Ech hunn hei e ganz komesche Pabeier vum CHL viru mer leien. En ass vum 22.7.2021/ 12 Auer 42.
Doranner gëtt ewell séit 17 Méint erëm déi éischte Kéier vun enger Erkältungswell geschwat. Natierlech hu mer schonn nees eng Epidemie. Dorënner schéngt et haut net méi ze goen. Et wär eng Epidemie vu Wanter Virussen, eppes dat elo säit annerhallwem Joer net méi bestanen huet. Elo abemol sinn se erëm do. An natierlech wéi een dat jo och vum Coronavirus kennt, gläich am Iwwerfloss. Et gëtt extra ernimmt, dass de Coronavirus fir de Moment kee Problem wär. Mee d’Kannerklinik géif iwwerlafen, wat ëmmer dat och heescht, mat Kanner déi Otemwee’infektiounen hätten.
Ech muss allerdéngs agestoen, dass ech als Kand och alt heiansdo am Summer erkaalt war, esouguer als Erwuessenen. Mir hunn dat bis haut ëmmer eng Summergripp genannt. Mee ech sinn bis haut nach ni wéinst Halswéi oder wéinst engem Schnapp, deen ech och alt am Summer hat, an d’Klinik gaangen.
Dat waren alles Saachen, déi huet een – bis virun der Massepanik – doheem auskuréiert. Mir hunn elo also e ganz neie Phänomen. Mat enger Erkältung muss een ewell an d’Spidol. Wat nach méi schéin ass, dat ass, dass eis Press sech elo op all Halswéi stierzt an dat dann nees als eng Epidemie héichstiliséiert. En intressanten Phänomen. Bis haut hunn ech dat nach ni erlièwt. Mee et steet jo ganz genee do beschriwwen. De Covid ass de Moment kee Problem.
Wann een dann de Covid net huet fir Panik ze schieren, mécht een dat eben mam Halswéi. Well et kann ee jo an der Tëschenzäit Halswéi vun enger déitleger Pandemie net méi ënnerscheeden.
An anscheinend wëssen ons Dokteren och net méi dass d´Covidimpfung näischt mat Halswéi ze doen huet. Soss géifen se net extra betounen, dass keen vun all deene Kanner déi mat Halswéi am Spidol leien, net geimpft wären. Et schéngt och ewell fir Dokteren ëmmer méi schwéier ze ginn, dat eent vun deem aneren ze ënnerscheeden.
Dat ass liicht ze verstoen, well ech verstinn dat alles och net méi.
Dofir ass et och ze verstoen, dass elo abemol Halswéi mat Covidimpfung zesummegeluecht gëtt. Well et gëtt extra ernimmt, dass all déi Patienten déi elo Halswéi hunn net geimpft wären.
Wei een dorunner ka gesinn, ass ewell all Geleeënheet gutt fir d’Vollek zum Impfen ze kréien. Virun allem wann och nach extra ernimmt gëtt dass den Impfenthusiasmuss de Moment e wéineg géif noloossen. Dann ass esou eng Summerepedemie scho ganz höllefräich. Et däerf ee just net vergièssen, dass dat eent näischt mat deem aneren ze dinn huet. Dat ass natierlech schwéier wann een esou an enger Impfeuphorie dran ass an engem dann abemol d’Patienten ausginn.
Mee do hu mer jo d’Press déi engem do eng Hand ka reechen, an déi dat jo och gären mécht. Dass do heiansdo dat eent mat deem aneren duercherneen geworf gëtt, ass da scho verständlech, well och d’Journalisten schéngen den Duerchbléck komplett verluer ze hunn.