1ten Dag

Di deeglech Gedanken an Zäiten vum Virus.  Geeschter Owend si mer an onser aler bekannte Welt schlofe gaangen an sinn de Mueren an enger ganz anerer, onbekannter Welt erwächt.Alles wat bis gëschter um 24.Auer gegollten huet, gelt haut net méi.Et klengt wie e schlechte Witz, mee et ass leider batter Realitéit.Mir, genee wéi déi aner Populatiounen vun onse Nopeschlänner, si vun…

Dag 2

Den Dag 1 vun der ganzer Aktioun ass nach eenegermoossen normal ofgelaf. Ech war an d´Geschäfter, op Feitz. Do ass alles ganz normal ofgelaf. Et waren net méi Regaler eidel wéi soss. D´Läit hunn sech alleguerten ganz normal beholl, keen Ausdrock vu Panik. Duerno sinn ech nach op Grouss Hetteng a Frankräich gefuer. Keng Kontroll un der Grenz, näischt, Am…

3ten Dag

Mir sinn elo vun 91 op 140 Fäll eropgaangen. De Mëtteg huet de Bettel de Krisemodus ausgeruff. Dat heescht d´Regierung kann elo ouni all Kontroll Moossnamen ergräifen déi fir wichteg gehale ginn.Elo gëtt dat also ëmgesat dat bei der Terrorismusbekämpfung op d´Been gestalt gouf.Och d´Arméi gëtt elo an déi ganz Saach mat abezunn.Mir rëtschen also elo mat hëllef vum Virus an en totalitäre Staat eran.  Eng…

4ten Dag

Et gesäit esou aus wéi wann se géifen drun denken fir och den Internet ze kappen. Et gëtt schonn doriwwer geschwat, dass de Moment fir d´Netz nach keng Problemer do wieren. Trotzdeem wier d´Netz ganz staark belaascht. De nächste Schrëtt ass méi wéi sécher dass den Internet ofgeschalt gëtt. Esou wéi keng sozial Kontakter an der Realitéit méi solle stattfannen, sollen dann och héchstwarscheinlech ënnert der Deckung vum Virus…

5. Dag

Et ass ze mierken ,dass an der Berichterstattung ,bei RTL, mat falschen Zuele geschafft gëtt. Déi éischte Kéier ass et mer gëschter opgefall. Héi si bei deenen neisten Infektiounsfäll 430 Persoune beziffert ginn. 4 Läit hätten de Virus net iwwerlièwt. Wéi sech herno erausgestallt huet, alles Läit deelweis iwwer 90 Joer, déi aner alleguerten weit iwwer 80 Joer. Beemol gouf vun den Infektiounsfäll geschwat…

7ten Dag

D´Saach fänkt sech un lous a lous ofzeflaachen. Panik gëtt weider verbreet, an virun allem gëtt drop geuecht, dass nëmme keng Läit können zesummekommen an sech esou könnten austauschen. Ausser iwwer Internet an Telephon, an déi Mëttelen gi vun hinne kontrolléiert. Et ass jo Ausnamezoustand, an dat ass alles nëmmen zum Gudden vun de Läit. Och nach en anere Phänomen ass ze…

8ten Dag

Am allgemengen dat selwecht Gelaber wéi déi Deeg virdrun. Just am Owend hu mer „Hart aber Fair gekuckt“.Do waren dann erëm Wëssenschaftler, Politiker an dann och eng Infirmière um Plateau. Dat wat do erauskoum bestätegt dat wat ech gesot hunn.  Et leeft alles no Computermodeller of. De Wëssenschaftler, e Virolog huet mussen zouginn, dass se do vu Saachen géife schwätzen vun…

9ten Dag

Ech hunn elo grad d´Informatioun vum Staatslaboratoire kritt dass hei am Land alljoers teschend 90 an 120 Persounen un der normaler Gripp stierwen. Ausserdeem huet de Mann vum Laboratoire gesot dat dee Virus an Italien e ganz aneren ass wéi deen hei zu Lëtzebuerg. Do sinn also e puer Virestämm doruechter geséit ginn. Et kann een d´Entwécklung an Italien also net…

10ten Dag

Nei Mesuren vun der Regierung. 9 Milliarden Euro ginn fir d´Ënnerstëtzung fir d´Wirtschaft agesat.D´Zuelen sinn: 15.000 Betriber mat méi wéi 100.000 Salariée. 20.000 Froen fir Congé familial ginn erward.Fir déi kleng Firmaen gin et direkt 5000 Euro. Et gouf nach eng Kéier drop higewisen dass d´Läit sech sollen un d´Reegelen halen. Dreeungen wéi mer se bis elo héieren hunn, blouwen haut aus.…

11ten Dag

Am ganzen huet Hysterie um Radio nogelooss.Et sollten e puer Pressekonferenzen sinn, déi awer net komm sinn. Am Lëtzebuerger Wort stoung en groussen Artikel vun engem Philosoph Slavoj Zizek. An deem Artikel könt de Mann op de gläiche Schluss wéi ech, dass dat ganzt héichgespillt gëtt an dass mat falschen Zuelen operéiert gëtt.Dass iwwerhaapt keng Grondlag do wier fir déi entspriechend drastesch Moossnamen ,…

12ten Dag

Nodeems gëschter d´Meldung iwwert de Radio gaangen ass, dass zu Stroossbuerg aal Leit stièrwe gelooss ginn, koum haut direkt den Dementi. Dat géif net stömmen, bei hinnen géif och weider aal Läit traitéiert ginn. Esou Moossnamen géifen awer an Italien an op aner Plaazen a Frankräich applizéiert ginn. Et ass berouegend dass dat net zou Stroossbuerg gemaach gëtt, et brauch een jo dann net an Italien oder an aner Géigenden vu Frankräich ze fueren.…

13ten Dag

Am Letzb. Wort gi verschidde Saachen thematiséiert, wou ee gesäit wou den Zuch an der Zukunft soll hiféieren. Esou gëtt vun der Chamber geschwat wou een elo mol all déi „vulnerabel Läit“ zu hirer eegener Sécherheet anteportas setzt. Di „ vulnerabel Läit sinn all déi iwwer 65 Joer. Domadder kritt een all déi Läit déi nach am ale System verwuerzelt sinn, aus der Schosslinn. Do gi Läit,déi elo Jorelaang den Haaptmatch…

14ten Dag

Eise Gramegna gëtt jo zesummen mam Bettel net färdech d´Ustrengungen vun onsem Staat fir ons Wirtschaft héich lièwen ze loossen. Déi eemoleg Auszouhlung vun 5000 Euro Direkthëllef ginn jo als eng Ultimo Ratioun duergestallt. Do heescht et dann, dat dat ons Regierung géif maachen, wär eemoleg an der ganzer EU. Et ass da ganz komesch wann een dat Ganzt dann a genee derselwechter Konzeptioun an Däitschland…

15ten Dag

Als éischt krut ech de mueren d´Wort op den Dësch. Direkt op der zweeter Sait gouf drop opmierksam gemaach wéi et an Zukunft wäert mat den ale Läit funktionéieren. Et gëtt de System vun der Schwäiz gekuckt, mee et wäert net méi laang daueren bis dat och hei zu Letzebuerg zur Normalitéit gehéiere wäert. Do gëtt ganz kloer gesot dass al Läit géintiwwer méi jonker schlecht Karten hunn.Wa muss ausgewièlt ginn krit de jonke Mënsch d´Virrecht. Dat…

16ten Dag

Haut de mueren koum e Bericht op RTL wou festgestallt gouf, dass elo den öffentleche Verkéier, genee wéi de Car Sharing an de Co voiturage komplett zesummegebrach ass. Dogéint wär d´Nofro no Autoen amgaang staark an d´Luucht ze goen.D´Automobilbranche géif sech schonn op d´Zäit no der Kris virbereeden, wou d´Nofro no Autoen erëm staark  géif an d´Luucht goen. Well déi mannst nach wollten- mat de Virusschleideren…

17ten Dag

Et ass festzestellen dass och an Däitschland mat getürkten Zouhlen operéiert gëtt. Do si gëschter Doudeszuelen genannt ginn, wou se praktesch zouginn hunn, och Persounen mat agerechent ze hunn, wou se net woussten op se mat Coronavirus infizéiert waren. Et ass also iwwerall dee gläichen Phänomen festzestellen. Eppes dat een nach feststelle kann, dat ass dass elo och ëmmer méi Superdemokraten zu riètsextremen Denkweisen eriwwer schwenken.  Do…

18ten Dag

Et ass festzestellen, dass eis Regierung anscheinend bis mindestens de 4te Mee déi ganz Situatioun esou weider lafen wöllt  loossen wéi et elo ass. Dat heescht mat aner Wièder, dass och eis Betriber bis do hinner mussen zou bleiwen. Ass dat net de Fall an nëmmen d’Schoulen bleiwen zou,  brécht de ganzen System zesummen. Well dass de System…

19ten Dag

Bilanz bis zum owend vum 2.4.2020 sinn 2487 Infizéierter – 168 Fäll méi wéi den Dag virdrun. Zuel vun den Doudegen klëmmt op 30. Am ganzen si bis elo 20.092 Tester gemaach ginn.  80% vun eise Betriber sinn zou. Hei bei ons wieren staark Réckgäng bei de Covid  Infizéierungen festzestellen.  Wat elo no 3 Wochen Corona festzestellen ass, dat ass- dat deen…

20ten Dag

U Stömmen aus der Regierung ass ze mierken dass et esou lous mat der gudder Stömmung de Bierg of geet. Aus engem Interview mam Asselborn huet een erausfonnt,dass dee schonn ugefaangen huet sech vum Entschloss vun deenen aneren Regierungsvertrièder ofzesetzen, iwwerdeems en ëmmer erëm drop higewisen huet- dass dat oder dat net an sengem Beräich géif leien. Bei Froen un P.Lenert koum elo eraus dass alt erëm mat…

21ten Dag

Un der lëtzebuergescher Virusfront ass et roueg. Et ass Sonndeg, do fënnt jo bäi ons bekanntlech « Der Krieg im Saale statt » Bei onsem Noper an indirektem Noper ass dat allerdéngs eppes aneschtes.An Däitschland ginn sech ëmmer méi Froe gestallt.Z.b.op deen Shut Down do déi richteg Politik ass, a wat des Politik dat ganzt Land wäert kaschten. Bedeitend Wëssenschaftler, Ökonomen, Professeren a Virologen sinn der…

22ten Dag

An Eisträich wëllt ee vun de strikten Mesuren wat de Coronavirus ugeet Ofstand huelen.Et géif een drun denken fir kleng Geschäfter, Restauranten a Caféen erëm opzemaachen. Allerdéngs géif eng Maskepflicht an Hänschepflicht bleiwen. Eisträich ass dann elo dat éischt Land dat lous a lous agesäit dass et esou net kann viru goen. D´Warnungen déi gëschter um Servus TV ausgesprach goufen hunn also Friichte gedroen. Loosse  mer elo…

24ten Dag

D´Press beschwéiert sech doriwwer, dass eis Regierung et géif praktesch onméiglech maachen fir un Informatiounen ze kommen.D´Press kéint nëmmen op déi Informatiounen zeréckgräifen, déi d´Regierung hinnen géif zur Verfügung stellen. Dat wier enger Demokratie net wierdeg a misst ophéieren. Och hei also diktatoresch Moossnamen.Et ass kloer, dass hei eppes soll verstoppt gin. An da schwätzt e Bausch dovunner, dass mer missten oppassen dass ons Demokratie net ënnert d´Rièder géif kommen.…

25ten Dag

Ons Regierung huet sech duerchgerongen eise Fräiberuffler mat 2.500 Euro ënnert d´Äerm ze gräifen. Zur gläicher Zäit gouf awer direkt gesot, dass nëmmen déi sollen ënnerstëtzt ginn déi all Mount den zweefachen Mindestloun kotiséieren. Dat heescht a Wierklechkeet, dass nëmmen déi mannst des Geld wäerte kréien, well et geet keen dohinner an kotiséiert den zweefachen Mindestloun, wann en esou just de Mindestloun um Enn vum Mount fir sech kann…

