Oder,“ wenn Zwei das Gleiche tun“.
A Frankräich gëtt elo de Pass Sanitaire agefouert. Eppes dat bei ons scho laang Wierklechkeet ass a wou ausser mir kee Mënsch sech drun gestéiert huet. Wou méi wéi sécher déi mannste Lëtzebuerger sech der Drowäit vun dësem Covid Check iwwerhaapt bewosst waren. Hei ass een an dëse Saachen jo zimmlech einfach gestréckt an denkt net gären ze fill no. Dofir ass déi ganz Affär bei ons esou gutt wéi net bemierkt ginn.
A Frankräich schéngt dat eppes aneschtes ze sinn. Wéi mir elo virun annerhallwer Woch zu Basse Ham a Frankräich, op engem Oldtimertreffen waren huet een dat scho gemierkt. Mir waren deemools e puer Deeg virun der Aféierung vun deem dat bei eis schonn Alldag ass. 2000 Mënschen waren wärend deem ganzen Dag um Site an ausser e puer Lëtzebuerger , déi ech zum Deel och kannt hunn,huet kee Mënsch eng Mask gedroen. Dee ganzen Event war vun lëtzebuergeschen Kolleegen organiséiert ginn. Et war en vollen Erfolleg.
Nëmmen e puer Deeg drop huet de Macron deen Impfpass verhaangen deen bei ons schonn mindestens e Mount Wierklechkeet war. Direkt dono sinn d’Läit schonn op d’Stroosse gaangen. Iwwerdeems bei ons se bal alleguerten den Schlof vun de Schof geschlof hunn, huet sech a Frankräich eppes ofgespillt, wat vill mat der Revolutioun vun 1798 gläich hat. Honnertdausender sinn a ganz Frankräich op d’Stroossen démonstréieren gaangen.
Ongleeweg hunn d’Lëtzebuerger iwwert Grenz gekuckt op dat wat sech an onsem Nopeschland ofgespillt huet. Keen hei am Land huet wéinst dësem ganzen neien Covid Blödsinn och nëmmen dru geduecht op d’Strooss ze goen. Am Nopeschland waren d’Stroossen vun de Stièd voll. Ech hunn dat ganzt um Internet verfollegt a life gesinn wat sech iwwerall ofgespillt huet. Eleng zu Paräis waren honnertdausenden op de Stroossen. Soss iwwerall an de gréisseren Stièd dat selwecht Bild.
Dunn koum den Hummer. An der Mainstreampress gouf knallhaart behaapt, et wären a ganz Frankräich héchstens 15000 Läit op de Stroossen gewièscht. Wann een dat alles esou verfollegt huet wéi ech, weess een dass et op mannst e puer honnertdausend waren. Also hunn d’Mainstreammedien dat schonn nees eng Kéier gemaach wat se an deem leschten annerhalleft Joer am beschten konnten, nämlech Lige verbreeden.
Am Internet gouf an der Tëschenzäit zu neien Demonstratiounen opgeruff an dat fir den 24ten Juli. Geimpfter an Ongeimpfter sollten sech zesummefannen an fir hir Fräiheet kämpfen. Een vun den Widderständler, e jonke Mënsch em déi drësseg, huet sech virun séin Handy gesat an huet senger Verzweiwlung nuets um eng Auer fräie Laf gelooss. De Jong war verzweiwelt, éischtens iwwert Drowäit vun deem wat de Macron verkënnegt huet, an iwwert déi, an sengen Aen net bestoend Oppositioun ënnert de Fransousen. Plazeweis sinn em Tréinen iwwert Baake gelaf. Wann een en nach e puer Deeg virdrun erlièft hat, huet een gesinn dass de Jong sech eppes ganz aneschtes virgestallt hat. Dass himm nach einfach net genuch Läit op de Stroosse waren.
Mat reegelrecht leschter Kraaft huet en derzou opgeruff, dëse Samschdeg de 24ten Juli, en neien Ulaf ze huelen an nees eng Kéier op d’Stroossen démonstréieren ze goen. Nees eng Kéier a ganz Frankräich.
Wärend dem Laf vun der Woch hunn sech ëmmer méi Läit zu Wuert gemellt déi iwwert d’Internetkaneel dee Wahnsinn vun deem dat de Macron ugekönnecht huet,-eppes dat bei ons zum gréissten Deel schonn ageféiert war an anscheinend keen Mënsch intresséiert huet-, ze bekämpfen an ze torpedéieren. Affekoten, Dokteren, Wëssenschaftler, einfach Läit, Senateuren, Parteigréissten, Personal aus Spideeler,Parlamentarier,Geimpfter an Ongeimpfter hunn zesummen opgeruff dat Ganzt ze ënnerbannen. Sech den 24ten zesummenzefannen an uechtert ganz Frankräich op d’Barrikaden ze goen.
Wann een d’Fransousen kennt, weess een, dass dat alles net op onfruchtbaren Buedem gefall ass.
E Samschdeg den 24ten Juli, huet een dat dann och können iwwer Internet deelweis life materlièwen wat a Frankräich ofgelaf ass. Et war den Opstand vun Milliounen. Hei ass eppes geschitt wat een sech als Lëtzebuerger guer net virstelle kann. Polizei war nëmmen ganz wéineg ze gesinn. Plazeweis, wéi zu Paräis hun sech der natierlech e puer vun dëse Schergen de Batti gestallt an hunn sech zu 7 oder 8 op eng eenzel Persoun gestierzt an dësen dann op brutaalsten Aart a Weis op de Buedem geworf a mam Knëppel beschafft. Am groussen ganzen awer huet Police an d’Gendarmerie sech staark zeréckgehalen, jo, war plazeweis wéi zu Nice an och op aneren Platzen praktesch net existent oder huet sech komplett am Hannergrond gehalen.
Et war eng Muechtdemonstratioun wéi ech se bis elo nach ni gesinn hat. Op ville Platzen gouf d’Marselläise gesongen,“ Aux armes les citoyens, fermez vos bataillons“ huet duerch Stroossen geschaalt. Ech sutz virum Computer an hunn mat Ergraffenheet dat Schauspill gesinn wat sech mer hei gebueden huet.
An ech hu mech geschummt, geschummt fir ons Lëtzebuerger, déi nach net emol wëssen wat ons Regierung mat hinne gemaach huet. Déi anscheinend net méi fäeg sinn selbstänneg ze denken. Déi vun hirer Regierung an hire Mattmënschen esou geknebelt sinn, dass se sech emol net méi trauen de Mond opzemaachen.
Wat en Ënnerscheet.
An iwwerdeems Milliounen Fransousen fir hir Fräiheet op d’Stroosse gaangen sinn, flattert mir eng Petitioun an d’Haus, wou dach wierklech en Lëtzebuerger eng Zwangsimpfung vun ons alleguerten fuerdert an dofir eng Petitioun am Parlament agereecht huet.
Wéi wäit si mir hei am Land komm?
Et däerf een elo mol gespaant sinn wat aus dëser Petitioun gëtt.
Ech muss agestoen ech hunn Angscht.
Dat wat hei am gaangen ass sech unzekënnegen, wäert ons d’Land komplett auserneen rappen. Eppes wat jo ganz offensichtlech de Sënn vun deem Ganzen ass.
Gutt Nuecht Fräiheet, gutt Nuecht Lëtzebuerg.