Mir sinn elo vun 91 op 140 Fäll eropgaangen.
De Mëtteg huet de Bettel de Krisemodus ausgeruff. Dat heescht d´Regierung kann elo ouni all Kontroll Moossnamen ergräifen déi fir wichteg gehale ginn.Elo gëtt dat also ëmgesat dat bei der Terrorismusbekämpfung op d´Been gestalt gouf.Och d´Arméi gëtt elo an déi ganz Saach mat abezunn.Mir rëtschen also elo mat hëllef vum Virus an en totalitäre Staat eran.
Eng Regierung déi ouni all Kontroll Moossnamen kann ëmsetzen déi fréier komplett ondenkbar gewiescht wären. Esou seier kann een also ons Gesellschaft aus den Aangelen hiewen.
Elo sollen och all d´Firmaen hir Dieren zoumaachen.
Ons d´Land gëtt also komplett immobiliséiert.
Wat dat bedeit kann jiddereen sech virstellen. Ons Wirtschaft gëtt op Null reduzéiert mat alle Folgen déi esou eng Ausso mat sech bréngt.
D´Arméi soll elo mat zwee oder dréi Kamioen all dat iwwerhuelen wat virdrun 100nerten vun Ausliwwerer am ganze Land gemaach hunn. Ech froe mech just wie dat soll funktionéieren. Et geséit aus wie wann hei Läit am gaange wären eweineg ze grouss ze gesinn.
Et kann een sech elo esou lous d´Fro stellen wou dat doten endege soll. Et geséit wierklech esou aus wéi wann, an net eleng bei ons, mee och an onse Nopeschlänner, mat Hëllef vum Virus ons Gesellschaft mam Briecheisen soll aus den Aangelen gehuewe ginn.
Et soll der Gesellschaft anscheinend eng Rosskur verpasst ginn, alles ënnert dem Virwand vum Virus. Ausserdeem ass ze gesinn dass iwwerall un d´Solidaritéit vun de Läit appelléiert gëtt, dëst och erëm iwwerall mat praktesch deselwechte Wierder an de selwechte Opriff.
Och hei ass et komesch wéi all déi Aussoen sech gläichen wéi een Ee deem aneren. Och hei geséit et aus wéi wann dat ganzt vu laanger Hand preparéiert wier an zentral gesteiert géif ginn.
Et sinn elo iwwerall Medezinesch Zenteren opgeriicht ginn, wou d´Läit kënne getest ginn. Et ginn och elo Tester an Drive Inne gemaach. Et gëtt also elo méi systematesch kontrolléiert. Haut de n´Owend um 1800 Auer war dunn d´Zouhl vun den Infizéierten op 203 eropgaangen.
Eng zweet Persoun, nees eng keier am heegen Alter, mat weideren schwéieren Erkrankungen ass gestuerwen.Den Alter ass virsiichtshallwer emol net gesot ginn.
De Bettel huet nach eng keier an enger Usproch drop higewisen dass de Noutstand ausgeruff wier. En huet drop higewisen dass des drastesch Veruerdnung firdeischt nëmmen fir 10 Deeg géife gëllen an duerno vun der Chamber op 3 Méint könnten ausgedeent ginn. En huet awer och ausdrécklech drop higewisen dass all des Moossnamen direkt no der Beeendegung vun der Kris nees géifen zeréckgeholl ginn.
Do waren also och scho Läit, déi dat gefaart hunn wat ech fäerten, dass dat ganzt gebraucht gëtt fir esou hannenerëm eng Diktatur op d´Been ze stellen.
D´Ganz Land ass elo praktesch konsignéiert. Jiddereen muss doheem bleiwen a kann nëmmen a ganz bestëmmte Fäll baussen Dir goen.
Deen deen dat net mécht gëtt mat enger Strof vun 145 Euro beluecht.
Et däerf een nach just akafe a mam Hond spadséieren goen. Et däerf een sech net méi mat anere Läit treffen.Besicher bei anere Läit sinn also ab direkt verbueden, deen deen sech net drun hält gëtt bestrooft.D´Land brécht also komplett zesummen.
Di Konsequenzen déi dat ganzt fir ons d´Land an ons Gesellschaft huet sinn net auszedenken.
Et muss een sech wierklech d´Fro stellen wat dee gréissten Schued uriicht, de Virus oder di Veruerdnungen déi elo vun de Regierungen an e puer Spezialisten getraff ginn.
Ech sinn dervun iwwerzeegt dass herno d´Zouhl vun de Selbstmorden, aus Verzweiwlung vill méi héich leit, wéi Zouhl vun den Doudegen duerch de Virus.
Dat wat hei dem Land ugedoe gëtt ass onbeschreiflech.Ech froe mech just wien herno, wann déi ganz Saach do schief gëtt, d´Verantwortung vir dee ganzen Desaster iwwerhuelt.
Et schielt sech ëmmer méi eraus dass do ganz aner Saachen hannendru stinn wéi dat wat mir verzielt kréien.
