Am allgemengen dat selwecht Gelaber wéi déi Deeg virdrun.
Just am Owend hu mer „Hart aber Fair gekuckt“.Do waren dann erëm Wëssenschaftler, Politiker an dann och eng Infirmière um Plateau. Dat wat do erauskoum bestätegt dat wat ech gesot hunn.
Et leeft alles no Computermodeller of. De Wëssenschaftler, e Virolog huet mussen zouginn, dass se do vu Saachen géife schwätzen vun deem hièn keng Ahnung hätt. Kee kennt soen wéi déi ganz Saach do géif ausgoen.
Dat heescht, et ass nees eng Kéier de Beweis dass hei Läit mat an d´Politik agräifen déi selwer zouginn dass se keng Ahnung hunn vu wat se schwätzen.
Mir hunn elo bal 900 Infizéierter an nach ëmmer 8 Doudeger. Eppes dat zimmlech normal ass wann ee gesäit dass Tester sech bestëmmt em dat honnertfacht vervillfältegt hunn.
Bei deem Diskour huet sech och erausgestallt dass d´Gefor extrem grouss ass dass déi Moossnamen déi ergraff gin, de Länner bäi wäitem méi e grousse Schued uriichten wéi de Virus selwer.Eng Tatsaach déi sech bei ons jo schonn iwwerall ufänkt ze weisen.
Wat bei deenen Diskussiounen nach opfält dat ass ,dat iwwerall aus der Hëft geschoss gëtt an dat, wéi meeschtens an esou enge Fäll, ouni sech bewosst ze sinn wat domadder ugeriicht gëtt.
Et ass och ze mierken dass vill Politiker einfach komplett iwwerfuerdert sinn.An dass den Trend do ass- einfach dat ze maachen wat verschidde Wëssenschaftler vun sech ginn- ouni sech d´Fro ze stellen wièn a wat do hannendrun ass.
Mir sinn an en Zoustand eragerëtscht wou de Geescht anscheinend komplett ausgeschallt gouf.
Läit, déi sech Froe stellen wéi dat Ganzt do soll ausgoen, ginn einfach kal gestalt oder als Idioten betittelt.
Ausserdeem ass iwwerall festzestellen dass just des kritesch Geeschter drop hiweisen dass mer riicht an eng Diktatur erarëtschen.
Awer och dat, genee wéi déi Hiweiser wat fir eng fierchterlech wirtschaftlech Folgen déi ganz Corona Hysterie mat sech brenge wäert, gëtt vun de Wessenden déi selwer zouginn dass se guer näischt wëssen, mat engem Handwösch vum Teppech gekiert.
A bei all deenen Diskussiounen könt ëmmer nees d´Saach op den Tapis dass elo awer och eng gutt Geleeënheet wier, ons Gesellschaft ëmzegestalten. Et ass opfälleg dass dëst praktesch an allen Diskussiounen erëmzefannen ass.
Eppes ass an där ganzer Diskussioun awer och nach zum Virschäi komm an dat ass, dass vun engem Zuschauer gefuerdert gouf, déi Al zum Virdeel vun deene Jonken einfach futti goen ze loossen.
Et gesäit een wéi wäit dëse Gedanken schonn am Vollek verankert ass. Wann virun e puer Méint een esou eppes um Fernsee vun sech ginn hätt, wär en an de Prisong komm. Haut gëtt dat ganz nonchalant ausgeschwat, wéi wann dat déi normaalste Fuerderung vun der Welt wier.
Et weist wéi neidesch en Ëmdenken an onser Gesellschaft ass. Mir si ganz wäit an onser haiteger Populatioun komm, dass esou Aussoen haut ganz oppen um Fernsee kommen a Millioune Mënschen esou eng Naziparollen als normalen Alldag servéiert kréien.
Ech fäerten d´Madamm Merkel huet do eppes ugeriicht dat ons nach allerhand ze schaffe wäert maachen..
An där ganzer Diskussioun ass nach eppes ganz kloer ervirgaangen. De Virus gëtt kënschtlech um Lièwe gehalen a gestreckt ,dass en esoulaang wéi méiglech d´Gesellschaft kann influenzéieren.
Do seet de Virolog dass des Viruserkrankung ganz séier eriwwer wier, mee dass dann d´Gefor géif bestoen dass ons Gesondheetssystemer dat net géife packen, dofir misst een de Virus strecken dass ons Systemer net géife kippen.
Dat gëtt alles ënnermoolt mat Läit déi op Gäng a Klinicken um Buedem leien asw.
Iwwregens, an alle Länner emmer erëm déi selwecht Ausso. Iwwregens Länner, déi sech bis elo gerühmt hunn déi beschten Gesondheetssystemer vun der Welt ze hunn.
Dat huet anscheinend erëm eng Kéier net gestemmt.An da schwätzen déi selwecht Läit vu Fake News.
Et ass natierlech och méiglech dass do ganz aner Saachen hannendru stinn. Wat de Virus méi laang do ass, wat een d´Populatioun méi laang am Ausnamezoustand kann halen an esou verschidde Moossnamen kann installéieren déi anescht net ze installéiere wären.
Eppes steet fest, et muss een déi ganz Situatioun ganz genee am Ae behalen well ech fäerten do sinn aner Kräften um Wierk déi alles aneschtes wëllen wéi d´ Gesellschaft gesond ze halen an ze schützen.
Virun méi wéi 30 Joer hu bestëmmte Läit mat Bomme versicht d´Gesellschaft ze änneren. Mir kruten deemools verzièlt et wären Lénksterroristen. A Wierklechkeet wären et riètsextrem Kreesser a Geheimdéngschter, déi iwwerall hannendru stoungen. Deemools ass en dat Ganzt net gelongen.Et kennt sinn dass et hinnen des Kéier geléngt.
Och bei der WHO gëtt mat getürkten Informatiounen geschafft. Do schwätzen se elo vun dem rasanten Ustieg vun den Infizéierten. Vun Ufanks 100.000 Infizéierten op elo 300.000. Bei deem ganzen gëtt allerdéngs komplett ënnerschloen, dass jo och elo d´Kontrollen iwwerall em mindestens dat 20fach eropgesat goufen- esou dass den Ustieg liicht ze erklären ass.Och hei gëtt also versicht Panik ze verbreeden.
An Däitschland sinn iwwregens d´Konsequenzen op déi kleng Geschäftsleit verheerend,virun allem well och iwwerall Mäert ofgesot goufen. D´Läit wëssen, genee wéi hei,net méi wéi se an de nächste Méint hir Fräe sollen bezouhlen.Genee wéi hei mussen der vill an nächster Zäit hir Geschäfter zoumaachen.
Do kann een nëmme soen- gutt an iwwerluecht- geschafft.
A genee wéi hei gouf de Läit all méiglech Hëllef versprach a wéi hei kennt näischt bei de Läit un. Den Amtsschemmel ass schonn voll um wieheren.