Nei Problemer mat Geimpften.

Elo hu mer et. Elo geet Ofstand schonn  net méi duer. No neisten Erkenntnösser vun deenen richtegen Virologen gëtt déi nei Delta Variante och einfach duerch d’Loft iwwerdroen. Esou vill wéi ech weess war dat fréier beim Grippevirus och schonn esou. Wann do een an dénger Noperschaft gehouscht oder genéitscht huet, has du d’Gripp och, oder wéinstens has de mol eng grouss Chance se ze kréien.

Elo awer gëtt dat abemol e ganz neit Bedreeungspotenzial.  
Et ass komesch dass elo erëm hoergenee déiselwecht Schutzmoossnamen virgeschloen ginn déi mer schonn virun engem Joer presentéiert kruten. Wat nach méi komesch ass, dat ass dass mer all Dag gesot kréien,  fir komplett immuniséiert géint de Virus ze sinn, misste mer alleguerten immuniséiert sinn. Dat wat ech allerdéngs feststelle kann, dat ass, wat méi Läit geimpft ginn, wat komescherweis och d’Fallzuelen nees méi an d’luucht ginn.

De Luc Montagnée bestätegt des Feststellung wann hien seet, déi nei Varianten géifen eréischt duerch d’Impfungen geschafe ginn. Esou ähnlech dréckt sech jo och den Dr Bhakdi aus. An der Tëschenzäit sinn mer schonn bal esou wäit, dass déi net Geimpften virun deenen Geimpften musse geschützt ginn. Well d’Gefor sech bei engem Geimpften unzestièchen gëtt vun Dag zu Dag méi grouss. Well an der Tëschenzäit könt jo ëmmer méi zum Virschäin dass et virun allem Geimpfter sinn, déi sech nees mat deem Virus ugestach hunn virun deem se eigentlech sollte geschützt sinn. An net nëmmen dass si sech ugestach hunn, neen, si stièchen och nees aner Läit mam Virus un.

Dorausser misst ee schléissen dass déi Gesond virun deenen Geimpften missten geschützt ginn an net emgedréit. Well géif dat mat deem Impfschutz esou klappen wéi dat de Läit virgegaukelt gëtt, bräichten si jo guer keng Angscht ze hunn, well dann wären si jo immun a können d’Krankheet net méi kréien. Mee genee de Géigendeel ass de Fall. Dat stellt sech trotz de Liggegeschichten vun de Verantwortlechen all Dag méi eraus.

Esou ass et héich intressant wann ons Gesondheetsministesch dem Vollek matdeelt dass ënnert den Neiinfizéierten net een Geimpften wär.

Den Dag drop bréngt dann d’Lëtzebuerger Wort d’Wourecht. Vun eppes méi wei 400 Infizéierter déi leschte Woch, waren der méi wei 100 zweefach geimpft.

Esouvill zum Wourechtsgehalt vun deem wat eis Gesondheetsministesch esou vun sech gëtt.

Do kennt dann eng Iwwerschrëft am Wort gutt, wou ze liese steet „Kampf gegen den Lügen Terror“ dat ass natierlech net fir Lëtzebuerg geduecht mee villméi fir Tierkei. Dat ass normal, bei ons ginn et jo keng Liggen.

Dass dat esou ass, gesäit een un deenen mantraartegen Beschwièrungen dass hei zu Lëtzebuerg praktesch keng Geimpften sech nees nei ugestach hätten.

Well ech jo ëmmer mat menge Recherchen e puer Deeg hannendran sinn, komme mer dann a bemol Informatiounen an onsen Dageszeitungen an d’Hänn déi genee de Géigendeel beweisen.  
Esou och elo e groussen Artikel am Wort vum 28an 29ten August, an deem et heescht“ Geimpft und trotzdeem krank“.

Do gëtt dann mat Zuelen operéiert, déi, wann se richteg sinn, eppes ganz aneschtes beleeën. Do gëtt z. b. dovunner geschwat, dass sech   tëschenzäitlech bei ons schonn bei 4000 Persounen déi geimpft waren, eng nei Infektioun festgestallt gouf. 3067 hätten awer erreischt eng éischt Dosis geimpft kritt.

892 hätten allerdéngs eng nei Infektioun kritt nodeem se zweemol geimpft gewièscht wären, oder nëmmen eng Kéier mat Johnson an Johnson geimpft waren, wou se jo nëmmen eng Impfung brauchen.

An, o Schreck, säit dem Mee géif dat festgestallt ginn, dat ech schonn méi laang festgestallt hunn an a mengen Dagesbuch och ëmmer erëm drop opmierksam gemaach hunn, dass nähmlech, wat méi Läit geimpft ginn komescherweis déi nei Infizéiert drastesch géifen zou huelen. Eppes wat jo net nëmmen hei zu Lëtzebuerg festgestallt gëtt, mee och an Israel, England, Däitschland a Frankräich asw.

Iwwerall stellt sech jo esou lous eraus dass dat wat de Läit versprach gouf absolut net antrëtt, éischter de Géigendeel.

Natierlech huet een schonn nees eng nei Formuléierung zur Hand, fir dat Ganzt schéinzerièden, Dat sinn elo keng Infizéierungen méi- mee villméi Impfduerchbrech. Wat Formuléierungen ugeet ass ee jo ganz flexibel.  

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert