Ech well de Lieser vun mengem Dagesbuch drop opmierksam maachen, dass dëst deeglecht Festhalen vun der momentaner Kris, meng perséinlech Siicht op dat ganzt duerstellt. Dëse Bléckwénkel  muss net onbedéngt mat der eegener Sicht an dem Erliewen  vun deenen eenzelen Persounen iwwerteneestëmmen.Ech kann och net garantéieren ,dass meng Siicht déi wierklech Situatioun esou erëm gëtt wéi aner Persounen des Zäit erlieft hunn.Et ass méin Bléckwénkel op dat deeglecht Erliewen vun enger ganz dacks kontroverser a komplizéierter Entwécklung. Een bis elo ni bekannten Zäitofschnett vun onser haiteger Geschicht.

Et ass och déi éischte Kéier wou ech mech mat der kotemporärer Entwéckelen muss auserneen setzen. Louch méin Betätegungsfeld bis zum 16.3.2020 dach bei der Entwécklung vun eiser Geschicht séit dem Wiener Kongress.

Duerch méin profund Wëssen em ons Geschicht séit dem Joer 1815, hunn ech déi haiteg Entwécklung och ëmmer nees aus dem Bléckwénkel vun onser genee esou kontroverser Vergaangenheet gesinn.Aus deem Wëssen eraus weess ech och, dass net ëmmer alles esou ass wéi et sech no baussen weist an wéi verschidde Politiker a Medien ons dat wëllen weis maachen.

Déi Erfarungen hu mer och d´Méiglechkeeten ginn, hannert ganz vill Entweckelungen ze gesinn, déi no baussen hin sech ganz anescht presentéiert hunn wéi se a Wierklechkeet waren. 

Als enorme Virdeel huet sech och ons haiteg Medielandschaft erausgestallt. Et ass een net nëmme méi derzou verdaamt sech mat deem auserneen ze setzen wat engem gutt gefiltert an preparéiert vun den Staatsdroenden Medien a verschidden Historiker servéiert gëtt.

Wéi dacks konnt ech an de leschte 50 Joer feststellen, dass kontrovers Themen vun verschiddenen Auteuren ëmmer gläich behandelt goufen. Een huet vun deem aneren ofgeschriwwen, an herno koum iwwerall dat selwecht eraus, villäicht e wéineg anescht gedréit mee am Fong war alles gläich.Et huet een schonn missten op d´Zeitungen an Zäienberichter aus där Zäit auswäichen, wollt een net dauernd Gefor lafen dem Schéischreiwen vun deenen eenzelen Auteuren opzesetzen.Dat war natierlech eppes, wat ganz zäitopwänneg war a wou een trotzdeem u villes net erukoum, well et hermetesch ënner Verschloss gehale gouf.

Esou guer bei Recherchen vun Fäen, déi honnert a méi Joren zeréck louchen ,ass een ëmmer nees op de Phänomeen vum verstoppen wellen gestouss. Verschidde Politiker hunn hir Muecht och ëmmer erëm dozou benotzt d´Verjärungsfristen em Joerzéngten ze verlängeren.

Ganz Joergäng vun Zeitungen oder Zäitschrëften waren einfach net méi opzefannen.Et huet een gemierkt dass hei eng Geschichtsschreiwung sollt betonéiert ginn.Eng Geschichtsschreiwung déi ganz dacks näischt oder nëmme ganz wéineg mat der Realitéit ze doen hat.An des Geschichtsschreiwung gouf och an eise Schoulen iwwer Joerzéngten de Schüler esou an d´Käpp erageklappt.

Duerch des Geschichtsschreiwung gouf an der Populatioun eng Siicht verfestegt déi nëmmen ganz brochstéckhaft mat de wierklechen Virkommnesser vun där Zäit ze doen hat.

Well ech bei mengen Recherchen zu deenen eenzelen Themen an der Vergaangenheet ëmmer nees op des Tatsaache gestouss sinn, huet et mech gefreet déi Méiglechkeeten vun där haiteger Wëssensvermëttlung ze gebrauchen an doduercher méi en geneeën Iwwerbléck iwwer déi haiteg Situatioun ze kréien.

An och hei war nees ze bemierken, dass mat alle Mëttelen versicht gouf e Bild ze verfestegen, wat nëmmen deelweis mat deem iwwerteneen gestemmt huet, mat deem wat een bei méi geneeën Recherchen konnt erausfannen.An nees waren Kräften drun  hir medial Muecht anzesetzen, nëmmen eng eenzeg Wourecht ze installéieren. Eppes, dat haut awer net méi esou einfach funktionéiert wéi nach virun e puer Joer.

Zousätzlech huet sech am Laf vun deenen leschten 15 Méint ganz séier erausgestallt, dass dat, wat virun e puer Méint nach als Verschwierungstheorien duergestallt gouf, haut batter Realitéit ginn ass.Och huet sech erausgestallt, dass vill Läit déi mat aller Muecht versichen hir Denkweis als déi eenzeg richteg duerzestellen a Wierklechkeet- ganz aner Zieler am A haten, wéi déi déi se an der Ëffentlechkeet vertrueden hunn.

Dat sinn alles Tatsaachen déi nëmmen offensichtlech goufen, wann een sech all Dag mat de ganze Fäen konnt auserneen setzen. Ech hunn dofir och all aner Recherchen u lafende Projeten agestallt, an mech elo séit dem 16. Mäerz 2020 nëmme méi mat dem Thema Covid 19  beschäftegt.Eppes wat mer erméiglecht, eng zimmlech genee Analys iwwer dat ofzeginn wat an all dëse Méint gelaf ass.

Well dat ganzt eng virgeschuewen Kris ass , wéi een aus verschidden international Verëffentlechungen kann ersinn ,déi aner am Hannergrond oflafend Weichestellungen sollt verstoppen, kann een och net mat leschter Sécherheet soen, op een dat alles richteg ageschat huet.Op dat esou ass, kann nëmmen d´Zukunft weisen.

Den Auteur

René Flammang