Esou wéi d´Situatioun am Wuerentransport ewell engem Spiesruddellaaf gläicht, esou zièlt dat selwecht och fir déi esou grouss geluewten Reesfräiheet. Vun deem Privileeg ass esou gutt wéi näischt méi iwwreg bliwwen, wéinstens emol wann ee mam Fliger wëllt verreesen. Wann een och nach villäicht söcher ka sinn mam 3 G op verschidde Platzen können hinzekommen, esou kann een awer guer net söcher sinn och nees esou söcher zeréck ze kommen. Well haut ass et duerchaus méiglech dass d’Konditiounen sech vun engem Moment zum aneren änneren. Dat wat virun enger hallwer Stonn nach gegollten huet, kann déi nächst Stonn schonn verbuede sinn.
Domadder gëtt och eng kuerz Rees iwwert d’Grenz,an d’Nopeschland, wat mir virun der Pandemie praktesch al Dag gemaach hunn, zum onberechenbare Risiko. Esou si mir Sonndes emol kuerz iwwert Grenz bis an Eifel oder bis an den Elsass oder a Loutrengen gefuer.
Dat läscht Joer nach si mer praktesch al Dag während der Wakanzenzäit an d’Verduner Géigend oder bis an d’Champagne gefuer. Och hu mer dacks en Ofstiècher bis an d’Eifel an d’Saarland, an Belsch oder a Loutrengen gemaach. Vun do un wou iwwerall de Green Pass agefouert gouf, konnt een sech dat net méi erlaben, well jidder Polizist dat ewell ganz no sénge Guttdoen auslee´e konnt.
Domadder ass een emol net méi sécher, op een, jee no deem un wièn een bei enger Kontroll geréit, net abemol an engem Hotel ënner Quarantän gestallt gëtt. Op där anerer Säit kann een net méi sécher sinn, dass déi Bestëmmungen déi gëschter nach gëlteg waren dat och nach haut sinn.
D´Reesen ass an der Tëschenzäit, an dat egal mat wat fir engem Reesmëttel, zu enger onberechenbarer Gefor ginn. Eppes dat fir ons Lëtzebuerger, mat engem Land wou een gemittlech an enger Stonn vun engem Enn zum aneren ka fueren, ganz besonnesch an d´Gewiicht fällt.
Mir goufen elo an engem mëttelgrousse Prisong agespaart. Ons ganz Reesfräiheet, op déi mer elo säit dem Ophièwen vun de Grenzen esou houfreg waren an esou gären genotzt hunn, ass vun engem Dag zum aneren net méi do. D’Angscht viru Kontrollen, engem reegelrechten Frièmenhaass, deen ëmmer méi ënnert den Kontrollorganer feststellbar ass, mécht dat haut bal onméiglech.Eleng och schonn doduercher well déi ganz Virschrëften ewell schonn an déi eenzel Landesdeeler fragmentéiert goufen.
Ass een an Däitschland z.B. an Rheinland Pfalz, bestinn do aner Reegelen wéi am direkt ugrenzenden Saarland. An Nordrhein-Westfalen bestinn dann schonn nees aner Konditiounen. Huet een bis virun der Pandemie des Grenzen iwwerschratt, ouni dass et engem emol bewosst gouf, ass dat haut net méi de Fall.
Haut kann et sinn dass een mëtten an Däitschland a Frankräich oder an der Belsch abemol virun engem Polizeibarasch steet an d’Reegelen sech op e puer honnert Meter drastesch verännert hunn an een domadder onbewosst an der Illegalitéit ass.
Dem Polizist, deen do steet, ass dat awer komplett egal. Hièn féiert séin Uerder ouni all Regard aus an dat wat virun 100 Meter nach gezièlt huet ass elo abemol 100 Meter duerno net méi gölteg an esouguer jee nodeem, esou guer eng Strofdot.
All dat ass ewell an onser vereenegter EU ouni Problem méiglech. Covid möcht et méiglech! Eppes wou onsen Ausseminister ëmmer esou grousse Wäert dropgeluecht huet, nämlech offe Grenzen, ass elo abemol op en System zesummegeschrompelt dee staark un de Möttelalter erënnert, wou all Duerf an enger Ringmauer louch a séng eege Reegelen hat, déi mam Passéieren vun de Stadpuerten a Kraaft getruede sinn. Et dauert net méi laang a mir sinn erëm genee op deem Punkt.Den Dram vun all Kontrollfreak.
Wièn erënnert sech net nach un d´Oktroishäisercher déi soss iwwerall an den Uertschaften ze fanne waren. Op aale Fotoen vun der Stad Lëtzebuerg gesäit een se haut nach iwwerall . Lous a lous ginn mer nees zeréck an des Zäit. Un sech Dramvirstellung vun villen riètsextreme Parteien, déi bis viru kuerzem nach an dësen Dramwelten ënnerwee waren- dat Ganzt haut awer vehement bekämpfen.
Et ass just komesch dass dat Ganzt net vun riètsextremen Parteien agefouert gouf, mee just vun deene Parteien, déi ëmmer géint genee dat, zu Feld gezu sinn.Elo hunn si selwer dee System agefouert, deen se bis elo virun 18 Méint nach esou vehement bekämpft hunn.
Wat esou e klenge Virus awer alles kann färdech bréngen.
An nach en anert Konschtstéck hunn eis Spezialisten färdech bruecht, nämlech deen, dass mat ëmmer méi Komplettimpfungen d´Infizéiertenzuelen all Dag méi klammen. Esou goufen göschter 130 Infizéierter festgestallt bei ganzen 3954 Tester. Dat ass en neien Rekord, dat sinn 3,28%.
Wéi sinn esou Zuelen ze erklären?Virun e puer Deeg louche mer nach bei 1,35%. An der Tëschenzäit si schonn nees mindestens 15.000 Läit geimpft ginn an awer klammen Zuelen an engem erschreckenden Ausmooss.
Dann héiert een och nach, dass een Drëttel vun deenen nei Infizéierten Duebel-Geimpfter wären. Wann een weess, wéi volatil ons Gesondheets´Aposttelen mat Zuelen ëmginn ,kann een sech duerchaus virstellen, dass do mindestens d´Halschecht net genannt gouf. Géif jo och e wéineg um Image krazen. An et kann een seng eegen Impfkampagne jo net torpedéieren.Well wann et färdech ass léist, ausser e puer Guttgleeweger, kee Mënsch sech méi impfen, well kee méi de Risiko wëllt agoen krank ze ginn. Et ass schonn eng komesch Situatioun an déi sech eis Impfspezialisten do bruecht hunn. Dat Schlëmmst dat ass, dass se sech esou a Geschichten verstréckt hunn, dass se guer net méi zeréck können.
An deem Zesummenhang könnt et engem da schonn e wéineg bizar fir, wann dann franséisch Nopeschgemengen grouss Erwaardungen un en Kulturevent am Nopeschland setzen, wéi z.B. Esch 2022. Schonn e wéineg komesch, wann déi Läit déi ons Lëtzebuerger systematesch ausspären, well se fäerten vun ons ugestach ze ginn, sech drop freeën vun engem Event bei ons können ze profitéieren.Wann et em ons Geld geet ,schéngen se net esou staark infizéiert ze sinn.