D´Stemmung am Land
Mir hu gëschter hautno däerfen erlièwen, wou déi momentan Regierungspolitik wat de Covid ubelaangt, ons hiféiert.D´Stëmmung an der Populatioun fänkt un ëmmer meí aggressiv ze ginn.Et könnt ëmmer méi zum Virschäin, dass ewell jiddereen sech befugt fillt, säi Matbierger drop hinzeweisen wat en ze loossen an ze doen huet.Dat geet elo schonn esou wäit, dass iergend en Hondsfriemen een op engem Event upöbelt an een drop hiweist- dass een sech soll impfe loossen, dann hätt een och keng Problemer iergendwou eran ze kommen.Dat heescht mat aner Wièder ,dass den normale Bierger dat ewell ganz super fënnt, dass hièn sech ewell iwwerall muss ausweisen an domadder beweisen- dass hièn och geimpft ass.Dass hièn sech virun iergendenge frième Läit ,déi absolut keng Berechtegung dozou hunn ,muss ausweisen fir deenen privat Persounen ze beweisen, dass hièn geimpft ass.
Do ass anscheinend kee Mënsch deen sech iergendeppes dobäi denkt, am Géigendeel, si schéngen dat nach héich intressant ze fannen a spillen sech och nach selwer als Mahner op a fillen sech dann och nach beleidegt, wann een hinne seet, si sollen sech em sech bekëmmeren.
Bei där ganzer Entwécklung muss een sech d´Fro stellen bis wuer dat doten nach goe soll. Wou esou eppes féiere kann huet een jo elo virun e puer Deeg zu Idar Oberstein gesinn. Do war een esou genervt vun deenen selwer ernannten Polizisten, dass en de Revolver gezunn huet an de Privatpolizist an de Kapp geschoss huet. Sinn dat Zoustänn déi eis Politiker wëllen eropbeschwieren, wann se ganz offiziell och nach selwer Hetz an Haass séien.
Ech kann mech nach un Zäiten erënneren, wou e gewëssen Téitenger wéinst esou Aussoen virun de Riichter geschleeft gouf. Haut sinn dat Saachen déi eis Politiker, Virologen oder Professeren am Alldag benotzen fir Mënschen, déi sech net wëllen impfe loossen, ganz offiziell ze diffaméieren an ofzestempelen.A komescherweis reegt do kee Mënsch sech méi doriwwer op. Dat ass an der Tëschenzäit esou normal ginn, dass d´Läit dobaussen dat anscheinend als eppes ganz Normales ukucken.
Wéi wär soss ze erklären, dass den Ottonormalverbraucher mat Freet a Stolz den Policejob iwwerhëlt an aner Läit, déi him näischt gedoen hunn, wéi Aussätzeger behandelt, nëmmen well se eng aner Meenung hunn wéi hièn selwer. Sech dozou och nach befugt fillt, den Ausschloss aus der Gesellschaft vun dëse Läit ze fuerderen. Héi ass eppes amgaangen sech ze entwéckelen ,wat bis viru kuerzem op dat schäerfst vun onser Politik bekämpft gouf, haut awer reegelrecht vun der gläicher Politik gefuerdert gëtt.Et sinn nämlech d´Aussoen vun onse Politiker déi all dat eréischt erméiglechen.Ons Politiker sinn amgaangen den Haass an d´Mëssgonscht an ons Populatioun ze séien. Si maachen also haut dat, wou se virun e puer Méint nach aner Läit an de Prisong dowéinst gestach hunn.Als Beispill brauch ech nëmmen den Här vun Téiteng ze nennen.Esou wéi deen sech deemools beholl huet, huet dat eng Verurteelung no sech gezunn. Haut maachen déi Politiker ,déi sech deemools wéinst dësen Aussoen opgereegt hunn, hoergenee dat selwecht an e groussen Deel vun der Populatioun follegt deem Beispill.Dat schlëmmst ass, dass des Opfaassung sech schonn ufänkt an der Populatioun ze verbreeden, genee esou wéi e Virus sech verbreet.An ëmmer méi Bierger gi vun deem Virus befall.Dat schlëmmst ass och nach, dass déi Läit ,déi sech deementspriechend behuelen och nach Ennerstëtzung vun Gleichgesöndter kréien.Bis viru kuerzem wär esou eppes nach ondenkbar gewièscht, haut ass dat Alldag, a keen Mënsch reegt sech doriwwer méi op.
