Etat de la Nation

Et ass den Dag nom Premier séngem Etat de la Nation. Et ass de groussen Dag vum Pierre Gramegna. Wéi een hiè kennt, ass naischt Negatives ze erwaarden. Wéi ëmmer zièlen mir zu deenen Gréissten an deenen Bäschten op der Welt.Nëmme Luew fir all dat, wat ons Regierung an der Kris fäerdeg bruecht huet.Dem Land geet et glänzend, vill besser wéi anere Länner op der Welt. Ech hat mer un sech och näischt aneschtes erwaard. Esou steet et dann och an onser gréissten Zeitung. Och daat, absolut keng Iwwerraschung. Dat wat sech elo an deenen leschten 19 Méint wéi e roude Fuedem duerch eis Presselandschaft gezunn huet, gëtt kontinuéierlech weidergefouert.Wann Kritik, dann Kritik un deenen déi dat net esou maachen, wéi eis Regierung dat gären hätt.

Hei an do léist een emol Kritik zou, wann se vun enger Partei könt déi am Parlament vertrueden ass. Mee soss hält een sech ganz héiflech zeréck. Et wëllt een schliisslech net als Stänkerer do stoen.Do luewt een dann déi lëtzebuergesch Finanzplaz, déi d´Kris gutt iwwerstanen hätt.

Höllt een dann aner Medien zur Hand, déi et och nach ginn, wann och wäit ofgeschloen, esou kritt een e ganzt anert Bild presentéiert.Et ass natierlech ëmmer ,vu wat fir enger Säit een dat ganzt kuckt. Bei deenen engen ass d´Glas hallef voll, bei deenen aneren ass dat selwecht Glas hallef eidel. Wéi gesot, et ass eng Saach vun der Perspektiv.Dat halleft eidelt Glas geséit dann esou aus- dass ons Finanzplaz lous a lous ënnert d´Rièder könt.Si mer viru kuerzem nach ëmmer bei den finanziellen Überflieger ze fanne gewièscht a konnten ons op Plaz 5 sonnen, esou huet dat sech drastesch geännert. No deem neien “ Global Financial Center Index“leie mer elo op Plaz 23.

Do kommen dann och nach aner bemierkenswäert Daten zu Dach, déi de Géigendeel vum Här Gramegna senge Jubeltéin duerstellen.Esou fale mer och op anere Punkten em 24 Bewertungspunkten zeréck.Och wann et em d´Finanztechnologien geet hu mer wierklech kee Grond ons ze bretzen, well do ass den Ofstuerz nach méi offensichtlech, do komme mer just nach op Platz 55.

Et ass also am ganzen kee Grond do an onse bloen Gesondbiéder hire Kredo anzestëmmen.Dat si natierlech versichen- hiren Desaster, deen se ugeriicht hunn, esou vill wéi méiglech ze vertuschen ass verständlech, virun allem well et jo ausgesäit wéi wa mer just virun de Waale géife stoen. Oder, wéi ass et soss ze verstoen- dass a Parteien wéi bei der CSV an elo och an der LSAP, 2 Joer virun den Waalen, de Waalkampf voll ausgebrach ass.

Wann dat keen Zeechen ass, dass iergendeppes an där Koalisatioun net méi stemmt, weess ech net wat dann en Zeechen ass.

A Frankräich sinn et nach eppes em 6 Méint bis zu de Waalen an do fänkt elo esou lous de Waalkampf un, sech ze weisen. Bei onsem Noper Däitschland ass de Waalkampf eréischt kuerz virun de Waalen ugelaf. Bei ons gëtt schonn méi wéi  zwee Joer virdrun voll op Waalkampf gesat.

Wat ass eigentlech lass an deem Land hei? Kann een dat doten eigentlech nach alles fir voll huelen?

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert