4ten Dag

Et gesäit esou aus wéi wann se géifen drun denken fir och den Internet ze kappen. Et gëtt schonn doriwwer geschwat, dass de Moment fir d´Netz nach keng Problemer do wieren. Trotzdeem wier d´Netz ganz staark belaascht.

De nächste Schrëtt ass méi wéi sécher dass den Internet ofgeschalt gëtt. Esou wéi keng sozial Kontakter an der Realitéit méi solle stattfannen, sollen dann och héchstwarscheinlech ënnert der Deckung vum Virus och all sozial Kontakter iwwert den Internet ënnerbonne ginn.Iwwert den Internet si schliisslech all déi Gruppéierungen entstanen, mat deene vill Regierungen haut schwéier Problemer hunn.

Dëst wier eng gutt Geleeënheet ze weisen, dass dat alles nëmme geléint ass an zu all Moment kann ënnerbrach ginn, wann d´Situatioun et verlaangt.

Haut de Mueren huet den Här Bausch um Radio geschwat, zesumme mam Polizeidirekter an der Madamm Soloviév. Allen dréi hunn se net mat Warnungen an Dreeungen gespuert.Et ass esouguer ugedeit ginn dass d´Arméi, déi bis elo nëmme logistesch Hëllef géif leeschten, och ganz séier fir aner Saachen kennt agesat ginn.

Hei gëtt an der Teschenzait also mat handfesten Dreeungen ronderëm sech geworf. Et ass natierlech elo eng gutt Situatioun, wou een alles ka maachen ouni op grousse Protest ze stoussen, et geet jo schliisslech em ons d´Iwwerliewen.

Et ass iwwregens eppes dat ech schonn virun längerer Zäit profezeit hunn. Wa bestëmmte Läit mat hirem Latäin um Enn sinn, fänken si un ronderëm sech ze schloen. Et gesäit aus wéi wa mer elo op deem Punkt wieren.Well et muss een elo konstatéieren dass de Gréngen hir Iddien am gaangen sinn d´Bach anzegoen.

 An der Zukunft gëtt d´Geld  gebraucht fir dee Schued erëm riicht ze béien, deen mat deem Ganzen ugeriicht gouf.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert