Wéi et engem geléngt Panik um Kachen ze halen.

Wann een sech d´Pandemiessituatioun doruechter ukuckt, muss ee feststellen, dass dat wat elo Millioune Läit sech virgestallt haten, nämlech dass no hirer Impfung d´Welt nees an der Rei wär, sech als falsch erausstellt.Si hunn hier zweet Impfung deelweis nach net emol kritt, gëtt schonn erëm vun enger drëtter  geschwat.An et geséit esou aus wéi wann dat esou soll weider…

12ten Dag

Nodeems gëschter d´Meldung iwwert de Radio gaangen ass, dass zu Stroossbuerg aal Leit stièrwe gelooss ginn, koum haut direkt den Dementi. Dat géif net stömmen, bei hinnen géif och weider aal Läit traitéiert ginn. Esou Moossnamen géifen awer an Italien an op aner Plaazen a Frankräich applizéiert ginn. Et ass berouegend dass dat net zou Stroossbuerg gemaach gëtt, et brauch een jo dann net an Italien oder an aner Géigenden vu Frankräich ze fueren.…

8ten Dag

Am allgemengen dat selwecht Gelaber wéi déi Deeg virdrun. Just am Owend hu mer „Hart aber Fair gekuckt“.Do waren dann erëm Wëssenschaftler, Politiker an dann och eng Infirmière um Plateau. Dat wat do erauskoum bestätegt dat wat ech gesot hunn.  Et leeft alles no Computermodeller of. De Wëssenschaftler, e Virolog huet mussen zouginn, dass se do vu Saachen géife schwätzen vun…

1ten Dag

Di deeglech Gedanken an Zäiten vum Virus.  Geeschter Owend si mer an onser aler bekannte Welt schlofe gaangen an sinn de Mueren an enger ganz anerer, onbekannter Welt erwächt.Alles wat bis gëschter um 24.Auer gegollten huet, gelt haut net méi.Et klengt wie e schlechte Witz, mee et ass leider batter Realitéit.Mir, genee wéi déi aner Populatiounen vun onse Nopeschlänner, si vun…