Mat dëser Saach sollen e puer Mécken mat engem Schlag gefaange ginn.
Eppes dat an alle Länner opfält, ass den Opruff zur Solidaritéit mat onsen eelere Bierger. D´Läit sollen dëse Persounen hëllefen. Zur gläicher Zäit kréien si awer verbueden mat dëse Persounen a Kontakt ze trieden. En Nonsens an sech also, wéi kann ech engem hëllefen wann ech net däerf bei e goen.
Eng zweet Saach ass ganz kloer ze mierken. Duerch déi superintelligent Ofstemplung vu Gefohrepersounen a Gruppen ass erreecht ginn dass bestëmmte Gruppéierungen an onser Gesellschaft mengen, dat ganz wier net fir si.
Et sinn iwwerall Jonker unzetreffen déi esouguer nach Party maachen. Bei der Ufroe, wat dat soll, kennt da ganz séier d´Ausso de Virus géif si jo net betreffen, si wäre jo keng Gefohregrupp.
Hai gesäit een wéi, déi bestëmmt gutt gemengte Hiweis op Gruppen déi méi staark vum Virus konnte ugegraf sinn wéi anerer, sech dobaussen auswierkt.
D´Konsequenz ass dass e ganzen Deel vun der Populatioun fest iwwerzeegt ass vun deem ganzen net betraff ze sinn.An nees eng keier ass et onse Spezialisten gelongen d´Gesellschaft ze deelen. Eppes dat haut jo Gang und gäbe ass, a wat an der Teschenzait scho bal zum gudden Toun gehéiert.
Et gesäit zwar aus wéi wann mat dëser Kris dësen Egoismus vun bestëmmte Gruppéierungen sollt bekämpft ginn. Op där anerer Säit awer gesäit een dass en am Géigendeel, nach weider gefërdert gëtt.
Ech fäerten dat ganzt ass schonn ze weit aus dem Rudder gelaf, déi Jonk si géint déi Al opgestëppelt ginn. D´Fraen si géint d´Männer, elo schonn säit Joerzéngten, opgewullt ginn.
D´Chrëschten si géint d´Muslimen gekéiert ginn. Et wéisst sech lous a lous dass mer aus der ganzer Spiral vum Haass net méi erauskommen. An anscheinend soll des Kris elo derzou bäidroen dëser Spiral eppes entgéint ze setzen.
Awer wie ee geséit ass d´Ofschottungspolitik schonn esouwäit fortgeschratt an huet ons Gesellschaft schonn esou staark beaflosst dass des Kris dat ganzt héchstwarscheinlech nach verstäerkt.
D´Welt ass am Gaang aus den Aangelen ze geroden.
Eppes steet op allefalls fest, si hunn elo mat engem Schlag et färdech bruecht dass déi ganz Geschichte, wéi den Opstand zu Hongkong, a Frankräich d´Gelbwestebewegung, soss an anere Länner Beweegungen déi hiren Onmutt lautstaark an der Géigend erëm gebrëllt hunn. Alles dat ass elo mat engem Schlag eriwwer.Jiddereen meng deen anere wär e Virusträger.
Souwisou gi Versammlungen elo jo iwwerall gesetzlech verbueden. Alles Saachen déi ouni dëse Virus an onser, dach esou offener Gesellschaft, ni méiglech gewiescht wären.
Elo bemol funktionéiert all dat ouni all Problem, ouni dass eng Tréinegasgranat ofgefeiert gett, oder e Schoss fält.
Schonn intressant wat esou e Virus parhasar esou färdech bréngt. An dat iwwerall op der Welt
A China a Frankräich, a Russland esouguer a Chile, Venezuela, Mexiko , Amerika asw.
Intressant sech doriwwer emol esou seng Gedanken ze maachen. Well des Opstänn ware jo praktesch net méi ënner Kontroll ze bréngen.
Iwwer Nuecht sinn si wéi vu Geeschterhand vun der Bildfläch verschwonnen.Zesummen mat all deenen déi iwwerall uechtert der Welt vir de Klimawandel am gaange waren nei Revolutiounen aus dem Buedem ze stampfen.
Elo däerfen si sech nach net emol méi versammelen . Ee muss deen anere fäerten, e kënnt jo Virusträger sinn.
A schonn huet een déi ganz Saach am Greff, ouni Knëppel ouni Gummisgeschosser ouni Panzer, einfach esou.
Merci Virus, wann s du net do wärs misst een dech erfannen.Scho bal eng Gabe Gottes.
Et sinn elo nëmmen e puer Iwwerleeungen zu deem ganzen. Wann een nach eweineg nodenkt, wann dat nach erlaabt ass, fënnt een der bestëmmt nach kéipweis.
Z.B. ass elo op ee Schlag dat an Erfëllung gaangen dat bestëmmte Kreesser an och bestëmmte Parteien sech elo schonn esoulaang gewënscht hunn. Op ee Schlag waren d´Grenzen erëm zou.Esou e Virus ass dach e wierklecht Wonnerwierk.Dat dat elo méiglech ass, ass einfach fantastesch.