Wann een d´Situatioun vun der ganzer EU haut, no 19 Méint Dauercovidkris kuckt, muss ee feststellen, dass virun allem eppes gelidden huet, an dat ass Demokratie. Praktesch all EU Regierungen hunn des Zäit genotzt fir ons fundamental Rechter esou gutt wéi ofzeschafen.Mir sinn haut an enger absolut rechtloser Gemeinschaft gelannt, wou Staatscheffen an hir Hattendréier d´Gesetzer esou ausleeën wéi et hinne grad passt.Saachen, déi bis virun 19 Méint nach gänzlech ondenkbar gewièscht wären, sinn haut zum Alldag ginn. A wéi et ausgesäit, ass d´Meerheet vun der Populatioun absolut domadder averstanen, jo, fuerdert esou guer nach e stäerkeren Rechtsbroch, wéi deen, deen de Moment iwwerall an de Länner ze verfollegen ass.Do gëtt bestoend Recht um Altor vu Covid geopfert, wéi wann dat dat normaalst vun der Welt wär
Kuckt een sech déi ganz Entwécklung un muss een Angscht kréien.Et ginn anscheinend fir ons muechthongereg Politiker absolut keng Grenze méi.Ee Gesetz nom aneren gëtt ausgehièlegt an duerch ondemokratesch Gesetzer ersat. Gesetzer, déi absolut keng Legitimitéit hunn an déi , geet et nom onsen Grondrecht an no onser Verfassung, widderrechtlech sinn.Mee dat schéngt haut kee Mënsch méi ze intresséieren, do ginn e puer Schmuelspurpolitiker hin, déi setzen esou eppes an d´Welt an wéinst den Mehrheetsverhältnesser am Parlament kommen esou onausgeräiften Gesetzesvirschléi als Gesetzer dann ënnert d´Vollek. Bei ons gëtt déi Saach esou clever gemaach dass de Staatsrot, deen eenzegen deen dat nach könnt bremsen, d´Zäit emol net kritt dat ganzt richteg duerchzegoen, well ganz einfach d´Zäit feelt.
Et muss een sech bedenken dass hei ewell Gesetzer erlooss ginn, déi eng Dauer vun engem Mount ofdecken. No engem Mount ass schonn nees en neit do.Oder et gëtt esou gemaach wéi bei den Alters a Fleegeheemer, do koum elo eng Empfeelung eraus, déi ganzer 3 Wochen soll gëllen.
Eng Empfeelung, wat ass dat?Dat heescht mat anere Wieder, dat ass esou gutt wéi guer näischt. Dat ass Wischi Waschi fir dem Vollek virzegaukelen et wier eppes gemaach ginn an a Wierklechkeet ass alles nëmmen waarmen Damp.
Et ass ze mierken dass hei Läit um Rudder sinn, an dat praktesch an der ganzer EU, déi anscheinend nëmmen een Ziel hunn, an dat ass mat Hëllef vum Covid ons fundamental a Verfassungsrechter komplett ausser Kraaft ze setzen.Dat Ganzt ass eng ganz genee ofgestëmmten Aktioun, déi generalstabsméisseg organiséiert ass an duerchgefouert gëtt.Well praktesch an alle Länner lafen d´Aktiounen no deem gläichen Prinzip of, dacks nach begleet vun deenen gläichen Argumentatiounen an esou guer deene gläiche Wierder.
Et brauch een keen groussen Strateg ze sinn fir genee können virauszesoen wat dann elo deen nächste Schrëtt ass deen vun där oder där Regierung, oder vun der EU Kommissioun geholl gëtt.
An Däitschland huet elo de Spahn versicht den Ausnamezoustand zum Normalzoustand ze erhièwen. Mat anere Wièder, mir kommen aus dem Ausnahmenzoustand net méi eraus, deen gëtt elo zur Normalitéit erkläert. Komescherweis, dat alles nach iert déi Regierung, déi jo praktesch ofgewièlt ass, d´Blat botzt. Dat ass bestëmmt als leschte Kaddo vun der Frau Merkel an hiren Här Spahn fir dat däitscht Vollek geduecht, dat si elo an 19 Méint vun enger liberaler Demokratie an eng totalitär Diktatur verwandelt hunn.
