9ten Dag

Ech hunn elo grad d´Informatioun vum Staatslaboratoire kritt dass hei am Land alljoers teschend 90 an 120 Persounen un der normaler Gripp stierwen.

Ausserdeem huet de Mann vum Laboratoire gesot dat dee Virus an Italien e ganz aneren ass wéi deen hei zu Lëtzebuerg.

Do sinn also e puer Virestämm doruechter geséit ginn. Et kann een d´Entwécklung an Italien also net mat där vu Lëtzebuerg gläichsetzen.Ausserdeem huet hièn gesot dass d´Infektiounen göschter net an d´Luucht gaange wieren.

Um Radio krute mer allerdéngs eng aner Zuel gemellt.Do gouf vun em déi 890 Fäll geschwat  Wat stemmt dann elo? Hei gëtt also mat verschiddenen Zuelen operéiert.Eppes dat mer elo jo schonn e puer mol opgefall ass. Ausserdeem géing des Infektioun sech vill méi lous ausbreeden wéi eng normal Gripp.

Um Radio kréie mer genee de Géigendeel verzièlt. 

Soll hei d´Situatioun kënschtlech opgebauscht ginn fir hir Verbueter ze rechtfäerdegen? Ech fäerten, hei mussen herno e puer Läit esou muncher Froe beäntwerten. 

Hei gëtt ganz kloer mat Falschinformatiounen geschafft. Wëllt een dat wat een ugeriicht huet verstoppen?

Um 6 Auer goufen 1099 Fäll fir haut gemellt.Dat sinn 25% méi wéi göschter. Et goufen 8000 Tester bis elo gemaach. !500 Tester den Dag gi gemaach. Dann ass et jo zimmlech normal dass elo d´Fäll méi héich sinn wéi déi Zäit wou nëmmen e puer Tester gemaach goufen.

Et ass festzestellen, dass ëmmer méi prominent Perséinlechkeeten mat an de ganzen Kontext mat abezu ginn. Do sinn bemol op der läschter Säit vum Letzb. Wort Läit wéi Tom Hanks oder Alfred Biolek. Déi dervu schwätzen wéi si vum Virus betraff wieren. 

De Biolek schwätzt vum zweete Weltkrich, deen hien als Kand guer net bewosst erlièft hätt, mee esou eppes wéi dëse Virus wär nach net do gewièscht. Hién géing elo mueres emol net méi bei de Bäcker goen seng Bréidercher sichen. 

Den Tom Hanks gëtt un mat senger Famill elo de Virus gehat ze hunn, et géif hinnen awer elo schonn besser goen. 

An da könnt dat op dat et ukënnt. 

Wa mir ons e wéineg géifen aschränken an op e klengen Deel vun onsem Konfort géife verzichten géife mir dat schaffen.

Déi ganz Saach stellt sech ëmmer méi als en Versuch eraus, déi iwwerall grasséierent Arroganz, de Grössenwahn an d´Bornéiertheet anzedämmen. Ons Gesellschaft soll bis an hir Festen ageschüchtert ginn, fir se duerno néi kënnen ze gestalten.Praktesch e Resett.

Dat ass de wierkleche Zweck hannert dësem Virus. Zu gläicher Zäit sollen verschidde festgefueren Begebenheeten an der politescher Landschaft vum Teppech gekièrrt ginn oder nees a Beweegung kommen.

Do ass déi berüümte Null Formel vun der berüümte Kanzlerin, déi Europa vun enger Kris an déi aner steiert. Da sollen op ganz subtil Aart a Weis déi ganz gréng Beweegungen mat hire grénge Fuerderungen erëm op den Teppech bruecht ginn.

D´Flüchtlingen sollen net méi no Europa wëlle kommen,well do de Virus op se waart.Eng Strategie, déi honnert Prozent opgeet. All déi déi sech iwwerall mat alle méiglechen Fuerderungen géint hir Regierunge gewannt hunn, sollen ouni ee Schoss, derzou bruecht gi mat hiren Demonstratiounen a Fuerderungen erëm op de Buedem vun den Tatsaachen zeréckzekommen.

Länner wou d´Regierungen um Wackele waren gi elo erëm stabiliséiert. D´Mënschen fänken nees un nozedenken, eppes dat nom Tsunamie vun den Agitatoren aus allen Ecker ,bluttnéidech war. 

Dat Ganzt ass zwar d´Kroun vun der Manipulatioun, awer ëmmer nach besser wéi deen sech iwwerall ubannende Biergerkrich.

An Däitschland brenne keng Autoe méi, well keng méi do sinn.Wann et geléngt duerch dëse Coup déi Problemer op subtil Aart a Weis ze léisen muss ech soen „Hutt of“.Da war et e gelongene Coup, deen op ganz onbluddeg Aart a Weis Problemer geléist huet déi emol net mat Knëppelen, Gewierer a Panzer ze léise waren.

Loost mer elo mol kucken wéi des Pöll a Syrien déngt., genee esou gut wéi a Palestina, an Israel an am Jemen. An och an Afrika wäert de Virus seng Spuer hannerloossen.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert