Wéi een aus Minus e Plus mecht.

A Frankräich ass de 14ten Juli erëm bal am ale Glanz gefeiert ginn mat enger grousser Militärparad op de “Champs-Élyssées“. Beideem wat a Frankräich op politescher Bün eropzitt, gleewen ech net dass nach laang Feierstemmung herrscht.

Bei ons hunn d´Positivfäll an enger Woch em 5 % zougeholl. Wat net esou gären gesot gëtt, ass- dass een dofir 7.910 Tester méi huet musse maachen wéi déi Woch virdrun, esou dass een an Wierklechkeet bei gläichen Testzuelen praktesch manner positiv Fäll hätt wéi déi Woch virdrun. Duerch den Trick vun 7.910 méi Getester huet een dann elo d´Méiglechkeet ze soen et hätt een 5% méi positiver. 

E bessert Bäispill wéi hei d´Zuelen manipuléiert ginn kann een wierklech net kréien. Eppes méi wei 20% dropgeschloen fir 5% erauszekréien.Wann dat kee Geschäft ass. Wat een net alles mécht fir d´Zuelen an d´Luucht ze dreiwen.

Also a Wierklechkeet wär domadder bewisen dass d´Zuelen net an d´Luucht gaangen sinn, mee villméi erof. Verkaf gëtt dat awer mat der Ausso dass d´Zuelen em 5% geklomme wären. Elo muss een sech d´Fro stellen wat fir en Hannergrond dann des Rechekonschten hunn.

Wöll een an der Zukunft  déi Jonk  un d´Impfen kréien,geet wéi duerch Geeschterhand och elo den Duerchschnëttsalter vun den Erkrankten op 27,9 Joer erof.

Eppes steet  fest, dat ass net einfach esou passéiert, dat huet alles e Sënn. An de Sënn ass ganz offensichtlech d´Zuelen opzebauschen vir politeschen Notzen draus ze zéien. An de politeschen Notzen besteet doranner, déi méi Jonk endlech och dozou ze beweegen sech impfen ze loossen. 

Un dësem Bäispill ass wonnerbar ze gesinn wéi d´Vollek mat  Rechentricken ausgetrickst, hannergaangen a bedrunn gëtt.An déi mannst maachen sech d´Méi dat Ganzt emol nozerechnen.

Gläich op der Säit hannendrun gëtt erklärt wat engem ka passéieren wann een sech net impfe léisst. Natierlech gëtt do China als Virbild geholl. Do soll een elo esouguer net méi an de Supermarché erakommen ouni Impfpass. Bei ville guttgleewegen Lëtzebuerger fällt dat bestëmmt op fruchtbare Buedem.

Et ass schonn intressant déi propagandistesch Mëttelen ze kucken déi hei agesat ginn fir d’Vollek un d’Nol ze kréien.

Kuckt een  déi offiziell Doudeszuelen vun den Impfungen déi vun der EMA kommen, nämlech méi wei 17.000, muss een sech allerhand Froe stellen. Mat wat hu mir et hei eigentlech richteg ze doen. Virun allem wann ee geséit dass d´Impfung géint Schwéngsgripp, bei nëmmen 54 Doudesfäll, op der ganzer Welt, agestallt gouf.

Hei ginn, no offiziellen Zuelen, eleng an Amerika an an der EU, schonn méi wei 28.500 Doudeger gezièlt, a kee Mënsch kéim op d´Iddi dat Ganzt ze stoppen. Dobäi sinn dat nëmmen déi offiziell Doudeszuelen. Wéi een aus Erfahrung weess, sinn des Zuelen meeschtens nach kräfteg friséiert. Wat ass also hei wierklech hannendrun?

Eppes aneschtes fällt ëmmer méi an d´A. Dat ass, dass d´Inflatioun offiziell em déi 2% soll leien. Wann een d´Entwécklung um Maart kuckt muss een allerdéngs feststellen, dass d´Situatioun dobaussen eng ganz aner ass.

Deen Trick fir d´Inflatioun offiziell esou niddereg wéi  méiglech ze halen, huet ganz eleng domadder ze doen, dass soss den Index klömmt an dann eng Indextranche fälleg gëtt.

E Rechentrick deen des Regierung jo elo schonn séit Joren asetzt fir keen Index brauchen auszebezuelen. Esou dass a Wierklechkeet d´Präishaussë em en Villfaches méi héich leien, wéi et offiziell veröffentlecht gëtt. Och hei Fake News.

A Wierklechkeet gëtt ons Geld ëmmer méi séier entwäert an déi mannst mierken eppes dovunner. Wéi dat meescht, leeft och des schläichend Entwäertung komplett am Hannergrond of. Erëm eng Kéier gëtt alles mat Schéimolerei a Storyen verstoppt.Eng Method déi an dëser Regierung zur Héichform opgelaf ass.

Et ass een an den offiziellen Verlautbarungen ganz flexibel ginn. Et huet een ëmmer méi den Androck dass alles esou higebéit gëtt wéi een et fir de Moment brauch an dass d´Wourecht  keng Roll méi spillt.

Et spillt ee  Pippi Langstrumpf, et mécht een sech d´Welt esou wéi een se grad brauch. Dat ass zwar näischt Neies, mee et huet een ëmmer méi den Androck dass nëmmen nach no där Prämiss regéiert gëtt.

An no deem Schema schéngen och déi deeglech Infektiounszuelen ofzelafen, esou wéi een jo  um Ufank vum Artikel kann noempfannen. 

Anscheinend ass et dëser Regierung an der Tëschenzäit komplett egal op dobaussen nach iergend een eppes gleeft oder net. 

Dat geséit een och dorunner, dass nach ëmmer permanenten Covid Alarm ass, dauernd mat neie Varianten ronderëm gehäit  an ëmmer nees d´Geféierlechkeet vun dese Varianten an d´Fënster gestallt gëtt. Analyséiert een dann d´Realitéit, stellt ee ganz séier fest dass dat hannen a fir net stömmt.

Wéi een an der Tëschenzäit jo iwwerall lièse kann, weess een dass een mat engem PCR Test  esou zimmlech alles erausfanne kann , just keng Infektioun!  Komescherweis gëtt dësen Test awer just dofir als Goldstandard vun onser Gesondheetsministesch dohinner gestallt, dat obschonn si jo schonn laang misst wëssen, dass dat alles hannen a vir net stömmt. Et ginn esou guer Geriichtsuerteeler déi dëst ganz genee beleehen. Trotzdeem  gëtt nach ëmmer gemaach wéi wann et all des Tatsaachen net géife ginn.

Ass dat villäicht dofir, well ouni dësen PCR Test ,dee ganz Covid Zirkus zesummebrécht?

Wat nämlech extrem opfällt, ass- dass erëm héchsten Alarmstëmmung gemaach gëtt an der Realitéit awer praktesch keng Doudeger méi ze bekloen sinn. Och leien net méi vill Läit mat Covid Symtomen an de Spideeler an wann een déi positiv Getester vun de wierklech Infizéierten géif ofzéien, géif net méi vill iwwereg bleiwen.

Wann een sech all des Tatsaachen zu Gemitt féiert, muss ee feststellen dass hei d´Vollek ganz schéin un der Nues erëm gefouert gëtt. An nees eng Kéier geséit een, dass hei eng Agenda verfollegt gëtt, am anere Fall géif schonn keen méi vun dëser Pandemie schwätzen. Alles gëtt just nach kënschtlech um Kachen gehalen fir déi Agenda können ze erfëllen.

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert