Dag 2

Den Dag 1 vun der ganzer Aktioun ass nach eenegermoossen normal ofgelaf. Ech war an d´Geschäfter, op Feitz. Do ass alles ganz normal ofgelaf. Et waren net méi Regaler eidel wéi soss. D´Läit hunn sech alleguerten ganz normal beholl, keen Ausdrock vu Panik. Duerno sinn ech nach op Grouss Hetteng a Frankräich gefuer. Keng Kontroll un der Grenz, näischt, Am Geschäft allerdéngs, huet et ausgesinn wie wann eng Bomm ageschloen hätt.Déi meescht Regaler waren eidel. Eidel Këschten louchen ronderëm, d´Meedercher kruten se net séier genuch ewech geholl.Dei meescht Saachen déi ech kafe wollt waren net méi ze kréien. Esou waren sämtlech Fleeschwuren aus de Frigoe geholl ginn. Och bei den Deifkillartikelen war zimmlech geraumt. Behoule vun de Läit war allerdéngs ganz normal.

Ech hunn herno missten iwwert d´Autobunn zeréckfueren well eng Autosschlaang vu Vormeringen bis an Diddeleng eran stoung.Sämtlech Fransousen wollten nach tanke goen an sech mat Tubak andecken.

An Däitschland konnt ech schonn net méi fueren, well do schonn d´Grenzen zou gemaach gi waren.

Doheem dee selwechte Zenario wéi virdrun.Am Radio an am Fernsee dauernd nei Instruktiounen. Dat wat elo just nach gülteg war, ass eng Stonn drop schonn nees iwwerholl.Et war ze gesinn dass keen esou richteg wuesst, wat hei géif gespillt gi.

Wat opgefall ass, war dass jiddereen, sief et um Radio oder um Fernsee, all Hiewel a Beweegung gesat huet, fir ze kommunizéieren, dass se géifen eng kloer Moossnam vu Bréissel erwaarden, leider wär do awer bis elo näischt ze héiere gewiescht.

Wat allerdéngs ganz komesch ass, dat ass, dat di ganz Moossnamen di iwwerall, a sämtleche Länner vun der EU geholl goufen, praktesch gläich waren. Si goufen esouguer mat deene selwechten Wierder vermëttelt.Dorausser ass ze schléissen, dass dat ganz zentral gesteiert gouf.

Hei war net, wéi de Läit vermëttelt gouf, all Land séin eegene Befeelsgeber, nee alleguerten hunn se hoergenau deselwecht Uerdere ginn, hunn di selwecht Konsequenze gezunn, hunn sech iwwerall d´selwecht beholl. Fir dass dat ganzt net zentral gesteiert war, war et opfalend genee openeen ofgestëmmt.Di eenzel Aktiounen goufen esouguer Zäitgläich duerchgefeiert.

Wann een dat ganzt verfollegt huet, huet ee gesinn, dass hei alles un deem selwechten Hiewel gezunn huet.Esouvill Zoufall ass verdächteg.Hei leeft eppes aneschtes of wéi dat dat mir virgegaukelt kréien.

Dunn um Enn vum Dag koum d´Noriicht, dass elo endlech och d´Ursulla reagéiert hätt. Si hätt elo beschloss d´Auszegrenzen zu der EU komplett ze spären.Dat ass mat aner Wieder dann och eng ganz gutt Erklärung fir wat een keng Flüchtlinge méi kann eranhuelen.Mir hunn de Virus a mir wëllen net, dass di aner aarme Mënschen dee Virus vun ons kréien.

D´Fro di een sech bei dëser Saach onausweichlech stelle muss ass, firwat bei enger esou zentral gesteierter Aktioun gemaach gëtt wie wann jiddereen ganz onofhängeg géif reagéieren.

Bréissel soll ëmmer duergestallt ginn wéi e Pabeiertiger, deen näischt op d´Rei bréngt.

Soll hei verdeckt ginn, dass mir scho laang, ganz zentralistesch, no enger Päif danzen. An dat ass d´Päif vu Bréissel.Dass scho laang EU Verwaltungen a sämtleche Länner d´Soen iwwerholl hunn, an déi regional Regierungen nach just Hampelmänner a Frae sinn.

Een deen dat ganzt e weineg verfollegt, muss zu dësem Schluss kommen. 

Mat alle Mëttelen gëtt versicht de Schéin vun der Selbststännegkeet vun deenen eenzelen Memberstaaten oprecht ze erhalen.Wann een allerdéngs déi ganz Moossnamen an Äusserunge kuckt gesäit ee ganz séier, dass et vun enger zentraler Platz aus gesteiert gëtt.

Elo muss een sech lous a lous d´Fro stellen, wat hannert deem ganze stécht.Ass dat e Stresstest fir ze préiwen wéi weit en mat der Belaaschtung vun den eenzelen Staaten an de Populatioune goe kann, irt d´Läit ufänken op d´Barrikaden ze goen. Welt een testen wie déi eenzel Regierungen an esou Ausnamesituatiounen reagéieren?

Eppes steet jo allefalls fest, all déi Reaktiounen gi ganz genau zentral gespäichert an ausgewäert. Wat also ass de wierklechen Hannergrond vun all deem? Et muss en déi nächst Deeg  ganz genee am Bléck behalen, wëllt een hannert di ganz Niwwelwand gesinn.

Deen éischte Widderstand deen ze mierken ass, ass deen vun den Independanten, wéi d´Gastronomen, Hotelieren, di kleng Geschäftsleit. Déi gesinn elo schon, dass dat ganzt si als éischt Opfer trefft.

Vill vun dëse Läit wäerten dat alles net iwwerstoen. 

Dat wäert den Aarbechslosespigel an de nächsten Deeg a Wochen an engem ni bekannten Ausmooss an d´Luucht dreiwen.Et geséit aus wéi wa mer vun e puer Spezialisten, wann net e puer Algorithmen, an eng Richtung géife gedréckt ginn aus där mer no mënschlechem Ermiéssen net méi erauskommen.

Eppes steet fest, bei dëser Aktioun bleiwen der vill op der Streck.An dat net vum Virus, mee vun den oniwwerluechten Aktiounen vu Säiten der Politik.

 An all dat Gebraddels vu wegen dat d´Staaten déi betraffe Läit géingen ennerstetzen, ass nëmme bla bla.Wann een de System kennt weess een, dass do herno esou héich Hürden opgebaut ginn, dass nëmmen déi maans hire Schued wäerten ersat kréien.

Mir kënnen op alle Fall dervun ausgoen dass d´Selbstmordraten herno méi héich wäerte sinn wie d´Opfer vum Virus.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert