En Iwwerbléck iwwert d’Situatioun.

Dat Ganzt könt net vun ongeféier. Et ass e Coup dee schonn Jore laang virbereet ginn ass. Dat konnt ech bei all mengen Recherchen ganz genee feststellen. Och wann vun onse Medien ëmmer nees versicht gëtt dat Ganzt als Verschwierungstheorien duerzestellen, esou ass et dach eng Tatsaach, déi ganz liicht ze beweisen ass. D´Hannergrënn zu deem Ganzen ass iwwerall am Internet ze fannen an dat op staatlechen Säiten vun deenen eenzele Länner. Ausserdeem schwätze Bicher, déi vu Läit wéi Rockefeller oder Schwab geschriwwen goufen, Bänn. Och en Här Gates bréngt et jo ëmmer nees fäerdeg a Fernseeoptrett uechtert der ganzer Welt ganz genee drop hi zeweisen, wat hièn mat senge Frënn virhuet .

Géifen aner Läit dat vun sech ginn wat dëse Mann ganz fräi a frank seet, si géifen fir Joren hanner Gitter goen. Komescherweis däerf e Gates esou Saachen ongestrooft soen. Jo, gëtt dofir och nach bejubelt. An dann héieren ech lëtzebuergesch Journalisten déi dat alles als Ligen wëllen dohinner stellen. Dat wat all Mënsch um Internet zu all Zäit ka fannen.Wat esou guer op Senderen wéi ARD an ZDF verbreet gëtt.Et kennt ee bal mengen, si hätten eppes dovunner wann si esou Läit mat alle Kräften bis hin zur Diffamatioun vun deene Persounen déi sech woen esou eppes ze soen, verdeedegen.

Sinn des Läit esou schlecht informéiert, oder wëllen si einfach Saache verstoppen? Si kloen andauernd, si géifen u kee Material kommen. Et ass dann awer komesch, wann ech dorunner kommen a wéi ee ka gesinn och Milliounen aner Läit. Do könt ee schonn bal mengen, dass dat schlechte Wölle wär. Well wann se wierklech dat wölle maachen, wat se op Konferenzen oder a Sendungen esou vollmöndeg vun sech ginn, bräichten si nëmmen hir Recherchen an den Internet maachen ze goen. Oder ass dat fir si verbueden?

Eppes steet op alle Fall fest, hannert där ganzer Pandemiegeschicht stécht eppes ganz aneschtes wéi dat, wat mir vun der Mainstreampress an dem Staat virgespillt kréien.

Dat Ganzt könt net vun ongeféier. Onse ganze Weltwirtschaftssystem ass amgaangen zesummen ze brièchen. Dat ass keng Feststellung déi vu mir könt, mee vu  Wirtschafts a Finanzexpären, déi ganz secher méí en déiwen Abléck an des Matière hunn wéi ech.

Scho viru méi wéi engem Joer sinn ech schonn op esou Aussoen gestouss. Schonn deemools hunn des Läit virun deem riisegen Scholdebierg gewarnt, deen sech virun onsen Aen opdeet. Net virnäischt stellen des Läit sech d´Fro wièn dat doten dann herno alles soll bezuelen.

Wann een dann, wei ech, Filmer iwwert d’Geschicht gemaach huet an een an senge Recherchen gesinn huet wat sech an den Zwanzeger Joren vum läschten Joerhonnert ofgespillt huet, muss een sech onausweichlech d’Fro stellen op dat heiten net genee dat selwecht ass wéi dat, wat deemools ofgelaf ass. Genee wéi haut sinn vun grousse Firmen an och Staaten Milliarden a Fabricken an an de Wiederaufbau  vum éischte Weltkrich zerstéierte Länner gepompelt ginn. Schmelzen, och hei bei ons, goufen an ni bekannten Ausmooss ausgebaut, wat nees eng kéier Milliarden kascht huet.

Well Lëtzebuerg jo säit bal 100 Joer ganz enk mat Däitschland zesummegeschafft huet, gouf vill Lëtzebuerger Geld an Däitschland ugeluecht. Ganz Gemengen sinn higaangen an hu vill Schold gemaach vir dat Geld an Däitschland unzeleeen, well se domadder gerechent hunn dass d´Reichsmark géif klammen an si dann e gutt Geschäfft kéinte maachen.

Et koum allerdéngs anescht, abemol war eng Inflatioun do, eng Inflatioun déi d’Geld no an no wäertlos ginn gelooss huet. Hat een eng Millioun Mark um Kont, konnt een sech abemol dofir nach just e Brout kafen. Den Dag drop huet een schonn nëmme méi en halleft Brout fir déi selwecht Millioun kritt. Dat ganzt Geld wat vun de Lëtzebuerger an Däitschland ugeluecht gi war, war op eemol näischt wäert. An de Gemengen koumen d’Buergermeeschteren, déi esou Finanzaktiounen gestart haten, schwéier an d’Labrenten.

Et war egal, d’Milliounen ware fort. Just déi grouss Fabricken , genee wéi d’Staaten déi Milliarde Scholde gemaach haten, waren abemol fäin eraus. Hir Schold, déi an d’Milliarde, jo d’Billarde gaangen sinn, waren op ee Schlag net méi do.Et war also deemools genee esou wéi et des Kéier könt goen. D’Milliarden a Billarden u Scholden sinn abemol fort , awer och dem klenge Mann oder der Fra hir Milliounen op de Konten sinn näischt méi wäert.

Wann een d´Viraussoen vun de Wirtschaft an Finanzexpären héiert, könt dat selwecht ons och des Kéier esou goen. Well déi Billarden déi hei dauernd verdeelt ginn ,hu kengerlee Deckung. Wéi deemools, gouf och elo alles mat der Geldmaschinn oder haut mam Computer generéiert an huet kengerlee Deckung.Et ass dofir wou des Expären drop hiweisen, dass de System um kollabéieren ass. Éischt Unzeechen si schonn iwwerall ze bemierken. Banken ginn schonn nëmme méi ganz begrenzt Geld eraus.Et muss een schonn streide goen fir nach un séin eegent Geld erunzekommen.

D´Liwwerketten sinn drun- zesummenzebrièchen. De Welthandel fänkt un ze stotteren a leeft elo schonn net méi ronn. D’Ofschottungen vun deenen eenzele Länner ginn ëmmer méi ersiichtlech, des Kéier verdeckt duerch Gesondheetscampagnen géint de Covid Virus. Mee am Hannergrond leeft eng ganz aner Agenda of, eng Agenda wou keen eppes dovunner wësse soll.  

E Kommentar schreiwen

Är Email Adress gëtt net publizéiert. Pflichtfelder si mat engem * markéiert.