563sten Dag

04/10/2021

De Baron vu Münchhausen ass zu Lëtzebuerg gelannt

 Op Säit 4 an 5 vun der Ausgab vum letzb. Wort vum 4ten Oktober ass dann de schéinste Beweis wéi mat den Daten em sech geheit gëtt.Do gëtt an der Ausgab vum 30ten September en Impftaux vun 73% genannt. An der Ausgab vum 4ten Oktober ass dann a bemol en Impftaux vun 65,8 % ze fannen. Ugangs November fällt den Taux dann nach emol op eppes iwwert 60%.Wat dat komescht hei am Land ass, dat ass- wat hei méi geimpft gëtt, wat den Impftaux méi fällt. Wéi esou eppes funktionéiert, bleift Geheimnis vun onsem Gesondheetsministère, mee hei zu Lëtzebuerg ass dat ouni Problem méiglech.Ech kann mer duerchaus virstellen, dass een do erëm direkt déi richteg Wièder huet fir dat ze erklären.Well esou eppes gëtt et einfach net zu Lëtzebuerg. Oder deen deen dat festgestallt huet ass einfach net zourechnungsfäeg.Oder e schwurbelt gären, egal wéi, iergendeppes kann net mat deem stömmen, géif dee soss un den Aussoen vun onsem Ministère zweiwelen?

Wat et mat der Éierlechkeet vun de Politiker op sech huet, geet am beschten aus der grad opgedeckten Pandora Papers Affär ervir.Do gouf elo eng Schwarzgeldaffär opgedeckt un där 365 Politiker aus praktesch 100 Länner drun bedeelegt sinn.Erëm eng Kéier geet et em Gelder déi schwaarz an Stëftungen, Trusten an Bréifkëschtefirmen ugeluecht goufen, fir op déi Aart a Weis laanscht Versteieren vun dëse Gelder ze kommen.Natierlech ass och erëm Lëtzebuerg mat an dësen onéierlechen Geschäfter verwéckelt.Hei gouf esouguer eng extra Gesellschaftsform geschaaft fir esou Transaktiounen méiglech ze maachen.

Et sinn deiselwecht Politiker déi permanent fuerderen, dass aner Bierger wéinst esou Affären de Pelz iwwert d´Oueren gezunn gëtt.Dat nëmmen als klengt Beispill wéi et mat der Éierlechkeet vun dëse Läit bestallt ass. 

E weideren Beweis vun iwwerschéimender Eieerlechkeet vun onsem Féierungspersonal hunn ech grad hei viru mer leien.Dat eent ass e Message vun onsem Paulette. Hat verkönnecht déi 4ert Well.An wéi net anescht ze erwaarden ass- dat eng Well vun den Ongeimpften.D´Ustièchungszuelen wieren bei den Ongeimpften däitlech méi héich wéi bei den Doubelgeimpften.Fir emol unzefänken däerft bei den Doubelgeimpften un sech guer keng Infektiounsfäll ze bekloen sinn?!.Well dat awer esou ass, muss ech feststellen, dass alles dat wat mir elo déi lescht Méint verzièlt kruten Lige waren.

An dass dat esou ass- bewéist dann en anert Dokument dat hei viru mer läit.Et ass vun Expressis Verbis an dréit den Titel, „Pandemie der ´Geimpften“! Dat komeschst ass, dass déi Donnéeën, op déi sech des Analyse bezitt, vun deem selwechten Ministère stamen wéi Donnéeën op déi anscheinend onst Paulette sech stäipt.

Et fällt just op dass dat ganz aner Donnéeën sinn wei déi -déi d´Paulette dem Vollèk verzièlt huet.Hatt schwätzt z.B. vun engem Inzidenzwaert vun 104 bei Geimpften géintiwwer engem Inzidenzwaert vun 241 bei Ongeimpften.

Wann ech dann d´Werter huelen déi an der Analys vun Expressis Verbis( déi jo och vum Gesondheetsministère stamen) behandelt ginn, ass dat eppes grondleeënd aneschtes.Wat een bei deem ganzen nach muss berécksiichtegen ass, dass Vollstänneg Geimpfter nömme méi ganz seelen mat PCR Tester kontrolléiert ginn.An awer ass dat- wat bei dësen Tester erauskënnt- bal net ze gleewen.

Do huele mer emol den Zäitraum vum 27ten September bis den 3ten Oktober. Do ginn an enger Tabell vum Ministère folgend Zuelen uginn.

Positiv getest goufen an dësem Zäitraum 174 Netgeimpfter, wat en Taux vun 29,5% ausmëscht

Dogéint goufen Läit déi nëmmen eemol geimpft waren bei 200 Tester opfälleg, wat engem Taux vun 33,8% entsprécht.

An dann könnt den Hummer. Bei Doubelgeimpften , also komplett Immuniséierten, leit den Positiv Taux bei ganzen 217 Persounen, dat wären ëmmerhin 36,7%.

Mat anere Wièder, d´Situatioun ass also genee emgedréit wéi ons Pandemiewièchterin dat an hirem Pressecommuniqué deklaréiert huet.

Mee domadder geet et net duer.Höllt een déi lescht Kalennerwochen, ergëtt sech iwwer déi ganz Wochen genee dat selwecht Bild, mat deem eenzegen Ënnerscheet- dass d´Zuel vun den Komplettgeimpften, déi sech nees ugestach hunn- extrem klömmt.

Esou hat sech an der 37ter Woch keen ugestach deen net geimpft war. Dogéint haten sech der awer 374 ugestach déi emol geimpft waren, 168 haten sech der ugestach déi komplett geimpft waren.

An der 38ter Woch war et dann e wéineg en anert Bild.Do waren 186 Ongeimpfter positiv, dergéint waren der 194 eemol Geimpfter positiv, an 210 Komplett Immunisérter sinn positiv aus dem Test ervir gaangen.

Déi 39stest Woch ass et nach méi däitlech. Do gi 174 net Geimpfter positiv getest, iwwerdeems der 200 Positiv getest ginn déi eemol geimpft waren.217 goufen der allerdèngs Positiv getest, déi vollstänech immuniséiert waren.

Déi 40st Woch gëtt et dann nach besser. Net Geimpfter waren guer keng beim Test opfälleg ginn.Bei den eemol Geimpfter waren et dergéint 364 Positiver déi entdeckt goufen. Bei den Doubelgeimpften waren et der 311.

Fazit vun deem Ganzen ass, dass déi Netgeimpften am söcherchsten virum Virus sinn.An dass just déi , déi komplett söcher missten sinn, nämlech déi komplett Geimpften, am meeschten vun Positiv Tester betraff sinn.

Dat si scho ganz komesch Feststellungen. Feststellungen déi net onbedéngt fir de Wourechtsgehalt vun deem schwätzen, wat Läit aus dem Gesondheetsministère an aus der Mainstreammedien esou vun sech ginn.

Dat intressantst bei deem ganzen ass jo, dass déi ganz Donnéeën aus engem an demselwechten Ministère stamen!!??

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert