Wann een sech d´Pandemiessituatioun doruechter ukuckt, muss ee feststellen, dass dat wat elo Millioune Läit sech virgestallt haten, nämlech dass no hirer Impfung d´Welt nees an der Rei wär, sech als falsch erausstellt.Si hunn hier zweet Impfung deelweis nach net emol kritt, gëtt schonn erëm vun enger drëtter geschwat.An et geséit esou aus wéi wann dat esou soll weider goen.
Plazeweis gëtt schonn dovunner geschwat dass et evt. esou wéit kennt kommen, dass dës Prozedure all puer Méint misst widderholl ginn.
Wat ass eigentlech hei lass?
Milliounen Mënschen sinn mat falsche Versprièchungen derzou bruecht ginn sech impfen ze loossen well se der Meenung waren, dann endlech virun deem Virus geschützt ze sinn. Elo stellt sech eraus, dass dat alles Bluff war, jo dass esou guer déi Läit déi geimpft sinn éischter un där neier Variant krank gin wéi Ongeimpfter.Dat bäschte Beispill heifir ass England an Israel wou mindestens 40%vun den Geimpften elo abemol un där neier Variant vum Virus erkranken.Och an anere Länner ass dëse Phänomen festzestellen.
De Luc Montangné Nobelpräisdréier, huet elo an sengem läschte Post ganz kloer drop higewisen, dass des Varianten duerch d´Impfungen géifen ausgeléist ginn. Dat erklärt och firwat esou vill Läit trotz enger vollstänneger Impfung herno abemol de Virus hunn.
E Phänomen deen sech jo och schonn hei zu Lëtzebuerg gewisen huet an eng Onmass Doudeger an den Alters a Fleegeheemer gefuerdert huet.Et ass héchstwarscheinlech och dofir dass deen Thema hei einfach net méi ugeschwat gëtt. Nom Motto, wat net an der Press veröffentlech gëtt, ass net! Oder „Was ich nicht weiss macht mich nicht heiss“.
Mee leider ass et haut net méi wéi nach virun e puer Joer, wou een bal nëmmen op d´lëtzebuergesch Presselandschaft ugewisen war. Haut gëtt et Internet, och wann et verschidde Läit schwéier fällt sech dat anzegestoen.An do göt ee villes gewuer, iwwert dat hei am Land de Mäntelchen soll ausgebreet ginn.Et fällt anscheinend ville Läit ganz schwéier sech däers bewosst ze ginn.
Dass déi ganz Plandemie nach laang net eriwwer ass, och wann een déi Guttgleeweg mat esou Versprièchungen konnt lakkelen, geséit een dorunner dass déi nächst Panikwell grad am gaangen ass unzelafen.Well dee Numm den Inder net extra gefall huet , gouf en vun Indesch Variant op Delta Variant ëmbenannt.
Wann een d´Entwécklung an der Press verfollegt huet, wuesst een- dass dat ganz nëmmen nach eng Saach vun e puer Deeg könnt sinn bis déi Variant zum neien Virustsunamie géif mutéieren.D´Virgoensweis ass nämlech ëmmer déiselwecht. Vir d´eischt gëtt beschwichtecht. An der Press seet deen een oder aneren Spezialist nach, dass een wéinst där Variant elo net a Panik soll verfalen. Dann e puer Deeg drop gëtt d´Situatioun dann als ganz bedreelech duergestallt an scho fänkt den Panik- an Aangschtapparat nees un ze lafen.
Och wann dee Moment d´Infektiounszuelen nach eng ganz aner Sproch schwätzen.Esou louchen d´Positivzuelen den 24ten Juni nach bei 12 Fäll bei 7463 Tester, wat en Taux vun 0,16% duerstellt.
Trotzdeem ass ze mierken dass vun der Santé déi nächst Well virbereet gëtt.Ëmmer erëm gëtt drop higewisen wéi geféierlech déi nei Variant dach wär.Si wär em esou vill méi geféierlech wéi alles wat mer bis elo gesinn hätten.Keen Zweiwel ,d´Panikrad fänkt un ze dréien.Aus dem Ausland ginn dauernd Noriichten iwwert déi nei Variant bruecht, wat en däitlecht Zeechen ass ,dass et och bei ons nees lass geet.
An dat alles- obschonn an der Tëschenzäit de gréissten Deel vun der Populatioun wéinstens eng Kéier geimpft ass.Et muss een sech do onweigerlech d´Fro stellen wat dat ganzt Geimpfts dann iwwerhaapt soll, wa Geimpfter méi Aangscht virun enger Ustièchung mussen hunn wei Ongeimpfter.Do kann jo eppes net stemmen.
Dat sinn natierlech Froen déi bei ons an der Press waméiglech net gestallt ginn. Dat ass eppes wat net an d´lëtzebuergescht Verständnes erapasst.
Wat elo d´Impfen an déi nei Ustièchungen ubelaangt, do wäert engem schonn déi néideg Ausrièden afalen- fir der Populatioun plausibel ze maachen- fir wat se sech dann eigentlech impfe gelooss hunn.Dat sollt dach sinn, dass se immun géint deen Virus wären. Elo stellt dat sech alles als en Trugschloss eraus. Mee wéi gesot, ech si sécher dass do de staatlechen Werbestrategen schonn dat Richtegt wäert afalen fir de Bierger dat Ganzt schlësseg ze erklären.
Doranner huet een jo an der Tëschenzäit vill Übung. Vun do un -wou een d´Werbetrommel fir d´Pharmaindustrie réiert- huet een an deem Beräich allerhand bäigeléiert.Dat si Firmen, déi ginn sech net mat Pinuts zefridden, do mussen scho richteg Werbestrategen erageholl ginn a bei deenen kann een da léieren, wéi een dat muss maachen fir dem Bierger esou zimmlech alles verklickeren ze können.
Dofir däerft dat och guer keen Problem sinn dem geimpften Bierger ze erklären fir wat hièn sech elo nach eng Kéier soll impfe loossen.
Dat Ganzt gëtt eng „Never end Story“.
Well dass dat Ganzt nach laang net um Enn ass, gesäit een dorunner dass d´WHO schonn eng ganz Mass un neien Varianten prett huet.Si hunn anscheinend wëlles elo dat ganzt griichescht Alphabet duerchzegoen.Well zu der Delta Variant kennt elo nach eng Alpha, eng Beta an eng Gamma Variant dozou. Mir hunn also nach allerhand ze erwaarden.
Déi eenzeg déi sech bei där ganzer Saach können an d´Fauscht laachen, sinn d´Pharmagruppen. Hinnen ass et gelongen mat emmererem neie Varianten hiert ganzt Geschäft iwwer Joren um Lafen ze halen.Dee gréisste Coup deen se gelannt hunn ass deen, dass et hinnen gelongen ass déi ganz Staatsapparaten fir hir Werbung anzebannen. Dat heescht, si produzéieren Produkter fir déi se keng Werbung brauchen ze maachen, dat gëtt alles vun de Staaten an de Steierzueler iwwerholl. Zousätzlech sinn hir Produkter scho verkaf, si sinn nach net emol produzéiert!Ausserdeem brauchen se fir Schued, déi duerch hir Produkter entstinn , net opzekommen Och dat iwwerhuele Staaten fir si. Wann dat keen Deal ass.
Elo gëtt erëm e wéineg mam Sargdeckel gerabbelt a schonn rullt den Euro erëm. An dat bäscht ass ,dass d´Staaten dat Sargdeckelgerabbel och nach komplett iwwerhuelen an och nach bezuelen.
Et muss een sech onweigerlech d´Fro stellen wéi laang dee ganzen Zauber do nach soll weider goen. Wann ee Läit wéi den Här Tedross gewäerde léisst, dee jo bäschte Verbindungen zu der Pharmaindustrie huet,wäert dat doten wuel ni méi ophéieren.Méi einfach war nach ni Geld ze verdéngen.
Et geséit aus wéi wann d´Länner ënnert d´Raiber gefall wären. Des Kéier Raiber déi am Kostüm doruechter lafen an sech op offiziellen „Banqué´en“e op d´Schëller klappen.
An iwwerall doruechter mat an de Regierungen sötzen.
Wéi dacks können des Läit dat ganzt Spill do nach weider dreiwen, bis déi Verantwortlech mierken, wat hei eigentlech gespillt gëtt ? Ëmmer de Fall gesat, si wëllen et iwwerhaapt mierken a stièchen net selwer mat hannendrun.