26ten Dag

Betriber am Land waarden drop, dass endlech eng Neiegkeet vun der Regierung kënnt, wéini hir Betriber erëm däerfe schaffen. Vill vun hinnen sti schonn um Rand vum Zesummebroch. Anscheinend ass dat onse Politiker awer zimmlech egal, si loossen sech wéi ëmmer Zäit, hir Pai leeft jo weider. Iwwerdeems gesteet eis Gesondheetsministesch an, dass si vun deem wat si do mécht, net ganz vill Ahnung huet. Si wär…

27ten Dag

Et tauchen ëmmer méi Iwwerleeungen op, déi déi momentan Kris mat der Finanzkris vun 2007/08 gläichsetzen. Wou esouguer schonn dervu geschwat gëtt dass des Kris nach bei weitem méi schlëmm kënnt ginn wéi d´Kris vun 2008. Ausserdeem gëtt momentan mat de Billarden nëmmen esou ronderëm sech geheit, wou een sech d´Fro muss stellen wou all des Billarden sollen hierkommen. Ee muss dat jo herno bezouhlen, an dat si ganz sécher…

28ten Dag

An der Belsch ass de Virus och amgaangen schlëmm zouzeschloen. Virun allem an den Seniorenheemer ass d´Situatioun ganz schlëmm. Hei, wou se all Dag Masken an Händschen missten hunn, feelt et anscheinend iwwerall un dësem Material.Nodeem eng Ladung vun 3 Millioune Maske geliwwert gouf huet de Minister, deem dat Ganzt ënnersteet festgestallt, dass déi Masken den CE Stempel net haten. Als Konsequenz huet…

29ten Dag

Et ass Ouschterméindeg.Normalerweis wäre mir haut op der Eiméischen. Leider ass si ënnert de Virus komm.Et ass dofir en Dag fir nozedenken an ze recherchéieren. Nodeem wat gëschter Owend beim Wegscheider op Servus TV erauskoum, muss een ëmmer méi nodenklech ginn.Och do gëtt festgestallt , dass mat Falschinformatiounen nëmmen esou ronderëm sech geworf gëtt. Dass Läit, déi sech net der offizieller…

30ten Dag

Ech denke elo grad, elo ass den éischte Mount- an onsen Ausnamezoustand schonn bal eriwwer . Wéi séier een sech dach un dat Ganzt gewinnt. Elo nach ee Mount a mir mengen dat wier nach ëmmer esou gewièscht.  Lous a lous gewinnt de Mënsch sech un den neie System an et ass dach och näischt Schlechtes dobäi. Mir gewinne  ons drun- virum Geschäft an der Schlaang ze…

31ten Dag

Am Lëtzebuerger Wort gëtt haut extrem vill Wäert op déi Tatsaach geluecht, dass ee vun de franséischen Patienten gesond ginn ass an nees zeréck a Frankräich geflu gëtt. Vun deenen honnerten Lëtzebuerger déi de Virus iwwerstanen hunn ,lièst ee kee Wuert. Et ass ganz ersiichtlech dass dat vun der Regierung net gewollt ass.Soss könnt een déi deeglech Zuelen sécher net oprecht erhalen, an de Virus wär net méi esou…

32ten Dag

Wann een héiert wat an Däitschland lass ass ginn engem d´Gruschelen aus. Do gi Läit an Anstalten agespaart well se sech beim Verfassungsgeriicht iwwer Coronavirschreften wollte beschwéieren.  Grénger mengen, elo géif een d´Wirtschaft einfach widder d´Wand fuere loossen an dann eng ganz nei Ökologesch Wirtschaft erëm nei opbauen. Si mer elo also an enger grénger Diktatur gelannt?  Komescherweis huet een géint esou Usiichten guer näischt anzewenden,…

33ten Dag

An engem Interview vum Claude Schroeder vum CGDIS kënnt haut de Mueren zu Dag dass si während der Covid Kris 20% manner Asetz mat den Ambulanze gefuer sinn wéi an de normalen Zäiten ouni Covid.  Schonn iwwerraschend bei esou enger immenser Pandemie déi de Bestand vum ganze Land bedreet, ginn d´Asätz vun den Ambulanzen net an d´Luucht, mee villméi erof. Do stellen…