D´Saach fänkt sech un lous a lous ofzeflaachen. Panik gëtt weider verbreet, an virun allem gëtt drop geuecht, dass nëmme keng Läit können zesummekommen an sech esou könnten austauschen. Ausser iwwer Internet an Telephon, an déi Mëttelen gi vun hinne kontrolléiert.
Et ass jo Ausnamezoustand, an dat ass alles nëmmen zum Gudden vun de Läit.
Och nach en anere Phänomen ass ze mierken. An dat ass dass jiddereen dee kritesch iwwert dat ganzt do nodenkt ,ganz séier an den Abseits geréit.
Eng iwwerluechten Meenung ass hei am Land net méi gefrot. Wann een an Däitschland bei de Fernseediskutiounen gesäit wéi hei déi ganz Moossnamen kritesch hannerfrot ginn an d´Folgen fir ons Gesellschaft beliicht ginn, muss et engem hei am Land älle ginn.
Héi mécht anscheinend kee Mënsch sech Gedanken doriwwer wat aus deem ganzen do entsteet. Anscheinend mierkt kee Mënsch dass mer am gaang sinn vun demokratesche Parteien an eng Diktatur eragedréckt ze ginn. Et ass ze mierken, dass et hei am Land, ausser an de Parteien, anscheinend net ganz vill politescht Denke gëtt.
Ech hu mat menger Schwëster telephonéiert an deem gesot dass mer ofgelauschtert ginn. D´Reaktioun war, dass dat mech bal fir geckeg erklärt huet. Wéi ech em gesot hunn dass ons Regierung, fir dat dat se elo uriichten an e puer Méint oder spéitstens an 2 Joer bei de Walen zur Verantwortung géif gezu ginn, huet dat mer geäntwert, wou ech an esou enger Situatioun wéi elo kennt doriwwer nodenken wat an zwee Joer wier. Et wier elo Zäit doriwwer nozedenken wéi mer aus dëser Situatioun géifen erauskommen.
D´Folgen déi déi ganz Politik vum Moment no sech zitt, däerf also emol net méi beduecht ginn.
Wéi ech em gesot hunn, dass irgent eppes net ganz könnt stömmen, well no menge Berechnungen wiere mir dat Land op der ganzer Welt dat déi meescht Infizéiert hät, prozentual gesinn, op e Land wéi Italien héich gerechent, hätte mir nämlech zum Moment méi wéi 80.000 Infizéierter ze vermellen.
An 800 Doudeger.
Et konnt dat ganzt einfach net faassen.Et war esou sproochlos, dass et direkt huet musse mam Hond spadséieren goen.
Mir hunn dann duerno um Fernsee nach weider Diskussiounen iwwert d´Situatioun an Däitschland verfollegt. Et war d´Anne Will wat d´Diskussioun gefouert huet.Do koumen dann intressant Saachen zum Virschäin.Iwwregens Saachen, vun deenen ech gesot hunn, dass se esou an esou géife verlafen. Z.B. dass dee ganzen Zauber op Computermodeller géif berouen. Hei krute mer et dann direkt virun Ae gefouert dass et a Wierklechkeet esou ass. Si hu gewisen wéi esou Computermodeller ausgesinn. Et ass also esou wéi ech virausgesot hat.
Hei gëtt eng ganz Politik net op der Wierklechkeet , mee op Computermodeller opgebaut. De Computer huet also bei der ganzer Saach d´Muecht iwwerholl.Hei gëtt net méi no mënschlechem Ermoossen gehandelt mee no Computermodellen.
Ausserdeem goufe Wëssenschaftler , Dokteren an e Kanzleramtsminister zou, dass déi Zuelen mat deenen operéiert géif ginn- iwwerhaapt näischt mat der Realitéit ze doen hätten.Zum groussen Deel géifen des Zuelen op Computermodeller baséieren, hätten also net vill mat der Wierklechkeet ze dinn.
Manipulatioun op der ganzer Basis, ganz offen um Fernsee ausgesprach.
Fake News, agesat fir d´Populatioun op dee Punkt ze kréien wou een se gären hätt.