Komescherweis huet den Här Macron zu Paräis dat selwecht gemaach, och hièn dreift Frankräich ëmmer méi an eng totalitär Diktatur eran an hièn huet och nach d´Arroganz ,dat öffentlech erauszeposaunen.
Den Dragi an Italien fiert dee selwechte Kurs.
Och de Kurz an Èistréich ass op der selwechter Spur gefuer, elo huet sein Nofolger schonn deen nämlechten Wee ageschloen.
Hei bei ons versicht de Bettel dauernd, duerch allerhand Schachzich och lous a lous eng totalitär Diktatur opzebauen.En hat dat jo schonn virun en etlech Méint versicht, ass deemools awer ausgebremst ginn. Mee hièn ass drun déi selwecht Masch erëm eng Kéier ofzezéien. An esou wéi ech d´Situatioun gesinn könnt et him des Kéier geléngen.Schliisslech huet hièn an der CSV e gudde Verbündeten.
Zu deem Ganzen könnt dann nach dobäi ,dass elo mam Covid Pass d´Vollek géint eneen opgewigelt gëtt. Eppes dat net nëmmen esou dohin gesot ass, mee elo virun 3 Deeg vun der Neiséilännescher Premierministerin wuertwiertlech bestätegt gouf.Nodeem si gefrot gouf op si net géif mierken dass si drun wären d´Vollek ze splécken an auserneen ze dreiwen, huet se mat süffisanter Minn gemengt, genee dat wéillten si.Dat alles ass also ganz genee esou gewollt a geplangt.Wann een dann esou Wuertmeldungen an de sozialem Medien, awer och an de Printmedien lièst, mierkt een dass déi Spleckungsbeméiungen vun onse Politiker duerchaus hir Friichten droen. Do fillen wierklech Läit sech genéidegt de Politiker hir Meenung esou ze verkafen wéi wann dat op hirer Mëscht gewuess wier.De Bettel a Baerbork Syndrom.Dat schéngt Schoul ze maachen.
Höllt een dann déi ganz Aktiounen vun deenen eenzele Länner zesummen, gesäit ee ganz séier dass dat ganzt no engem Plang funktionéiert. Deen doranner soll endegen, dass eng global Diktatur soll opgebaut ginn,eng Diktatur, déi vun enger Weltregierung soll gesteiert ginn. No zelièsen an dem Här Schwab séngem Great Resett. E Buch,dat am läschte Joer op de Maart koum a vun kengem aneren staamt wéi vun deem Här Schwab deen den WEF leet an deen de gréissten Deel vun deenen Leader déi de Moment iwwerall um Rudder sinn, ausgebilt huet. Esou och Läit wei Jean Claude Junker, Merkel, Spahn, Kubiki, Baerbork, Von der Leyen,awer och de Gates,an de Bettel ,asw.
Et ass ze mierken ,dass vun un dass den Large Skale Testing ofgeschaaft gouf d´Infizéiertenzuelen drastesch an d´Luucht gaange sinn.Uwat dat läit kann ech net soen. Et ass just eppes dat mer säit der Ofschafung vum Large Skale Testing extrem opgefall ass.Hate mer viru Méint nach Tauxen vun 1 oder 1,3 % esou leien si haut, an dat trotz enger Impfquot vun bal 75%, bei ganzen 3,5%
Et ass scho ganz komesch dass deselwechten Phänomeen iwwerall an de Länner feststellbar ass, an dass och iwwerall festgestallt gëtt, dass et ewell haaptsächlech Doubelgeimpfter sinn déi sech ustièchen, just hei zu Lëtzebuerg schéngen se dovunner näischt matzekréien. Hei héiert een ëmmer nëmmen, all déi, déi an de Spideeler leien sinn Ongeimpfter. Dat ass dat, wat praktesch all Dag iwwert d´Radiosenderen verbreet gëtt. Lièst een dann Wocheberichter vun der Santé, stellen sech ganz aner Zuelen eraus. Wéi bei allem wat des ganz Plandemie ugeet, gëtt also och hei op Däiwel komm eraus manipuléiert a gelunn.