Et muss een jo gesinn, dass des momentan Situatioun zu den Dramvirstellungen vun all Regierung gehéiert.Si kann een esou zimmlech maachen wat se wöllt, ganz seelen gëtt se nach gefrot op dat richteg oder falsch ass, op se legal nom Gesetz verfièrt, oder komplett géint d´Gesetz.
Mir sinn an der Tëschenzäit jo schonn esou wéit, dass Gesetzer un sech jo schonn guer keng Gëltegkeet méi hunn. Et gëtt “ frei nach Schnauze „regéiert.Regierungen ruffen hir Bierger ouni Problem derzou op, sech selwer zum Sheriff ze ernennen, ze denunzéieren a selwer d´Kontrollen ze iwwerhuelen, déi bis elo Staatsaufgaben waren.A kee Mönsch schéngt eppes dobäi ze fannen. Op alle Fall emol hei zu Lëtzebuerg. A Frankräich ass dat allerdéngs scho verschiddenen Senateuren opgefall a déi hunn déiselwecht Froen virum Parlament gestallt .
Wéi kann esou eppes méiglech sinn? Bestin schonn keng Gesetzer méi? Brauchen eis Staatenlenker sech u guer näischt méi ze halen? Stinn si praktesch ausserhalb vun de Gesetzer?
Mir sinn europawäit a reegelrecht Freibeuterstaaten zerfall, an deenen et nach just Gesetzer fir de klenge Mann an déi kleng Fra schéngen ze ginn.Well déi Läit an de Regierungen hu jo schonn laang all Rechtsstaatlechkeet hannerun sech gelooss. Do ginn iwwerall elementaarst Gesetzer ignoréiert a violéiert a kee Mënsch schwätzt méi dovunner. Do sinn féierend Persounen mat Schold un honnerten vun Doudesaffer, awer op Regierungssäit schéngt dat keen ze intresséieren. Geet d´Oppositioun dowéinst op d´Barrikaden, gëtt si duerch de Kakao gezunn an praktesch als Spillverdierwer an Naschtbeschmotzer dohin gestallt.Mee déi Persounen déi dat Ganzt mat verbockt hunn, päschen reegelrecht un hire Still.Net een vun hinnen iwwerhëlt seng Verantwortung an zitt Konsequenzen doraus.
Nee am Géigendeel, si ginn nach vu Matleefer bestäerkt. A wat fir eng Welt si mir am gaangen eranzerëtschen? Sinn des Läit op féierende Positiounen sech iwwerhaapt nach bewosst wat si hei uriichten?
Wann een déi ganz Situatioun, elo no 17 Méint Covid Kris kuckt, muss ee feststellen, dass vun onsem eemolegen Rechtsstaat net méi ganz vill iwwreg bliwwen ass.Mir hunn eng Regierung déi esou zimmlech mécht wat se wëllt. Déi mat allen Tricken schafft an et ëmmer nees färdech bréngt all Kontrollorganer auszeschalten oder stöll ze leeën.
Mir hunn eng Oppositioun, déi zum Deel emol net méi weess op wat fir enger Säit si dann elo schlussendlech steet.A mir hunn e Vollek- dat anscheinend bal nëmme méi aus Schof besteet a wöllelos alles mat sech maache léist, ouni och nëmmen drun ze denken eng Kéier opzemucken an seng Meenung ze soen.Jo, si schéngen emol guer net méi ze mierken wat hei eigentlech ofleeft.Dass d´Zukunft vun deem, op dat mer bis elo esou stolz waren, um Spill steet.
Ech muss agestoen dass ech ons d´Vollek nach ni an esou engem desolaten an hoffnungslosen Zoustand gesinn hunn, wéi no dësen 17 Méint Gehierwäsch.
Wann een dat- wéi ech all Dag verfollegt, bitt sech engem en desastréist Bild. Ech hätt virun 17 Méint ni geduecht, dass esou eppes könnt méiglech sinn. Ech muss haut allerdéngs feststellen, dass elo esou zimmlech alles méiglech schéngt ze ginn.Muss feststellen dass Iwwerwaachung, Gängelung, Erpressung , Ligen a Märercher an der Tëschenzäit zum Alldag gi sinn.Schonn esou zur Normalitéit gehéieren dass dat emol kengem méi schéngt opzefalen.
Wuer huet e prefabrizéierten Virus, zesummen mat enger fein ausgeklügelter Agenda, ons hibruecht?