Et ass ze mierken ,dass an der Berichterstattung ,bei RTL, mat falschen Zuele geschafft gëtt. Déi éischte Kéier ass et mer gëschter opgefall. Héi si bei deenen neisten Infektiounsfäll 430 Persoune beziffert ginn. 4 Läit hätten de Virus net iwwerlièwt. Wéi sech herno erausgestallt huet, alles Läit deelweis iwwer 90 Joer, déi aner alleguerten weit iwwer 80 Joer.
Beemol gouf vun den Infektiounsfäll geschwat an do gouf elo vun 330 Infizéierte geschwat.
Haut de Mueren dat selwecht Spill. Vun offizieller Säit goufen nach ëmmer 330 Fäll gemellt.An der selwechter Sendung goung dunn beemol wéi vun Zauberhand d´Zuel op méi wéi dat duebelt erop.
Et ass scho komesch, well nëmmen e puer Minutten duerno huet d´Madamm Lenert nach eng Kéier déi neisten Infektiounszuelen bekannt ginn. Des waren dunn erëm op 330 Fäll zeréckgaangen.Et ass un dësen zwee Beispiller ze gesinn, dass hei mat getürkten Zuelen operéiert gëtt.
Beim Iwwerdenken vun der Situatioun, ass mer bemol zum Bewosstsi komm, dass mat deene ganzen Tester- déi do iwwerall gemaach ginn,och eppes ganz aneschtes hannendru kennt stoen wéi de Coronatest. Héi kennt ennert der Deckung vum Coronavirus eng DNA Datei iwwert déi gréissten Deeler vun onser Gesellschaft ugeluecht ginn. Eppes wat anescht ni méiglech gewièscht wier.
Et wier jo kengem agefall dem Staat fraiwelleg seng DNA zur Verfügung ze stellen.Elo geet dat ganz vun eleng a keen denkt sech eppes dobäi.Och esou kann een et maachen.
D´Internetdéngschter wéi YouTube an esouweider, wëllen d´Qualitéit vun hire Streamen erofsetzen- well soss de ganze Reseau géif zesummebrièchen.Et ass also net méi wéit bis zu deem dat ech profezeit hunn.
No der selwechter Manéier kann een also och elo den Internet blockéieren. Alles mat deem, dass een nëmmen zum Gudden vun de Läit agéiert, well soss all déi, déi hir Aarbecht vun doheem aus maachen net méi kenne schaffen an dann eis Wirtschaft ganz géif zesummebrièchen.Dofir huet och jiddereen Verständnes wann elo an nächster Zukunft den Internetkonsum evt.ageschränkt gëtt.
Et gesäit een, dass esou e Virus eppes ganz Nëtzleches ka sinn.Dass hièn vill Saache méiglech mécht, déi soss net méiglech gewièscht wären.