Et ass also ganz kloer, dass hei ganz aner Saachen sollen erreecht gi wéi e Virus ze bekämpfen. Dat ass just Titchen an déi dat ganzt agepaakt gouf, fir dass d´Vollek et besser frësst. Nom ale Moto,“ Rabbel mam Sargdeckel da frièssen se der aus der Hand“. Schonn kanns de alles duerchzéien ouni, dass och nëmmen en Hauch vu Widderstand do ass. Oder mam Junker senge Wieder „ Angst hütet den Wald“. Wéi Recht en dach hat.
Ausserdeem goung aus der Diskussioun ganz kloer ervir wat den Hannergrond vun där ganzer Kris wier, nämlech d´Ëmgestaltung vun der Gesellschaft, déi absolut néideg wier.
Dat ass iwwregens absolut richteg. Et ass just ze fäerten dass hei Kand mam Bad ausgeschott gëtt.
Trotzdeem sinn vill aner duerchaus positiv Tatsaachen ze verzeechnen. Esou sinn z.B. déi ganz Protestaktiounen op der ganzer Welt op ee Schlag komplett agedämmt, well et onméiglech ass dass nach grouss Menschenusammelungen zesummekommen.
Esou ass also all dat erreecht gi wat de Regierungen iwwert de ganze Globus elo iwwert, deelweis Joren, grouss Problemer bereet huet a wou keng human Méiglechkeeten do waren dëst anzedämmen.Nach net emol mat Polizeimethoden, Tréinegas a Gummisgeschosser oder scharfer Munitioun. Et geséit een dat un de Gilets jaune a Frankräich an un de Protestmanifestatiounen zu Hongkong.
Dat selwecht ass a Chile an a Venezuela de Fall.Och an Tunesien an Algerien ass et roueg ginn. Hei an Europa ass et em di gréng Beweegung vun“ Fridey for Futur“ och ganz roueg ginn.Och déi aner gréng Unhänger hunn elo besseres ze dinn wéi sech em seelen Planzen de Kap ze zerbrièchen a fir den Amazonas op d´Barrikaden ze goen.
Et gesäit esou aus wéi wann dat ganzt eng koordinéiert Aktioun vun de Regierungen vun der ganzer Welt wier, fir dëse Kriibs, deen no an no déi ganz Länner op der Welt ergraff huet, an de Greff ze kréien.An dat alles ouni dass e Schoss gefall ass. Dat, dat bis elo keng Polizei a keng Panzer an de Greff kruten, huet elo e klenge Virus an d´Rei bruecht.
Di di bis elo vun der Oma als „alte Umweltsau“ geschwat hunn , ginn elo bemol der aler Boma hëllefen, dass si net dat mécht dat si hir viru kuerzem nach gewënscht hunn, nämlech vun dëser Welt ze verschwannen.
All des Saachen ginn och handfest vum Radio an de Fernseesender önnertstetzt.Déi selwecht Sender déi viru kuerzem nach derzou opgeruff hunn d´Boma oder den Bopa als eng Umweltsau ze tituléieren.
Och heiranner gesäit een wéi néideg et war ,dass eppes un onser Gesellschaft misst geännert ginn. Elo ass et bemol wéi vu Geeschterhand an d´Realitéit ëmgesat ginn.
De Virus huet op ee Schlag vill Problemer geléist , un déi bis elo kee Mënsch erukoum.
Zu gläicher Zäit ass ze mierken, dass elo demokratesch Regierungen ëmmer méi derzou iwwerginn diktatoresch Mesuren anzeféieren a komescherweis déi Saachen maachen, déi se bis virun e puer Deeg nach als riètsextremisteschen Krätz op dat schlemmstend bekämpft hunn.
Elo sinn et just déi Regierungen, déi der Diktatur de Wee bereeden an ëmmer méi vun onse Biergerfräiheeten ënnert dem Virwand vum Virus verbidden, jo esouguer onméiglech maachen.
Et sinn alles Saachen déi beweisen, dass mer keng Rechtsextrem brauchen fir eis Grondrechter op null ze setzen.Dat maachen elo schonn eis extrem demokratesch Regierungen.