, wourop jo schonn de Virolog vun onsem Staatslabo an séngem Interview mat RTL drop opmierksam gemaach hat. Deen huet deemools jo scho gesot dass bei ons de Virus bei wäitem net esou aggressiv wär wéi an Italien oder a Spunien.
Däitschland schéngt dann de Virus vun ons kritt ze hunn, well do ass dat selwecht ze beobachten wéi hei zu Lëtzebuerg.
Dëst geet elo natierlech, wéi net anescht ze erwaarden, genotzt fir ze weisen wéi gutt dach déi vun de Regierungen total iwwerzunne Moossnamen gegraff hunn, dofir hätten si de Virus elo ënner Kontroll.
An Eistreich an an der Schwäiz war et deeselwechten Zenario wéi an Däitschland a bei ons.
Et ass scho komesch dass deeselwechte Virus an Spuenien an an Italien esou verheerend soll gehaust hunn. Iergend eppes kann do net stömmen, entweder et war eng Mutatioun vum Virus, oder dat Ganzt huet aner Hannergrënn.
Et sinn an de läschten Deeg e wéineg vill där Phänomener opgetaucht, fir dass een einfach könnt soen, dat ass eben esou oder -dat ass Zoufall. Et wär schonn intressant ze gesinn fir wat dat esou ass.
Dann ass och opfälleg mat wat fir enger Vehemenz versicht gëtt des Tracking App ënnert d´Vollek ze bréngen. Hei zu Lëtzebuerg ass ee jo géint des App,dat huet ee jo haut am Parlament héieren, ausser wéi onse Premier an sénger Rièd gemengt huet, wann des App vun der EU géif kommen. An deem Moment géif dann awer och hièn matt maachen.
Et ass ze schéin fir wouer ze sinn, grad war en nach strikt dergéint.
Et schéngt also a Wierklechkeet genee em dëst Iwwerwaachungsinstrument ze goen, an dat opschonn an deene meeschte Länner des Pandemie ganz staark um Ofhuelen ass,wellen d´Regierungen hirer Populatioun des App onbedéngt nach ganz séier wëllen op d´A drécken, fir se herno nach besser bespëtzelen ze kënnen.
Wat fäerten des Läit alleguerten? Dass se hir Populatiounen bis an privatste Lièwen eran wëllen kontrolléieren. Dat huet dach alles näischt méi mat enger normaler Iwwerwaachung ze doen, wéi mer se jo elo ,säit den Terroruschléi vu virun 5 Joer, iwwerall ze spiere kruten. Nee- dat heiten soll nach eng Kéier och nach dee leschten Deel vun onser bal net méi existéierender Fräiheet iwwerrennen.
Et gesäit esou richteg aus, wéi wann dat heiten elo de Moment wier, ënnert dem Moto, entweder elo oder esoubal net méi.
Eis Regéierend mussen an der Teschenzäit eng riiseg Angscht virun hire Bierger hunn, dass si sollen komplett an digital Fessele geluecht ginn.
Fäerten se villäicht dass a bemol Läit hannert dat ganzt Spill gesinn? Op ville Platzen sinn Feller amgaang fortzeschwammen, soll dat nach ganz séier opgehale ginn?
Oder ass et esou, wéi vill Wirtschafts a Finanzexperte soen, dass Europa finanziell um Enn ass, an elo déi eropzéiend riiseg Finanz a Wirtschaftskris deem ganzen de Räscht gëtt?
Fir dëst Versoen vun onse Finanzinstituter , Ministeren an aner Matspillenden ze iwwerdecken, bräicht een e Schëllegen an do kéim de Virus wéi geruff.
No all deene Virzeechen an absolut irrationalen Handlungen vun onse Regéierenden kënnt een dëse Verdacht bal kréien.